Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Wolf Parade - You're Dreaming

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den El Niño an den ENSO-Phenomeen

Reen a Bou

Den El Niño an den ENSO-Phenomeen

E Zirkulatiounssystem am Mier souwéi och an der Atmosphär am Beräich vum tropesche Pazifik weist an onreegelméissegen Ofstänn ëmmer erëm Anomalien op, déi eng weltwäit Auswierkung kënnen hunn. De Philippe Ernzer huet sech dat Ganzt méi genee ugekuckt.

auto_stories

8 min

De Phiippe Ernzer erkläert d'Phenomeen vum El Niño. Foto: Archiv

Deen een oder anere vun Iech huet sécherlech schonn de Begrëff El Niño oder och El Niña am Kontext zum Wieder oder Klima héieren. Dës zwee Begrëffer beschreiwen awer just zwee vun dräi Phenomeener, déi am direkten Zesummenhang mat der sougenannter Southern Oscillation leien, kuerz ENSO. D'ENSO ass e komplexen Zirkulatiounssystem tëschent der Äerdatmosphär an der Mieresstréimung am equatorialen an tropesche Beräich vum Pazifik. Den El Niño Phenomeen hänkt virun allem mat der Mieresstréimung zesummen, iwwerdeems d'Southern Oscillation oder och nach südlech Oszillatioun méi an der Atmosphär stattfënnt.

Dës südlech Oszillatioun besteet net nëmmen aus dem El Niño an dem El Niña, wat de Géigendeel vum El Niño ass, mee och nach aus enger neutraler Phas, also dem neutralen Zoustand. D'El Ninã gëtt iwwregens och nach dacks als Anti-El-Niño betitelt.

All d'Phenomeener ronderëm d'ENSO weisen Telekonnektiounen op. Ënner Telekonnektioun an der Meteorologie versteet een den Zesummenhang tëschent Wiederprozesser an zwou wäit distanzéierte Géigenden. An dësem Fall huet dat Ganzt z. B en Afloss op déi atlantesch Hurrikansaison oder och nach den indesche Monsun.

Dräi ënnerschiddlech Phasen

Den Numm ENSO setzt sech aus El Niño - Southern Oscillation zesummen a beschreift an éischter Linn déi spontan Verännerung vun de Mieresstréimungen, déi zwar ëmmer erëm virkommen, mee net an engem festen Zäitofstand - se sinn also net zyklesch. Virun allem am Fall vum El Niño kënnt et zu méi waarme Mieresuewerflächentemperaturen, duerch déi d'peruanesch Fëscher finanziell Verloschter maachen. Et si während dëse Phasen net sou vill Fësch ënnerwee. D'Southern Oscillation bezitt sech op d'Verhältnisser, déi souwuel am Mier, wéi och meteorologesch gemooss kënne ginn, duerch déi een tëschent den neutrale Phasen, de positive Phasen (El Niño) an den negative Phasen (El Niña) ënnerscheede kann.

Wéi gesinn déi dräi Phasen a Wierklechkeet aus? Wéi gesot, spillt sech dat ganzt haaptsächlech an der tropescher Géigend vum Pazifik of. An den normale Joren, also ouni Anomalië wéi dem El Niño oder dem El Niña, sinn d'Waasseruewerflächentemperature mat bis zu 28 Grad virun de Küste vun Indonesien e gutt Stéck méi héich, wéi méi wäit am Oste virun der Küst vu Südamerika, wou d'Mieresuewerfläch ongeféier 24 Grad waarm ass. De Grond, datt et do méi kill ass, ass deen, datt duerch dat sougenannt "Opdriffsgebitt" dat méi killt Waasser aus den ënneschte Schichten a Richtung Uewerfläch gedriwwe gëtt.

