Erstaunlech ass et, datt Fraen dacks selwer mam neie Bild vum Mann nach net richteg eens ginn. D'Sonja Kmec erzielt, datt et international net vill Studien dozou gëtt. "Ech hu Kolleegen an anere Länner déi soen, datt hir Studentinnen heiansdo och erwaarden, datt si e Mann fannen, dee fir si suergt an deen e gudden Job huet."
Wa Frae wéilte schaffe goen an net d'Haaptlaascht an enger Famill wéilt droen, da missten d'Frae mat der neier Roll vun de Männer eens ginn, grad wa si hir Carrièreswënsch wéilten ëmsetzen.