Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den "totale" Rausch? Drogen am Zweete Weltkrich

Drogen a Mënschen

Den "totale" Rausch? Drogen am Zweete Weltkrich

Wéi war et fir déi d'Zaldoten am Zweete Weltkrich méiglech, deeglaang ouni Paus ze marschéieren, ouni ze iessen an ouni ze schlofen? Si goufen opgeputscht an ënner Afloss gesat, an deem si vun der Féierung vun der däitscher Wehrmacht dat sougenannten "Wonnermëttel" Pervitin ausgedeelt kritt hunn, eng fréier Form vum haitege Chrystal Metamphetamin.

auto_stories

6 min

"Der Dienst ist stramm und Ihr müsst verstehen, wenn ich späterhin Euch nur alle zwei bis vier Tage schreibe. Heute schreibe ich hauptsächlich um Pervitin. Euer Hein"

Den Hein schreift seng Bréiwer u seng Famill, biet ëmmer nees ëm Pervitin. Den Hein ass keen anere wéi de spéideren däitsche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier Heinrich Böll, dee vun 1939 bis 1945 Zaldot an der däitscher Wehrmacht war.

Medezin, e Wonnermëttel, eng Drog

Wat ass Pervitin? E sougenannt Wonnermëttel, eng Drog mat där Millioune vun Zaldoten am Zweete Weltkrich wäit marschéiere konnten ouni Paus ze maachen an ouni eppes ze iessen, déi Gewaltexzesser, Keelt an Hëtzt ausgehalen hunn an net vill hu misse schlofen.

De Steve Hoegener huet am Film "Heemwéi" den Zaldot Jos gespillt (Foto: Feierblumm Productions)

"Si ass nieft Kaffi, Téi an Tubak agesat ginn, fir bei den Zaldoten d'Middegkeet ze briechen", seet de Steve Hoegener. Den Däitschproff huet um Dréibuch vum Film "Heemwéi" matgeschriwwen an am Lëtzebuerger Film, dee viru 6 Joer bei de Feierblumm Productions erauskomm ass, och selwer d'Roll vum Zaldot Jos gespillt.

Se ass virun allem am Ufank vum Krich agesat ginn, awer och zum Schluss. Mee am Ufank an där Blitzkrichphas ass si un déi Eenheete verdeelt ginn, déi u vorderster Front. Virun allem un déi, déi an där technescher Kombinatioun, déi de Blitzkrich ass, wichteg waren. Kampfpiloten a Panzereenheeten, hunn déi Drog kritt, fir d'Middegkeet ze briechen, sech méi ze fokusséieren a fir och eng gewëssen Aggressivitéit un den Dag ze leeën. Dat war d'Zil."

Pervitin ass näischt aneschters wéi eng méi fréi Form vum haitege Chrystal Metamphetamin. D'Substanz Metamphetamin huet de japanesche Chemiker Nagayoshi Nagai schonn am Joer 1893 synthetiséiert. Vun 1934 un hu sech och déi däitsch Temmler Werke zu Berlin mat der Hierstellung vu Metaphetamin beschäftegt a loossen dräi Joer méi spéit e Patent umellen. 1938 dunn koum de Produit "Pervitin" op de Marché.

Vun der däitscher Féierung verdeelt

Wéi de Krich ugefaangen huet, huet Pervitin un éischter Front matgekämpft. Um Beipackziedel fir Zaldoten huet et geheescht.

"Man nehme höchstens zwei Tabletten. Tagwachen nehmen ein bis zwei Tabletten morgens, Nachtwachen ein bis zwei Tabletten abends, um Schlaflosigkeit zu erhalten; die Wirkungsdauer beträgt mehrere Stunden. Benutzung nur von Fall zu Fall."

D'Zaldote kruten dat "Wonnermëttel" vun der Féierung vun der däitscher Wehrmacht ausgedeelt, an déi woussten, wann och net direkt am Ufank, ëm d'Gefore vun der Drog, seet de Steve Hoegener.

"Si wossten driwwer Bescheed. Am Ufank si se vläicht e bësse méi blauäugesch drun erugaangen. Bon ech sinn och elo kee Militärhistoriker, mee ech mengen, fir d'Oberkommando vun der Wehrmacht war dee kuerzen Effet, deen déi Drog wärend enger Schluecht oder enger militärescher Operatioun konnt hunn, méi wichteg, wéi vläicht längerfristeg Konsequenzen. Zumindest am Ufank. Ech weess awer nach, datt de Reichsärzteführer Leonardo Conti relativ fréi drop opmierksam gemaach huet, datt, wann ech meng Middegkeet just mat där Pëll probéieren ze bekämpfen, dat längerfristeg Konsequenzen huet. A wann een dat massiv mécht, een duerno awer gréisser Ausfäll bei de Mannschaften huet, déi da méi e Problem sinn, wéi dat, wat een am Fong duerch d'Drog gewonnen huet."

