Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Wanter vun der Zweedeitegkeet

Zäithistoriker

De Wanter vun der Zweedeitegkeet

Viru genee 80 Joer huet eng nei Phas vum Krich ugefaangen. Den Echec vun der Persounestandsopnam, déi däitsch Nidderlag viru Moskau an d'Entrée vun den USA an de Krich hunn d'Attitüd vun de Lëtzebuerger dem Nazi-Regimm géigeniwwer verschlechtert.

auto_stories

7 min

Den Ingenieur Arthur N., Chef de Service op der ARBED-Belval, war ee vun den éischten an där Schmelz deen der VdB bäigetruede war. An den éischte Méint vun der Occupatioun war e wéinst sengem däitschfrëndlechen Äifer opgefall. Méi wéi iergendeen aneren huet en seng Ekippen ënner Drock gesat, fir d'Krichsproduktioun fir Däitschland ze steigeren.

Den Arthur N. huet sech deemools och ganz vill mat däitschen Offizéieren a Beamten opgehalen, huet fir si Juegten organiséiert - eng vun senge Leidenschaften. Am Dezember 1940, wärend sou engem Evenement, hat en engem Fierschter uvertraut: "Mein lieber K., die Deutschen sind nun einmal hier im Lande und werden nie mehr fortgehen."

Mee am Ufank vum Joer 1942, huet en op eemol eng méi reservéiert Attitüd adoptéiert. En hat verstanen, datt déi däitsch Dominatioun iwwer d'Land vläicht méi kuerz kéint ausfale wéi en am Ufank geduecht hat - a mat dëser Feststellung war den Arthur N. net eleng. Wéi vill anerer huet en e Wee ageschloen deen him nom Krich erlabe géif seng couragéiert Resistenzakte géint de Besatzer gülteg ze maachen.

Verschlechterung vun der Attitüd

D'Verschlechterung vun der Attitüd an der Bevëlkerung dem NS-Regimm géintiwwer ass der Exilregierung net entgaangen. An engem Rapport, deen et no der Personenstandsaufnahme vum Oktober 1941 kritt hat, war Folgendes ze liesen:

"Des fonctionnaires et des Luxembourgeois occupant des postes à responsabilités au sein de l'industrie, tout comme des magistrats, craignant de perdre leur position, s'étaient au début inscrits à la VdB et durent par conséquent en porter l'insigne en public. Quoi qu'il en soit, ils l'ont enlevé il y a quelques semaines, au risque de perdre leurs positions. Des centaines d'entre eux se trouvent maintenant dans des camps de travail à Hermeskeil et Wittlich."

An de Schoule war d'Situatioun änlech. Enn November 1941 hat den däitsche Sicherheitsdient, den SD, zum Beispill iwwer Virfäll am Escher Jongelycée bericht. Vill Schüler haten do opgehalen d'Spéngele vun der VdB oder der Hitlerjugend ze droen. Bei enger Inspektioun war festgestallt ginn, datt 170 Schüler betraff waren. Verschiddener vun hinnen haten sech esouguer, wéi et am Rapport stoung, "schriftlich zur Opposition verpflichtet."

Den Direkter hat déi Schüler doropshin a sengem Büro convoquéiert a si gefrot, ob se bereet wieren hiert Behuelen ze verbesseren. Zwielef hu geäntwert, datt se sech der Stäerkt vun hirem Engagement zu Däitschland net méi sécher wieren an datt si den nationalsozialisteschen Organisatioune just bäigetruede waren, well se dozou gezwonge gi waren.

Verfallserscheinungen an der VdB

D'Lëtzebuerger Bevëlkerung hat sech, zanter dem August 1940, am Allgemengen der neier Uerdnung ënnerworf. Esou Fäll waren also frappant genuch fir niddergeschriwwen ze ginn. Si waren och ëmmer manner vereenzelt. Mee wat den NS-Regimm am meeschte beonrouegt huet, war datt de Verfall och d'VdB betraff huet. An der däitschfrëndlecher Partei ass et ëmmer méi komplizéiert ginn d'Disziplin oprecht ze erhalen.

Vum Wanter 1941-42 un gouf a senge Reien eng steigend Mëssuechtung fir d'Symboler vum NS-Regimm festgestallt. Et ass och ëmmer méi komplizéiert gi Leit ze fannen, déi bereet ware Posten an den Ortsgruppen unzehuelen. Dës Situatioun huet de Kreispropagandaleiter vun Dikrech detailléiert a senge Rapporte vum Ufank vum Joer beschriwwen. An engem vun hinnen, huet en zum Beispill an engem holperegen Däitsch notéiert:

