Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Den Aarteverloscht ass e reelle Problem"

Aktioun vu move.

"Den Aarteverloscht ass e reelle Problem"

"De Réckgang vun den Déieren- a Planzenaarten ass massiv", soe move., déi Jonk am Mouvement écologique. Fir dorobber opmierksam ze maachen, hate si déi lescht Woch virum Forum Geesseknäppchen eng Aktioun, déi de Verloscht u Biodiversitéit symbolesch duerstelle sollt.

auto_stories

3 min

D'Natur gouf während der Aktioun mat engem Netz duergestallt an deem Planzen, Déieren an och Mënsche liewen. Andeems dat Netz no an no zerstéiert gouf, huet d'Equipe vu move. demonstréiert, wéi déi verschidde Planzen- an Déierenaarte vuneneen ofhänken. Wann eng Schlësselaart verschwënnt, verschwanne mat hir nach vill aner Aarten.

Et si virun allem déi kleng Déiere wéi Insekten, déi vum Ausstierwe bedroht sinn. Dat soen déi Jonk vum move. Dat ënnersträichen och verschidden Etüden, déi an deene leschte Jore publizéiert goufen.

Eng Millioun Aarte vum Ausstierwe bedroht

Dorënner de Rapport vum Mee dëst Joer vum Weltbiodiversitéitsrot, an deem 145 Wëssenschaftler aus 50 Länner warnen, datt eng Millioun Aarte vum Ausstierwe bedroht sinn.

An der Etüd vum Entomologesche Veräi vu Krefeld geet donieft ervir, datt bannen deene leschten 30 Joer méi wéi 75 Prozent vun der Biomass vun Insekten zeréckgaangen ass. D'Insekte sti ganz ënnen un der Nahrungskette vun aneren Déieren.

Déi ëmmer méi staark Urbaniséierung, eng net nohalteg Landwirtschaft an eng Liewensmëttelproduktioun, déi ëmmer méi wiisst, géif dës Problematik nach verschlëmmeren. Déi Jonk vum move. schwätzen hei vun enger akuter Kris. "Mir huele villen Insekten an Déieren hire Liewensraum ewech. Och den Asaz vu Pestiziden ass net favorabel fir den Ekosystem," seet den Noé, dee bei move. aktiv ass.

"Et ass un der Zäit, datt sech eppes ännert"

Fir dëser Kris entgéint ze wierken, fuerderen déi Jonk am Mouvement écologique, datt de Sujet zu enger politescher Prioritéit gemaach gëtt an och dono gehandelt gëtt.

"Ech hunn d'Gefill, datt villes, dat am Virfeld vun de Chamber- oder Europawahle versprach gëtt, gëtt net konsequent duerchgezunn", esou de Vincent, deen un der Aktioun déi lescht Woch deelgeholl huet. "Et ass un der Zäit, datt sech eppes ännert."

D'Equipe vu move. setzt sech fir eng nohalteg Landwirtschaft an. Si wéilten net géint d'Bauere schwätzen, de Problem léich an der Politik.

"E grousse Problem ass, datt wann e Bauer hei zu Lëtzebuerg wiisst, kritt en och vum Staat méi Subventiounen."

Foto: move. déi jonk am Mouvement écologique

Et kéint een d'Bauere verstoen. Allerdéngs hätt déi ganz Virgoensweis en Impakt op den Ekosystem. De Vincent nennt an deem Kontext ënner anerem eng grouss Produktioun vun deenen nämmlechte Kulturen op ëmmer méi grousse Flächen an den Asaz vu Planzeschutzmëttel.

Der Natur eng Chance ginn

Mee och als Privatpersoun kann een am Alldag bewosst consomméieren, neie Liewensraum fir d'Insekte schafen an esou zum Erhalt vun der Aartevilfalt bäidroen, seet d'Sophie, dat och bei move aktiv ass.

"Et kann een oppassen, wéini a wou een eppes keeft an net ëmmer méien, mee der Natur eng Chance ginn."

Wann elo näischt géif geschéien, da géif "déi massiv Zerstéierung vun eisen Ekosystemer zu Liewensmëttelknappheete féieren, wat mat ganz grousser Sécherheet zu sozialen Tensiounen an zu engem sech weider verschäerfende Kampf ëm Ressourcë féiere wäert", schreift d'Equipe vu move. op hirem Internet Site.