Den NS-"Reichsärzteführer" Leonardo Conti huet duerchgesat, datt Pervitin 1941 dem Opium-Gesetz ënnerstallt gouf an d'Drog vun do u just nach ënnert héijen Oplage verschriwwe konnt ginn. Mee zu där Zäit ware vill Zaldote scho kierperlech ofhängeg an hu sech iwwert aner Weeër Pervitin an héije Quantitéite beschaaft, fir sech de Krich méi supportabel ze maachen.

D'Angscht virun der Konfrontatioun bekämpfen

Trotz den negative Konsequenze vu Pervitin, huet d'Mëttel nach bis zum Schluss vum Krich eng Roll gespillt, seet de Steve Hoegener.

"Also och nach zum Schluss beim 'Letzten Aufgebot', dem Volkssturm a wéi d'Hitlerjonge géint d'Panzer geschéckt gi sinn. Déi hunn och Pëllen an de Grapp gedréckt kritt, einfach nëmmen, fir datt d'Angscht virun der Konfrontatioun mam Feind verschwënnt."

Duerch den Heinrich Böll a seng Bréiwer ass de Steve Hoegener wärend sengem Studium op der Universitéit op den Asaz vu Pervitin opmierksam ginn. Am Lycée wier dat, wéi den Zweete Weltkrich behandelt gouf, ni en Thema gewiescht.

Si erliewen op der Gare eng Situatioun, wou d'Realitéit net méi eendeiteg ass: Déi zwee Lëtzebuerger Jos a Fränz (Foto: Feierblumm Productions)

Wärend de Recherchen zum Film "Heemwéi" a wärend den Dréibuchaarbechten hätt den Däitschprofesser Steve Hoegener d'Ausmooss vum Asaz vum Pervitin bei der däitscher Wehrmacht iwwerrascht. Säi Bop hätt him awer och erzielt, datt et Schockela mat Drogen dra gi wieren, zum Beispill fir d'Piloten.

"Mee ech hat dat éischter esou als Randerscheinung wouer geholl. Datt et awer tatsächlech massiv a geziilt agesat ginn ass, fir d'Leeschtung ze steigeren, dat war mir u sech net esou bewosst. Datt et och eng gréisser Roll gespillt huet am Blitzkrich, dat war mir virun der Recherche vum Film guer net op mengem Radar."

Iwwert seng eege Grenze goen

Pervitin huet den Zaldoten am Krich en neit Selbstbewosstsinn ginn, si hu sech méi staark gefillt, sinn aggressiv a kampfbereet ginn a si sinn doduerch och héchstwarscheinlech iwwert hir Grenze gaangen, konnten d'Situatioun net méi niichter aschätzen. Si hunn ënner Afloss vu Pervitin Saache gemaach, zu deene si niichter warscheinlech ni an der Lag gewiescht wieren. A genee dat wier och de Grond gewiescht, wisou een am Film "Heemwéi" eng länger Sequenz iwwer de Pervitin dra brénge wollt.

"Fir datt mir net total an de Klischee verfale vum béisen Däitschen, hu mir déi Drog do mat agebaut. Mir hunn eis gefrot, wat hier Verhalen erkläre kéint an do ass déi Drog eis u sech geleeë komm."

Kee Krich ouni Drogen?

"Op der Gare si mir u sech e bëssen an enger Situatioun, wou d'Realitéit net méi eendeiteg ass," esou nach de Steve Hoegener. Deeglaang Kampfasätz, ugräife mam Wëssen, datt ee vläicht net iwwerlieft, fokusséiert bleiwen an anerer ëmbréngen. E Krich ouni Droge wier schwéier virstellbar.

"Et kritt ee jo bäibruecht 'Bréng keen ëm, klau näischt, maach näischt futti' an op eemol kritt een eng Uniform un an da sinn déi Direktive ganz anerer. 'Maach futti, klau, bréng Leit ëm an du kriss eng Medail, du gëss belount an ech mengen, dat ass just méiglech an deem een deelweis op iergendeng Zort vun Drog zeréck gräift."