Radioen

On air

De Moien  |  Yves Stein

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Ersatzinfinitiv

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Den Ersatzinfinitiv

D'Linguistin Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eppes iwwer den Ersatzinfinitiv am Lëtzebuergeschen.

auto_stories

4 min

D'Caroline Döhmer ass Linguistin a schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch

Caroline Döhmer: D'Theema vun haut ass den Ersatzinfinitiv, dat sinn ënner anerem Sätz wéi "hien huet däerfe fueren".

Simon Larosche: Dee Saz kléngt lo guer net esou speziell, mee du kanns eis bestëmmt méi erzielen.

Wéi ëmmer stécht alles am Detail an der Grammaire.

Da lee mol lass.

Also nach eng Kéier de Saz "hien huet däerfe fueren". Do hu mer dräi Verben: huet, däerfen, fueren. Hei ass vun all Verbzort eng derbäi: En Hëllefsverb (hunn), e Modalverb (däerfen) an en normaalt Vollverb (fueren). Da kënne mer lo kucken, wéi déi zesummenhänken. Kucke mer dat Ganzt emol vun hannen no vir.

"fueren" ass mäin Inhaltsverb mat der Haaptinformatioun: et gëtt eng Persoun, déi fiert.

Da kënnt eng Modalitéit derbäi mam Modalverb "däerfen": hien däerf fueren.

An dat Ganzt kritt dann eng aner Zäitform duerch d'Hëllefsverb "huet": hien huet däerfe fueren (den "huet" markéiert d'Vergaangenheet).

Dat kléngt awer eigentlech ganz normal bis elo.

Dat wierkt elo vläicht net opfälleg, mee eng zesummegesaten Zäit mat "hunn" (also de Passé composé resp. de Perfekt) fuerdert eigentlech e Participe passé a keen Infinitiv!

Kanns de dat mat engem Beispill erklären?

Maja, ech hunn ëmmer:

schlofen: hien huet geschlof

dreemen: hien huet gedreemt

bezuelen: hien huet bezuelt

Dat ass ëmmer "hunn + Participe passé". An elo kommen ech bei e Modalverb wéi "sollen, däerfen, mussen" an dann ass mäi Participe passé blockéiert an amplaz kënnt einfach en Infinitiv.

A well dat bei de Modalverben esou speziell ass, heescht déi Geschicht Ersatzinfinitiv. Well eng aner Verbform do steet, wéi een am Fong géif erwaarden. Eng aner Bezeechnung ass: IPP, Infinitivus pro participio. Also wéi ech erkläert hunn: en Infinitiv amplaz vun engem Participe. Et ass:

Hien huet kënnen decidéieren. An net: * hien huet gekonnt decidéieren.

Dat geet natierlech och, wa mäin Hëllefsverb "hunn" am Konjunktiv steet, also mat "hätt". Och hei steet en Infinitiv, obwuel bei normale Verben hei e Participe steet.

Si hätt sollen uruffen. An net: * si hätt gesollt uruffen.

Okay, déi Verben hunn also en "Ersatzinfinitiv". Gëtt et soss nach eppes Spezielles?

Jo, dat bescht kënnt am Fong nach. Dat ass nämlech eng richteg Kuriositéit am Lëtzebuergeschen. Bei de Modalverbe fanne mer net just esou Ersatzinfinitiven, mee och Mëschformen, eng Zort mutéierten Infinitiv. Nieft engem Saz wéi "si hätt kënnen uruffen" kann ech och soen: si hätt kéinten uruffen.

Hei ass d'Form "kéinten" eng Mëschform tëschent engem Infinitiv an engem Konjunktiv, se ass invariabel an hannen op "en", also verhält sech wéi en Infinitiv. Déi Formen hunn dacks e Vokalwiessel an deelweis och en "t", wéi mer dat am Konjunktiv fannen: dat kéint klappen.

Wat ginn et nach fir Beispiller?

Also eng opfälleg Mëschform ass de "mussen/missen" wéi bei "du häss missen oppassen". Hei ass den "missen" vill méi heefeg wéi den normalen Infinitiv "mussen". Ech hunn dat an eisem Textkorpus beim ZLS nogesicht an d'Verdeelung ass zimmlech eendeiteg:

131: huet mussen xxx (Bsp.: de Besuch huet mussen heemgoen)

2.953: huet missen xxx (Bsp.: hien huet misse grinsen)

Et fënnt een immens vill där Mëschforme bei de Modalverben, grad wann d'Form "hätt" benotzt gëtt.

hien hätt sollten uruffen

si hätt dierfte matmaachen

hatt hätt wéilte matkommen

An dat ass speziell Lëtzebuergesch?

Ganz genee. Et gëtt eenzel Dialekter an Däitschland, déi dat och opweisen, mee et ass e Phenomeen, dee bis elo kaum beschriwwen ass, dofir ass et relativ schwéier, eppes iwwer d'Verdeelung ze soen. Am Lëtzebuergesche gëtt et awer en däitleche System.

Dat war zwar ganz schéi komplex haut, mee och ganz intressant. Da soe mer der merci, Caroline, an da bis d'nächst Woch.