"In der OG Harlingen hat sich die Stimmung für die deutsche Neuordnung und einen endgültigen deutschen Endsieg noch gar nicht gebessert, sondern im Gegenteil verschlimmert, als Beweis dafür gelten [folgende] Gründe. Ein grosser Teil von Stellen der Amtsträger sind bisher noch unbesetzt gewesen und waren bei einer solchen Stimmung auch schwer zu besetzen. Andere welche ihr Amt angenommen hatten, verweigern trotzdem ihre Mitarbeit, ferner wieder andere [...] reichen ganz einfach ihre Entlassung ein. Dann haben wieder verschiedene, welche sich sehr gut bewerteten, [aufgegeben] und wollen ihres Amtes loswerden, mit der unbegründeten Ursache sie hätten allzuviel Arbeit, und hätten keine Zeit dazu, was aber nicht zutrifft. Das Tragen der VdB-Abzeichen nimmt mehr ab, sogar Zellenleiter und die dazu noch Postbeamte sind, tragen dasselbe nicht. Den deutschen Gruss Heil Hitler ! Der wird auch immer weniger gebraucht. Das kommt daher, weil unsere meisten Beamten denselben nicht gebrauchen. [...] S.A. Männer hatten wir auch ein kleiner Teil, aber die Zahl steigert sich nicht, sondern im Gegenteil wollten deren [sic.] schon wieder zurückstehen, mit der Begründung die Ausbildung sei zu schwer. In der H.J. waren wir schon gut gestellt, wenigstens um sich anzumelden, was aber den Dienstbesuch anbelangt, da gibt es sehr viele davon, welche noch nicht ein einziges Mal dabei waren, besonders die Kinder der Volksgenossen welche die Kinderbeihilfe erhalten, oder deren Eltern Geschäftleute sind."

D'VdB hat et vum Ufank am Eislék méi schwéier gehat. Mee Situatioun war am Minett net anescht. Den Alfons P., deen ee vun den äifregste Membere vun der Ortsgruppe Schëffleng war, huet dem Kreisleiter vun Esch, dem Heinrich Diehl, änleches bericht :

"Es ist wirklich schwer Ersatz zu finden, da niemand ein Amt in der [Nationalsozialistischen Volkswohlfahrt] übernehmen will. Dasselbe gilt für den Einsatz von Sammlern für das [Deutsche Rote Kreuz] oder das [Winterhilfswerk]. Setzt man Arbeiter ein, so sagen sie man soll doch die Beamten mit den hohen Gehältern heranziehen. Wie die Erfahrung zeigt, gehen letztere jedoch nur mit Widerwillen an ihre Aufgabe heran, oder gar nicht [...] Es muss unbedingt auf irgendeine Weise durchgegriffen werden. Politische Stimmung : Unruhig ; ich habe das Gefühl fortgesetzter, unterwühlender Hetzarbeit. "

Doppelspill oder Zweedeitegkeet?

Den Ortsgruppenleiter vu Wolz huet och e Verfall vun der Disziplin a vum Engagement vu senge Leit festgestallt an huet sengersäits och verschiddener vun hinne verdächtegt en Doppelspill ze dreiwen. De Blockleiter Johann G. war ee vun deene Membere vun der Ortsgruppe, deem en net méi getraut huet. Dee Bréifdréier war just nach duerch Menacen op sengem Posten anzehalen.

Een aneren, de Josef S. huet den Ortsgruppenleiter vu Wolz wéi "ein grosser Stänkerer und Grossmaul" beschriwwen. "Dessen Einstellung ist so", huet en an engem Rapport preziséiert: "Er ist Blockleiter der VdB, hört dort bestimmt sämtliche Gespräche auf, und bringt sie, eben durch sein Grossmaul, der gegnerischen Partei, die auffallend über alles sehr gut informiert ist, zur Kenntnis." An iwwer e leschte Member vun senger Ortsgruppe huet e Folgendes geschriwwen:

"Heinrich G. ist auch auf der klerikalen Seite, ist politisch sehr schlecht eingestellt, spendet bei [Winterhilfswerk-] Sammlungen, trotz monatlichem Verdienst von mindestens 350 [Reichsmark], im ganzen 20 Pfennige [...] G. erklärte vor Monaten, dass die [Reichsmark] wertlos sei, dass es ihn nicht reize noch viel von diesen Marken zu verdienen [...] Etwas jedoch spricht für G., dass er beim Aufbau der Bewegung seinen eigenen Wagen dem Ortsgruppenleiter mit welchem er persönlich gut Freund ist und nebenbei Nachbar, geliehen hat. G. ist noch in der [Nationalsozialistischen Volkswohlfahrt] tätig."

War dat wierklech e Doppelspill? Oder huet den Heinrich G. net einfach dat gemaach, wat vill anerer wéi hien zu dësem Zäitpunkt gemaach hunn: sech no alle Säiten decken? En huet weder an der Resistenz nach an der Kollaboratioun, mee an der Zweedeitegkeet seng Rettung gesicht.