Radioen

On air

  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Verbuet vu Chemiewaffen

International

De Verbuet vu Chemiewaffen

Den Asaz vu chemesche Waffen am Krich ass zanter der Chemiewaffekonventioun vun 1997 vëlkerrechtlech verbueden. Trotzdem geschéien ëmmer erëm Attacken, an dat virun allem op d'Zivilbevëlkerung. Beweisen, wie fir esou en Ugrëff verantwortlech ass, kann ee kaum.

auto_stories

1 min

Et si mëttlerweil iwwer 70 presuméiert Ugrëff mat chemesche Waffen, déi am Biergerkrich a Syrien bis ewell geschitt sinn. D'Zuele vun den Affer variéieren, et gëtt deelweis vun Honnerte Verletzten an Doudesaffer geschwat.

Den éisträichesche Fuerscher Gustav Gressel vum Thinktank European Council on Foreign Relations erkläert am Gespréich, wisou de Gebrauch vu Chemiewaffen sou schwéier anzedämmen ass. Déi chemesch Waffe si vill méi brutal wéi déi konventionell Waffen, an et ass net ëmmer méiglech festzestellen, wien hanner enger presuméierter Attack steet.

Et gëtt zwar eng Chemiewaffekonventioun, déi den Asaz verbitt an den Ofbau vu Chemiewaffe festhält, mee d'Kontroll vun der zoustänneger Organisatioun OPCW erweist sech net ëmmer als einfach. Dacks feelt hinnen den Accès, an d'Hierstellung vun de Chemiewaffe léisst sech relativ einfach verstoppen. De Gustav Gressel erkläert och d'Problemer un der Chemiewaffekonventioun.