Radioen

On air

Notturno  |  Tapir! - Gymnopédie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deen, déi oder dat?

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Deen, déi oder dat?

Wat e risege Krokodil! Oder éischter: Wat e risegt Krokodil! Deen, déi oder dat? An de Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch kucken mer eis haut de Genre vu Wierder un.

auto_stories

4 min

D'Caroline Döhmer ass Linguistin a schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch

Simon Larosche: Wourëms geet et dës Kéier?

Caroline Döhmer: Mir kucken eis haut de Genre vu Wierder un. Also e Substantiv huet jo ëmmer e bestëmmte Genre: männlech (Maskulinum), weiblech (Femininum) oder sächlech (Neutrum). Et ass: dee Läffel, déi Forschett, dat Messer.

Ech huelen elo bewosst de staarken Artikel deen/déi/dat, well een do de Genre gutt erkenne kann. Genre heescht an der Linguistik och "Genus". An de Genus ass beim Wuert mat agespäichert an ech ka just a wéinege Fäll de Genre vun engem Wuert viraussoen. Kucke mer emol Flëss: de Rhäin ass Maskulinum, mee d'Donau oder d'Musel si Femininum.

Mee et ass jo awer esou, datt Bezeechnunge fir Männer wéi "Mataarbechter" oder "Mann" dann och männlech sinn a fir Frae weiblech, also eng "Mataarbechterin" an eng "Fra".

Genee, dat ass e gudde Punkt. Mer hunn do Fäll, wou sech Genus a Sexus iwwerschneiden. Also d'Wuert "Mataarbechter" ass do am grammateschen an am biologesche Sënn männlech an d'"Mataarbechterin" a béide Fäll weiblech.

Déi besonnesch Fäll kommen awer elo eréischt.

A wéi eng sinn dat?

Et ginn och Wierder, wou mer méi wéi ee Genre hunn. Wéi bei Krokodil oder Mail. Sees de "wat e risege Krokodil" oder "wat e risegt Krokodil"?

Wat e risegt Krokodil!

Sees du: Ech fannen "déi Mail" net méi oder "de Mail" net méi?

De Mail!

A béide Fäll si béid Forme korrekt (een/eng Mail; deen/dat Krokodil). A well déi grammatesch Kategorie Genus heescht, schwätze mer do vun enger "Genusschwankung".

Wéi kënnt et dann dozou, datt déi Forme schwanken?

Dës Schwankunge betreffen oft Substantiver vu Wierder, déi mer aus anere Sprooche geléint hunn. Wéi eebe bei "Mail".

Am Englesche bréngt dat Wuert elo kee Genus mat, mee wa mer eist d'Franséischt ukucken, dann ass et "un mail", also Maskulinum. Wa mer eis elo awer dat Däitscht ukucken, do ass et "eine Mail", also Femininum. A wat maache mer am Lëtzebuergeschen? Do ginn déi zwee, do schwankt de Genus tëscht Maskulinum a Femininum.

Dat selwecht kënne mer lo och duerchspille beim Krokodil. Do hu mer am Franséischen ...

Le crocodile!

Genee, do ass et Maskulinum an am Däitschen ass et awer "das Krokodil" (Neutrum). Dofir schwankt et am Lëtzebuergeschen bei dësem Wuert tëscht Maskulinum an Neutrum: dee Krokodil oder dat Krokodil. Hei kann et individuell Preferenze ginn, wat d'Leit da meeschtens soen. Mee et kann och virkommen, datt déi selwecht Persounen de Genus wiesselen. Eemol sou an eemol sou.

Ass dat dann ëmmer esou, datt een déi Schwankung op déi aner Sproochen esou zeréckféiere kann?

Nee, net ganz. Dozou zwou Äntwerten: Net all Genusënnerscheed am Franséischen oder Däitsche féiert zu enger Schwankung am Lëtzebuergeschen. Beim Krokodil huet dat gutt geklappt, mee kucke mer lo mol de "Panther". Dat ass am Franséischen "la panthère" (weiblech) - wat jo och gutt bei "eng Kaz" passt - an am Däitschen ass et ...

Der Panther.

Genee, der Panther (Maskulinum). An am Lëtzebuergeschen hu mer awer just männlech: "de Panther", obwuel et am Franséische weiblech ass.

Déi aner Äntwert op d'Fro, wat zu enger Genusschwankung féiere kann, ass den Opbau vum Wuert. Verschidde Wierder kréien e bestëmmte Genus opgrond vun hirer Wuertbildung: Sou sinn all d'Wierder op {-heet} oder {-keet} beispillsweis weiblech. Test dat eng Kéier: déi Schéinheet, déi Krankheet, déi Onsécherheet, déi Bequeemlechkeet, déi Séissegkeet.

Effektiv!

An elo gëtt et spannend. Et gëtt jo eng Schwankung am Lëtzebuergeschen beim Wuert Accident. Et kann ee soen: dat schwéiert Accident oder dee schwéieren Accident.

Ech soen éischter dee schwéieren Accident.

Sécher ass, datt béid Formen am Gebrauch sinn, also se schwanken tëscht Neutrum (dat) a Maskulinum (deen). Maache mer mol den Nopeschsprooochenexercice: Am Franséischen ass et "un accident", also männlech. Am Däitschen hu mer do en anert Wuert: der Unfall, mee och hei wiere mer beim Maskulinum.

A wéi kënnt et elo zu "dat Accident"?

Wa mer eis am Lëtzebuergeschen d'Wierder op "-ent" ukucken (also mat der Aussprooch "änt", wéi een se och am Däitschen hätt), da gesi mer, datt déi Wierder ganz dacks am Neutrum benotzt ginn. Ech zielen der lo mol e puer op a soen och ëmmer den Artikel: dat Reglement, dat Medikament, dat Argument, dat Evenement, dat Instrument, dat Parlament asw.

Eng Ausnam sinn natierlech Wierder, déi sech op Persoune bezéie wéi den Agent, well hei spillt eis d'biologescht Geschlecht nees eran.

Dat heescht, "den Accident" schwankt mat "dat Accident", well Maskulinum éischter der franséischer Virlag entsprécht (un accident) an Neutrum éischter dem Friemwuert op "-ent", also "dat Accident" (wéi bei "dat Argument").

Mir wënschen dir elo e schéine Summer, ouni Accident, well d'Kuriositéite ginn an d'Summerpaus.