Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Trolley-Problem

Prisma

Den Trolley-Problem

Wat passéiert, wann ee sech tëschen zwou schlechte Méiglechkeeten entscheede muss? Wéi geet ee mat engem Dilemma ëm? Den Thomas Koenig kuckt sech e ganz bekannt Dilemma un, deen, elo wou den Tram erëm zu Lëtzebuerg fiert, och d'Fro opwerft, ob eist Land sech net en Departement fir Experimentell Philosophie leeschte kéint.

auto_stories

7 min

Den Thomas Koenig ass Philosoph an huet sech den Trolley-Problem méi genee ugekuckt. Foto: Archiv

De Problem

Stellt Iech emol vir, Dir stitt nieft de Schinne vum Tram, an engem Hang. Op der Héicht vun enger Weich. Riets vun Iech, biergof, leien um éischte Gleis fënnef Leit. Si sinn ugestréckt a kënnen net fort. Dier wësst net wien do läit, Dir wësst och net, wéi déi Leit dohi komm sinn.

Um zweete Gleis läit och eng Persoun, déi och ugestréckt ass, an déi och net fortlafe kann. A wéi bei de Leit vum éischte Gleis, wësst Dir och net, wien et ass, oder wéi si dohi koum.

Foto: CC BY-SA 4.0 Wikimedia / McGeddon

A fir datt dat Ganzt e bësse méi spannend a moralesch erausfuerderend gëtt, gesitt Dir, wéi en Tram de Bierg erof gefuer kënnt. Dir gesitt net, ob een am Tram ass oder net. Dir hutt och keng Méiglechkeet, den Tram un d'Halen ze kréien. A wann Dir guer näischt maacht, da wäert den Tram riichtaus fueren iwwer den éischte Gleis, an déi fënnef Leit, déi do ugestréckt sinn, iwwerrennen. Dir kënnt héchstens d'Weich betätegen, fir den Tram op dat zweete Gleis ze leeden. Da géif just eng Persoun iwwerrannt ginn.

Et gëtt just déi zwou Méiglechkeeten. Dir kënnt den Tram net stoppen, Dir hutt och keng Zäit, fir bis bei d'Leit ze rennen, éier si iwwerrannt ginn. Dat eenzegt, wat Dir maache kënnt, ass d'Weich ëmstellen oder et sinn ze loossen.

Thinking outside the box

An et gëtt e gudde Grond, firwat et keng weider Méiglechkeet gëtt. Et handelt sech heibäi ëm en Dilemma, an zwar an dësem Fall ëm den Trolley-Problem. Dat Wuert Trolley bezeechent en Trams-Won, wéi mir se fréier zu Lëtzebuerg haten.

Wéi bei all guddem Dilemma ass et wichteg, datt een d'Parametere respektéiert. Wann ech zum Beispill soen, datt ech kucken, d'Weich weder ganz op dat eent Gleis, nach op dat anert ze riichten, an der Hoffnung, datt den Tram entgleist, dann hunn ech vläicht eng Léisung fonnt, wéi ech all Mënsch rette kann.

Respektiv - falls Dir vläicht esou gestréckt sidd wéi ech - da frot der Iech vläicht, wat wier, wann dee viischten Deel vum Tram op dat eent Gleis gerode géif an deen hënneschten op dat anert. Dann hätt ee vläicht esouguer d'Chance op eng zimlech onwahrscheinlech mee spektakulär Aart a Weis all Mënsch ze geroden.

Mee dann hunn ech keen Dilemma méi. Dofir, zeréck béi d'Ausgangspositioun. Wat maache mir? Loosse mir den Tram weiderfueren oder leede mir en ëm?

Argumenter

Studien hu gewisen, datt eng Majoritéit vu Leit net géif agräifen. Si géif den Tram weiderfuere loossen. Mee da géife méi Leit stierwen. Wisou ass dat fir de Gros vun de Leit déi besser Léisung? An, wuelverstanen, et handelt sech hei jo ëm en Dilemma, dat heescht, ëm eng Situatioun, wou et a priori keng besser Léisung gëtt, mee wou déi zwou Léisunge quasi gläichwäerteg sinn. An dësem Fall, woen ech emol ze behaapten, si se allen zwou schlecht.

An dobäi kënnt nach, datt wa mir reng no Zuele fueren, datt fënnef Doudeger nach ëmmer méi Leit sinn, déi ee begruewe muss, wéi wann nëmmen ee stierft. Utilitaristesch gesi schéngt d'Fro sech jo dann net ze stellen, et misst een agräifen.

Mee do bedenkt een de Faktor Mënsch net mat. Et geet zwar just ëm zwou Méiglechkeeten hei, mee et gëtt awer nach en drëtte Faktor, nämlech dee vum Agent, also vum Mënsch, deen handelt. A fir vill Leit ass et esou, datt wa si näischt maachen, datt si dann d'Gefill hunn, si wieren net Schold um Doud vun deene fënnef Leit. Wa si als Agent dann awer d'Weich ëmstellen, dann hu si jo aktiv an d'Situatioun agegraff, an da sinn si verantwortlech - oder si empfannen dat mol esou - fir den Doud vun där enger Persoun. An et schéngt, wéi wann d'Scholdgefill méi e grousst Gewiicht hätt wéi d'Gefill, fënnef Leit d'Liewe gerett ze hunn.

