Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den duebele Perfekt am Lëtzebuergeschen

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Den duebele Perfekt am Lëtzebuergeschen

"Hien hat dat scho gelies gehat" - Den duebele Perfekt am Lëtzebuergeschen ass déi Kuriositéit, ëm déi et hei geet. D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch weess, wat esou besonnesch un dëser Form ass.

auto_stories

3 min

Simon Larosche: Dueble Perfekt - do hunn ech awer guer keng Iddi, wat dat kéint sinn.

Caroline Döhmer: Fänke mer mol lues un. De Perfekt ass einfach de Passé composé, also eng Form wéi "ech hu gefrot" oder "dat ass ofgelaf". Esou wäit kloer?

Jo, mee mam "duebel" muss de eis lo weiderhëllefen.

Et fënnt een och Formen, déi sinn dann net "ech hu gefrot", mee "ech hu gefrot gehat". Oder "dat ass ofgelaf" ass dann "dat ass ofgelaf gewiescht". Ech hunn e Participe passé, deen ech hei einfach verduebelen. An esou entsteet en duebele Perfekt.

Wat ass scho méi e Participe passé?

Also Forme wéi geduecht, giess, verbessert, gefrot, gekuckt.

Esou eng Form wéi "gefrot gehat" gëtt et och am Däitschen (sie hat gefragt gehabt) an do gëtt dat e bëssen ofwäertend och als "Hausfrauenperfekt" betitelt, wat natierlech keng wëssenschaftlech Bezeechnung ass. Et soll e bësse mam Cliché gespillt ginn, datt et zum Substandard gehéiert, an der mëndlecher Sprooch virkënnt an éischter am private Kontext benotzt gëtt.

Ech weess net, ob dir schonn eng Kéier dorop opgepasst hutt, mee am Lëtzebuergeschen ass dee guer net esou seelen, deen duebele Perfekt à la "gefrot gehat".

Eigentlech kann een en iwwerall do fannen, wou et eng zesummegesaten Zäit mat engem Participe passé gëtt. Also beim Verb "froen" ass et all Zäitform, wou "gefrot" dra virkënnt, also beim Passé composé resp. Perfekt "ech hu gefrot", beim Plus-que-parfait "ech hat gefrot" oder och beim Conditionnel passé composé "ech hätt gefrot".

Déi Forme sinn all wonnerbar wéi se sinn, mee heiansdo gëtt dee Participe passé eebe verduebelt, net "gefrot", mee "gefrot gehat": ech hu gefrot gehat, ech hat gefrot gehat, ech hätt gefrot gehat.

Gëtt et dann do en Ënnerscheed an der Bedeitung?

Ech ginn dovun aus, datt déi dat selwecht bedeite wéi den "einfache" Participe passé, mee et ass super interessant, datt déi iwwerhaapt virkommen!

Ech fannen dat genial, wann dat an der Sprooch geschitt: eng Form, déi eng kloer Funktioun huet, déi onproblematesch ass, gëtt elo einfach duerch e weidere Participe passé ergänzt. Et ass schwéier, hei "verstäerkt" ze soen, well ech net mengen, datt dat eent méi an der Vergaangenheet läit wéi dat anert. Oder de Conditionnel méi däitlech sollt gi wéi virdrun. Et ass vläicht éischter eng Form vun "duebel hält besser". Also geschwate Sprooch ass dacks gepräägt vu Pausen a vu Redundanz, well ee sech selwer beim Schwätze widderhëlt. An do halen zwou Forme vläicht besser. Méi ass méi.

Oder spiers du en Ënnerscheed tëschent "ech hat gefrot" an "ech hat gefrot gehat"?

Ech mengen net. Mee "ech hat gefrot gehat" héieren ech elo perséinlech net esou dacks.

Jo, absolut. Ech mengen och net, datt déi "gefrot gehat" super frequent sinn, mee ech sinn elo viru Kuerzem op déi Form gestouss, an elo héieren ech se quasi iwwerall.

Weess de, dat ass, wéi wann s de iergendwéi op e bestëmmten Autosmodell opmierksam gëss (well s de dee wëlls kafen oder eng Reklamm gesinn hues), an op eemol gesäis de en iwwerall doruechter stoen a fueren!

Kennen ech!

Esou geet et mir bësse mat der Sprooch. Well, wann ee gutt nolauschtert, kann ee vill flott Saz-, Wuert- a Lautstrukturen entdecken! Esou laang d'Leit schwätzen a schreiwen, sinn d'Linguiste gutt beschäftegt!

Mir si frou, wann s du eis op déi Saachen opmierksam méchs, a mir freeën eis schonn op déi nächst Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch.