Den Heinz-Christian Strache beklot sech doriwwer, datt Politiker a Parteie perséinlech attackéiert ginn, datt Onwourechte gezielt an diffaméiert géife ginn. Ironescherweis huet de Chef vun der rietspopulistescher FPÖ sech genee op där Plattform beschwéiert, op där dëst am meeschte geschitt: Op Facebook.
Et kann ee vun der FPÖ, hirem Parteichef oder och dem Spëtzekandidat fir d'Amt vum éisträichesche Bundespresident halen, wat ee wëll - ganz Onrecht huet de Strache mat senger Kritik um "moderne Wahlkampf" net.
Vum Centre Culturel op Facebook
De politesche Wahlkampf huet sech ouni Zweiwel verännert. Wann een d'Auer zréckdréint, dann ass Wahlkampf: Plakater nieft der Strooss, Diskussiounsronnen am Centre Culturel mat Vertrieder vun alle Parteien. Een Austausch, souzesoen, an deem all Partei an all Kandidat probéiert, de Wieler mat Argumenter op seng Säit ze zéien.
Dat ass vläicht eng romantesch Virstellung, mee ganz falsch ass se net. Dat Wichtegst um Wahlkampf ass dach, datt all Meenung Plaz huet, fir datt de Wieler an engem Ëmfeld vun Transparenz an Informatiounssymetrie ka fir sech eng Decisioun treffen.
Am moderne Wahlkampf ass dës wichtegste Qualitéit verschwonnen. Virun allem an der neier Wahlkampf-Arena, dem Internet. Den Internet ass nach ëmmer fir vill Léit e fräie Raum, mat Anonymitéit a Stroffräiheet. Datt an deem Raum Haass ee Ventil fënnt, schéngt eng logesch Konsequenz ze sinn.
Fake Accounts, fake News
Mee am Internet ka vill méi manipuléiert ginn, wei beim klassesche Wahlkampf. Déi méi jonk Generatiounen, déi mam Internet opgewuess ass, wëssen dat ... Salopp gesot: Dat éischt Resultat op Google ass net forcement d'Wourecht, mee d'Resultat vun engem Algorithmus, deen duerchaus duerch Bezuele ka beaflosst ginn.
Deen ale Sproch "gleef kenger Statistik, déi's du net selwer gefälscht hues" - kritt an der Internet-Arena ëmmer méi Bedeitung. Als Beispill: Den Donald Trump huet bei Twitter 12,5 Millioune Followers. Dem Magazin "Spektrum" no ginn et dovu fënnef Millioune Mënsche guer net. Et si fake Accounts. An dës fake Accounts bombardéieren d'Twitter-Newsfeeds mat automatiséierten an dacks falschen Noriichten.
Beim Brexit-Referendum a Groussbritannien hu Wëssenschaftler ähnlech Erkenntnisser gemaach, an och an Éisträich sinn déi sougenannte Meenungsroboteren (op englesch Social Bots) grad ganz aktiv.
Wäit riets läit wäit vir
Dee moderne Wahlkampf ass am Fong eng Fortsetzung vun der Politik, just mat anere Mëttelen. Mee Instrumenter wéi Meenungsrobotere kréien ëmmer méi Gewiicht an den Debatten am Internet a verschafen domat ganz bestëmmten, dacks extremen Themen eng Relevanz, déi net d'Meenungsbild vun där ganzer Gesellschaft erëmginn.
Am Moment huet dat politescht Lager wäit riets vun der Mëtt an der Course ëm déi néi Wahlkampf-Arena d'Nues vir. An de Rescht vum politesche Spektrum? Dee muss oppassen, an deem neien Ëmfeld net de Buedem ënnert de Féiss ze verléieren.
Link: Den Artikel vu Spekturm, mat Zuelen a villen Informatiounen zu Social Bots, a wei d'Wëssenschaft hiren Impakt probéiert ze moossen: http://www.spektrum.de/news/gefaehrden-meinungsroboter-die-demokratie/1426157