Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Boeckner - Lose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neien UNO-Accord fir de Schutz vun de Mierer

Biophilia

Neien UNO-Accord fir de Schutz vun de Mierer

Bis 2030 sollen 30 Prozent vun de Mierer als Schutzzonen ausgewise ginn - dat ass dat grousst Zil vum UNO-Accord iwwer de Schutz vun de Mierer, deen de Weekend zu New York fonnt gouf. Et ass en historeschen Accord, well scho 15 Joer doriwwer diskutéiert gëtt, bis elo ouni Resultat.

auto_stories

2 min

"D'Schëff huet also d'Ufer erreecht." Dee Saz vun der Presidentin vun der UNO-Konferenz, Rena Lee, dee si e Samschdeg, no enger Marathon-Sëtzung vu bal 40 Stonnen, sot, huet an Tëschenzäit den Tour vun der Welt gemaach.

Historeschen Accord

Zanter 2008 wier dat Schëff ënnerwee gewiescht. D'Länner wiere sech bis elo op kenger Biodiversitéits- oder Klimakonferenz eens gewiescht. Aus deem Grond géif vun engem historeschen Accord geschwat ginn. Eng Bezeechnung, mat där och den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg, de Raymond Aendekerk, averstanen ass.

Hie betount, datt et an enger Zäit, an där d'Welt geopolitesch gespléckt ass, et schéi wier ze gesinn, datt Leit kënnen een Accord fannen, fir d'Mierer ze schützen. Bei dem geschützte Mier am Accord handelt et sech ëm déi sougenannten Hochsee.

Et ass een Ozean, deen net ënner eng Wirtschaftszon vun engem Land fält a 60 Prozent vun der Waasseruewerfläch op der Äerd ausmécht. 95 Prozent vum Waasservolume wiere vun dëser Reegelung concernéiert.

Ouni Ozean kee Liewen

Wëssenschaftler schätzen, datt eng zéng Milliounen Aarte vu Liewewiesen an den Ozeane liewen. Dat geet vu mikroskopesch klenge Bakteerie bis hin zu gigantesche Mamendéieren. An déi Biodiversitéit mécht d'Ökosystemer an den Ozeaner esou wichteg, well wann déi gestéiert ass, fält dat Ganzt aus dem Gläichgewiicht. Ouni gesond Ozeaner géif et kee Liewen op eisem Planéit ginn.

Am Zesummenhang mam Klima ass d'Mier dee gréissten CO2 Absorbent a gläichzäiteg och dee gréisste Sauerstoff-Produzent op der Welt.

Leider hëlt déi biologesch Diversitéit am Mier of an zwar esou séier, wéi nach ni. D'Aarte vu Mieresbewunner verschwannen aktuell duebel esou séier wéi déi u Land.

Deep Sea Mining

Dësen Accord wier awer och elo extreem wichteg, wéinst nach enger anerer Problematik, erkläert de Raymond Aendekerk. An zwar wéinst dem Drock op d'Ressourcen um Mieresbuedem, dem sougenannten "Deep Sea Mining".

"Do stinn déi éischt Firme schonn an de Startlächer, maachen Tester, wéi se mat Roboter kënnen um Mieresbuedem, an e puer Dausend Meter Déift verschidde Metaller ofbauen."

Et wier och ganz wichteg, datt den Traité elo wier, fir um Enn kënne Geneemegungen ze ginn. Fir datt déi eenzel Schutz-Projete vum UNO-Accord fir de Schutz vun de Mierer kënnen ulafen, mussen d'Länner elo esou séier wéi méiglech den internationalen Accord ratifizéieren.