Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den RBS, d'Carmen an d'Poetin Anise Koltz

Generatiounen

Den RBS, d'Carmen an d'Poetin Anise Koltz

Vun haut u proposéiere mir bei eis um Radio eng nei Emissioun mam Titel "Generatiounen". Mat dëser Emissioun adresséiert sech de radio 100,7 un aktiv an un eeler Matbierger, déi am Kader vum aktuelle Confinement jo besonnesch op sech oppasse sollen. Et ass eis en Uleies, besonnesch an dëser spezieller Zäit och cibléiert Emissiounen ze offréieren.

auto_stories

4 min

De Service RBS-Center fir Altersfroen

An enger neier Zesummenaarbecht mat engem vun eise Partner, dem Service RBS Center fir Altersfroe proposéiere mir Iech intressante Sujeten an Theemen, déi sech ganz besonnesch u méi eeler Leit adresséieren. Haut awer stelle mir Iech de Center virop emol vir, firwat e steet a wat d'Aufgabe sinn. An dat erkläert wuel am beschten den Alain Brever, Direkter vun der ASBL RBS Center fir Altersfroen. A wann Dir elo Froen oder méi Infoen iwwer de RBS-Center zu Izeg wëllt, da gëllt de Site www.rbs.lu

Lauschterenplay_arrow

E Concert géint d'Eleng sinn

Musek dohi bréngen, wou se soss net hikënnt. Dat ass d'Missioun vun der Fondatioun EME an och besonnesch an dëse schwieregen Zäiten. Fir hir "Concerts contre la Solitude" hu si en nationalen Opruff lancéiert a ganz vill positive Retour kritt. Ganz ënnerschiddlech Museker hu fir si flott Videoe produzéiert, déi esou un Altersheemer a Spideeler verschéckt kënne ginn. Vun haut u mécht d'Sarah Bergdoll vun der Fondatioun EME eis ëmmer méindes, mëttwochs a freides Loscht op de Concert vum Dag.

An haut ass et den Trio Baz, deen um Programm steet. Kucke kënnt Dir dëse Concert online oder och doheem op der Televisioun an zwar um apartTV, disponibel iwwer Eltrona an d'Tëlee vun der Post.

Lauschterenplay_arrow

Ernärung a Klimaschutz

Wéi kënne mir, duerch eng bewosst Ernärung, eppes zum Klimaschutz bäidroen? Duerch e puer kleng Schrëtt kann ee scho vill erreechen. An dofir huet d'Dieteticienne Liz Mersch och e puer konkret Iddien. Déi sollen Iech weisen, wéi een duerch kleng Verännerungen einfach a effikass hëllefe kann, de Klima ze schounen. De Virdeel ass, datt Dir och nach fir Är Gesondheet eppes Guddes maacht. Dir fannt dëse Bäitrag, wéi och all déi aner, op eisem Site 100komma7.lu am Dossier "Wellbeing", wou Dir och nach ganz vill aner nëtzlech a praktesch Informatioune iwwer gesond Ernärung, Rezepter an Übunge fir Achtsamkeetstraining nach emol lauschtere kënnt. "Bewosst gesond": muer geet et hei iwwer vegan Liewensmëttel.

Lauschterenplay_arrow

Aus dem Archiv: D'Schrëftstellerin Anise Koltz

Am September 1993, wéi de radio 100,7 ugefaangen huet mat senden, huet och de Jean Portante ugefaange mat senger Emissioun "Visittekaart". An där Emissioun sinn ënner anerem, mee net nëmmen, Lëtzebuerger Perséinlechkeeten, déi villes erlieft hunn, zu Wuert komm. Déi éischt Perséinlechkeet war d'Anise Koltz. Schrëftstellerin, Dichterin, Grënnerin an Organisatrice vun den Munnerëffer Dichterdeeg. Wat bedeit der Anise Koltz dann iwwerhaapt d'Schreiwen, a wéi leet si sech dobäi un, dat war eng vu ville Froen, déi de Jean Portante hir gestallt huet.

Wann Dir awer méi zu der Anise Koltz wësse wëllt, a wat si vun der Musek oder vu Kriticke gehalen huet, da kënnt Dir dee ganzen Interview an eisem Archiv op https://www.100komma7.lu lauschteren.

Lasuschterenplay_arrow

"L'amour est un oiseau rebelle"

Verschidden Airen aus der Oper "Carmen" kennt jiddwereen. Mëttlerweil si verschidde Melodien esou bekannt, datt ee se päift respektiv summt, esouguer ouni ze wëssen, datt se vun enger Oper vun Enn 19. Joerhonnert kommen. "L'amour est un oiseau rebelle" ass eng vun deene bekanntsten Arien aus der Klassik, déi de Manuel Ribeiro fir de musikaleschen Ament erausgesicht huet.

Lauschterenplay_arrow


Haut ass elo souzesoen d'Première vun eiser neier Emissioun "Generatiounen" a mir wënschen Iech ganz vill Freed derbäi. An wann Dir e Musekswonsch hutt oder Dir eis eppes soe wéilt, oder engem e Bonjour wëllt mat op de Wee ginn, da kënnt Dir dat maachen iwwer eis WhatsApp um 621 44 00 44 oder iwwer den Telefonsrepondeur 44 00 44 123.