Ënnerstëtzt gëtt dat Ganzt vum equatorialen Ostwand, deen d'Waasser nach méi widder dës Opdriffsgebitter dréckt an de Virgank verstäerkt. E groussen Deel vun de kille Mieresstréimunge kommen doduerch zustanen, si ginn och nach Humboldt-Stroum a Südpazifikstroum genannt. Den Humboldt Stroum gouf dem däitschen Naturfuerscher Alexander von Humboldt no benannt a fléisst vun der Antarktis laanscht d'Küste vu Südamerika riicht a Richtung Norden. De Südequatorialstroum existéiert am Pazifik, Atlantik an och am Indeschen Ozean an ass op de meeschte Plazen eng permanent waarm Mieresstréimung. Am Pazifik gëtt et awer den Ënnerscheed, datt se sech aus dem kalen Humboldtstroum zesummesetzt. Dëse fléisst, duerch d'Dréibeweegung vun der Äerd, laanscht den Äquator a Richtung Westen a sou och op Australien a Südostasien duer.

En Impakt op d'Fëscherei

Zeréck bei d'Opdriffsgebitter. Déif am Mier ginn et vill a wäertvoll Nährstoffer, déi zesumme mam méi kille Waasser no uewe gedriwwe ginn. Doduerch kënnt et virun allem laanscht Südamerika zu ganz gudde Konditioune fir d'Fëscherei. Duerch de staarken equatorialen Ostwand ass de Mieresspigel un der Westküst vu Südamerika bis ëm en hallwe Meter méi niddreg, wéi un der Ostküst vun Australien oder Indonesien. D'Waasser, wat also am Oste feelt, gëtt an de Weste gedréckt.

Duerch déi héich Waasseruewerflächentemperatur am Westpazifik an d'Verdonstung vum Waasser duerch d'Sonnenastralung gëtt vill Loftfiichtegkeet fräigesat. Dës fiicht Loftmasse steigen op grousser Fläch an den Himmel, sou datt sech en Déifdrockgebitt forméiere kann, meeschtens am Beräich vun Indonesien. D'Loft, déi opsteigt, gëtt vu Norden no Süden, also meridional, souwéi och zonal, also vu Westen no Oste laanscht den Äquator, oftransportéiert.

Den Transport vun Nord no Süd gëtt vun der Hadley-Zell ënnerstëtzt, also enger Loftzirkulatioun an der Südost-Passatwandzon tëschent dem Äquator an dem 30. Breedegrad. Den zonalen Transport, also laanscht den Äquator, kënnt duerch déi sougenannt Walker-Zirkulatioun zustanen. Dës Zirkulatioun entsteet doraus, datt d'Loftstréimung virun der Küst vu Südamerika erofgedréckt gëtt, iwwerdeems se iwwer dem Westpazifik virun der Küst vun Indonesien erëm opsteigt. Um Buedem entsteet eng westlech Stréimung, wäit uewen un der Tropopaus eng ëstlech.

Wolleke forméiere sech net esou gutt

Iwwer dem ëstleche Pazifik besteet zu den neutralen Zäiten dacks héije Loftdrock. Bei engem Héichdrockgebitt stréimt d'Loft no ënnen, wouduerch sech net méi sou gutt Wolleke forméiere kënnen. Sinn der do, da fale se dacks och einfach a sech zesummen. An dësem Fall kënnt et an dësem Gebitt also éischter net zu Nidderschléi, wouduerch e staarke Kontrast tëschent der Küst vun Indonesien an där vu Südamerika entsteet. Déi Loft, déi am Héichdrockgebitt no ënne gedréckt gëtt, fléisst iwwer d'Mier zeréck an d'Déifdrockgebitt iwwer Indonesien.

Zesummegefaasst gesot besteet während der neutraler Phas iwwer dem Westen, also Indonesien, déiwe Loftdrock. Do reent et ëmmer erëm, virun allem well do duerch déi héich Mieresuewerflächentemperaturen ëmmer erëm gréisser Waassermasse verdonsten a sou den déiwe Loftdrock oprechterhalen. Iwwer dem Osten, also a Richtung Küst vu Südamerika, fält d'Loft erëm no ënnen, et forméiere sech sou gutt wéi keng Wolleken an et ass dréchen. Duerch dëst bestännegt Héichdrockwieder kënne sech wüstenaarteg an extrem dréche Landstrécher forméieren.

Wéi gesäit et beim El Niño aus?

Bei engem El Niño, deen an onreegelméissegen Ofstänn all dräi bis siwe Joer virkënnt, gesäit d'Gesamtbild aneschters aus. Den Ënnerscheed vun der Loftdrockverdeelung tëschent dem ëstlechen an dem westleche Pazifik gëtt däitlech méi kleng an dréit sech souguer ëm. De Loftdrock virun der Küst vu Südamerika ass also, anescht wéi bei der neutraler Phas, méi niddreg wéi virun der Küst vun Australien oder Indonesien.

De Passatwand, also de Wandstroum, dee vum Héich a Richtung Déif zitt, huet net méi sou vill Aarbecht, well kee sou e groussen Ausgläich vun de Loftdrockgéigesätz méi néideg ass. Wann de Passatwand net méi sou present ass oder och iwwerhaapt net, gëtt och kee waarmt Waasser méi vun der Uewerfläch vum Osten an de Westen transportéiert an d'Temperaturënnerscheeder un der Uewerfläch gi generell méi kleng.

Duerch déi méi héich Waasseruewerflächentemperaturen un der Küst vu Südamerika klëmmt de Mieresspigel. D'Zoufuer vum nährstoffräiche méi kille Waasser aus der Déift gëtt et net méi, sou datt och d'Zuel vun de Fësch un den Ostküsten zeréckgeet. D'Fëscherei spillt eng grouss Roll, well den El Niño Phenomeen fir d'alleréischte Kéier vu peruanesche Fëscher entdeckt gouf. Während dëse Jore konnte ronderëm d'Chrëschtzäit net sou vill Fësch gefaange ginn. Duerch d'Joreszäit krut de Phenomeen och den Numm El Niño, wat iwwersat Chrëschtkand heescht.

Déiwe Loftdrock mat vill Reen dominéiert also d'Westküst vu Südamerika, iwwerdeems et un de Küsten am Westpazifik zu ausgedréchenten a wüstenähnleche Landschafte kënnt.

El Niño fuerdert och Mënscheliewen

Duerch den El Niño si géint Enn vum 19. Joerhonnert a China, Brasilien an Indien am Ganzen tëschent 30 a 50 Millioune Leit duerch d'Auswierkunge gestuerwen. De Grond: extrem Dréchent a kee Reen. Och op anere Plazen op der Äerd mécht et sech bemierkbar. An El Niño aktive Jore kënnt et an Nordamerika souwéi och bei eis an Europa zu méi strenge Wanteren. De Wëssenschaftler no soll z. B de kalen a schnéiräiche Wanter vun 2009/2010 enk mam Phenomeen zesummenhänken. Och a Südafrika kann et doduerch zu staarken Dréchente kommen, iwwerdeems iwwer dem äussersten Oste vum Kontinent extrem Reequantitéiten nidder ginn, déi ganz Dierfer zerstéieren.

Da gëtt et och nach den El Niña-Phenomeen, wat eng Verstäerkung vun der normaler Phas vum ENSO, also der El Niño Southern Oscillation duerstellt. Meeschtens triede se direkt no engem El Niño op. D'Déifdrockgebitt iwwer Indonesien ass däitlech méi staark, wouduerch de Loftdrockënnerscheed am Géigesaz zum iwwer dem Osten hänkenden Héichdrockgebitt nach méi grouss ass. Wat geschitt? De Wand, deen tëschent den zwee Drockgebitter bléist, also de Passatwand, ass méi staark, well e probéiert, den Drock auszegläichen. An Indonesien gëtt et doduerch nach vill méi Reen an iwwer Peru an och anere Géigenden a Südamerika gëtt et nach méi dréchen, wéi et während enger neutraler ENSO-Phas souwisou schonn ass. Am Joer 2010 huet et iwwer Deeler vu Südostasie sou vill gereent, wéi nach ni zanter Opzeechnungsufank. An Australie koum et deemools am Bundesstaat Queensland an am nërdlechen New South Wales zu extremen Iwwerschwemmungen, déi vun der Fläch hier bal hallef sou grouss ware wéi Bayern. Zur selwechter Zäit gouf et iwwer dem Südweste vun Australien déi stäerksten Dréchent, déi jeemools registréiert gouf.

Fir Nordamerika klëmmt de Risk vun enger erhéichter Unzuel vun Hurrikane markant.