Radioen

On air

De Moien  |  Arlo Parks - Black Dog

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi nei Adress, dat schaarft Messer

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Déi nei Adress, dat schaarft Messer

D'Linguistin Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eis eppes iwwer staark a schwaach Artikelen am Lëtzebuergeschen.

auto_stories

3 min

D'Caroline Döhmer ass Linguistin a schafft fir den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Simon Larosche: Dat Theema hate mer jo schonn d'lescht Woch.

Caroline Döhmer: Jo, ganz genee, mee et ass esou spannend, datt ech net an enger Episod fäerdeg gi sinn!

Kanns de d'Haaptpunkten nach eng Kéier kuerz widderhuele wgl.?

Et goung ëm staark a schwaach Artikelen. Also heiansdo soe mer jo: De Kuch ass gutt oder dee Kuch ass gutt. D'Taart ass gutt oder déi Taart ass gutt.

An den Ënnerscheed vun deen/den, déi/d' - dat nenne mer staarken a schwaachen Artikel. Hei ass et den Definitartikel, also de bestëmmten Artikel "deen/déi/dat", deen dann zu "den" oder "d'" ka ginn.

Et goung mer drëm ze weisen, datt mer zwou Formen am Lëtzebuergeschen hunn. Déi schwaach Form ass quasi de Basismodell vum bestëmmten Artikel. D'Messer an d'Forschett. Bei der staarker Form ass den Artikel méi ervirgehuewen: dat Messer an déi Forschett. Wann ech de staarken Artikel elo nach extra betounen, da kritt et eng demonstrativ Funktioun: DAT Messer an DÉI Forschett.

An haut wollts de wat genee uschwätzen?

Déi ganz Saach gëtt elo méi speziell, wann hannerum Artikel en Adjektiv steet.

S: A firwat?

Wa mer en Adjektiv hannendrustoen hunn, dann ass d'Chance méi héich, datt den Artikel staark ass. Ech maachen dat eng Kéier mat engem Beispill. Wat kléngt besser fir dech? D'nei Adress oder déi nei Adress?

Déi nei Adress.

D'schaarft Messer oder dat schaarft Messer?

Dat schaarft Messer.

Du hues also zweemol déi staark Form gewielt. Et gëtt effektiv eng staark Preferenz fir de staarken Artikel, wann en Adjektiv hannendrusteet. Dee muss net extra betount sinn, also net DAT schaarft Messer. Dat spillt vrun allem dann eng Roll, wann de schwaachen Artikel just "d'" ass, also bei Nominativ/Akkusativ vum Neutrum (d'Messer), vum Femininum (d'Forschett) a vum Pluriel (d'Telleren). Dee klengen "d" huet da sou wéineg Substanz, dass een deen éischter selte virun engem Adjektiv trëfft. Et ass dann tendenziell éischter: dat neit Messer, déi nei Forschett, déi nei Telleren.

Beim Dativ vun alle Genera a beim Maskulinum Nom/Akk fënnt een alt och déi schwaach Form virum Adjektiv: den neie Läffel, mat der neier Forschett. Mee hei gëtt et jo och nach e Vokal an der schwaacher Form, deen den Artikel dréit.

Steet den "d'" dann ni virun engem Adjektiv?

Dach, dee kënnt och vir. Intressant gëtt et elo bei spezielle Bezeechnungen. Hei fanne mer duerchaus dee schwaachen Artikel "d'", obwuel och hei en Adjektiv hannerum Artikel steet.

Eegennumm: D'Gëlle Fra, awer: déi gëlle Ketten.

iwwerdroene Sënn: an d'kaalt Waasser sprangen (Fokus, konkreet: an dat kaalt Waasser sprangen ech net!)

fest Ausdréck: d'Rout Luucht oder d'grouss Vakanz (Fokus: déi Rout Luucht ass de Moie schonn net gaang, dat war déi grouss Vakanz, wou mer a Südafrika waren)

Zäitangabe mat "nächst" oder "lescht": d'nächst Woch, d'lescht Joer. Fokus: déi nächst Woch gëtt haart. D'lescht Joer, awer: déi lescht Joren.

bei geografesche Bezeechnungen op -er (déi awer esou gesinn och keng Adjektive sinn, mee ech wëll se an dësem Kontext och uschwätzen): d'Lëtzebuerger Sprooch, d'Steeseler Äerdbier, d'Stater Braderie.

Hei feelt awer nach ganz vill Recherche, fir dës Fäll all genee ze beschreiwen an d'Preferenzen och mat Zuelen erëmzeginn. Mee ech mengen, et si schonn e puer Fuerscher a Fuerscherinnen amgaang, sech dat méi genee unzekucken. Ech hunn haut emol versicht, eng kleng Iwwersiicht iwwer dëst Theema ze ginn.