Dobäi kann ee sech d'Fro stellen, ob déi Iwwerleeung wierklech eng Iwwerleeung ass. Et ass een an enger Situatioun, fir déi een näischt kann, an et muss een eng Entscheedung treffen, déi een net treffe wëllt. Mee et muss ee se treffen. A wann een decidéiert, näischt ze maachen, geet een dann net just senger Verantwortung aus dem Wee?

Well dat ass jo dat Grausamt hei um Dilemma, et kann ee sech zwar decidéieren net anzegräifen, mee och déi Divisioun ass schonn eng Handlung. Physesch net ze handele bedeit net, datt ee mental net handelt.

Dat weist awer och, datt et fir vill Leit en Ënnerscheed gëtt, ob si aktiv an d'Geschéien agräifen oder passiv d'Saache sech ausspille loossen.

De Problem vum Dokter

Sou, elo wou mir eis bewosst sinn, datt et de psychologeschen Aspekt gëtt, kéinte mir dee jo op der Säit loossen, an eis da reng dorëm këmmeren, wat dann elo moralesch gesinn déi besser Handlung wier. Kéint een, mee dat wier vläicht e bësse simpel.

Ech hu jo bis elo d'Fro esou formuléiert, datt et dorëm gaangen ass, wie mir stierwe solle loossen. Mee wat ass, wann ech se ëmdréien a froen, wien mir rette sollen? Dann ass de psychologeschen Aspekt nees vu Relevanz.

Et gëtt nämlech eng fir eis interessant Variant vum Trolley-Problem, nämlech déi mat Dokteren dran.

Stellt Iech vir, Dir sidd Dokter, an Dir hutt fënnef Patienten, déi all geschwë stierwen, wa si keng Organtransplantatioun kréien. Wa si en neit Organ géife kréien, hätte si aller Wahrscheinlechkeet no en laangt Liewe viru sech. An, oh wéi praktesch, Dir hutt e weidere Patient, dee gesond ass, deen iwwer déi fënnef entspriechend Organer verfüügt, an deen en plus keng Famill a keng Frënn huet. Dat heescht, wann Dir dee Patient opfert, da rett Dir de fënnef anere Leit d'Liewen, an en plus wäert keen traureg sinn, well keen hie vermësse wäert. Legal ass de Fall jo kloer, mee moralesch ass et vläicht net esou einfach. Dierf ee fënnef Leit stierwe loossen, obschonn een eppes maache kéint? A wat ass schonn ee Mënscheliewen am Verglach zu fënnef?

Variatiounen

Am Fall vum Trolley-Problem gëtt et vill Variatiounen. Wat wier, wann zum Beispill déi fënnef Leit um éischte Gleis dout-elle wären? Oder total antipathesch? Oder Är Schwéier-Famill? Oder wann déi Persoun um zweete Gleis Äert Kand wier? Oder den Hitler? Oder e weltberühmte Kënschtler? Oder ech? Wat wier, wann all déi Saachen zesummen antreffe géifen?

An et gëtt natierlech och nach déi wuel bekanntste Variatioun, déi vum fette Mann. Et gëtt an där Variant just ee Gleis, an op deem si fënnef Leit ugestréckt. Dir sidd op enger Bréck iwwer dem Gleis, den Tram rennt nach ëmmer de Bierg erof. A mat Iech op där Bréck ass e Mann, deen esou fett ass, datt hien eleng duerch seng Mass den Tram zum Stoe géif bréngen. Wat maacht Dir? Dréckt Dir hie vun der Bréck? Bon, dat wier eigentlech Mord, dofir wäert hei net all Mënsch de fette Mann ëmbréngen. Mord kann ee jo wuel kaum moralesch vertrieden, och wann een doduerch Liewe rette kann, oder?

Bild: CC BY-NC 3.0 / advocatusatheist.blogspot.com

Mee wat ass, wann de fette Mann deen ass, deen déi fënnef Leit un d'Gleis gestreckt huet, an op der Bréck steet, fir säi Wierk ze bewonneren? Wier d'Situatioun dann eng aner? Wier Mord an deem Fall moralesch nach ëmmer esou verwerflech? A wat géift Dir da maachen?

Hausaufgab

An enger Woch ass d'Grouss Vakanz jo schonn am Gaangen, dofir erlaben ech mir, meng sadistesch Proffen-Oder hei auszeliewen an Iech iwwer de Summer mat deene Froen eleng ze loossen. Dir kënnt jo Är Frënn a Famill domat nerven. Also, géift Dir d'Weich ëmstellen oder net? Oder de fette Mann ëmbréngen oder net? Oder deen ee Patient opferen, oder net?