Radioen

On air

Tockcity  |  Altin Gün - Vallahi Yok

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Digital Zukunft haut erliewen

CeBIT 2017

Digital Zukunft haut erliewen

Lëtzebuerg ass dëst Joer mat enger staarker Präsenz op där weltwäit gréisster Foire fir Informatiounstechnologien CeBIT zu Hannover vertrueden. Fir d'Regierung, a fir Lëtzebuerger Entreprisen, ass d'CeBIT eng Geleeënheet, Promotioun fir Lëtzebuerg ze maachen. Et géif och drëms goen, qualifizéiert Personal unzezéien, konstatéiert de fräie radio100,7 Mataarbechter Steve Clement op der Plaz.

auto_stories

2 min

Ënnert dem Motto "Digitale Zukunft schon heute erleben" stinn dëst Joer op der CeBit zu Hannover ënner anerem d'Sujeten Datesécherheet, kënschtlech Intelligenz, Robotik a virtuell Realitéiten am Mëttelpunkt. Dat wier interessant fir Lëtzebuerg, mengt de Steve Clement. Well genee dës Theme géif Lëtzebuerg ëmmer nees a senge Promotiouns Efforten ervirhiewen.

Lëtzebuerg huet zwee gréisser Stänn op der CeBIT 2017. Am Job & Career Deel géif Digital Luxembourg, vum Wirtschaftsministère, zesumme mat securitymadein.lu, probéieren, nei Talenter op Lëtzebuerg unzezéien, seet de Steve Clement. Dat mat Hëllef vun Entreprise wéi, ënnert anerem, CFL, Post, Paul Wurth oder Docler Holding. Och d'ADEM huet e Stand op der CeBIT, fir Leit ze beroden, déi intresséiert sinn, op Lëtzebuerg schaffen ze kommen.

Lëtzebuerger Start-ups

Am zweeten Deel vum Lëtzebuerger Stand dréint sech alles ronderëm Start-ups. D'Chambre de Commerce ass mat véier Start-ups vertrueden. Dorënner Motion-S, déi d'Spill Games of Roads entworf huet; velocity.lu, eng kënschtlech Intelligenz Gesellschaft, déi probéiert automatesch Gesiichter aus Fotoen z'erkennen; oder nach mindpool.

En Donneschdeg kënnt dann eng gréisser Lëtzebuerger Delegatioun mat ronn 200 Leit a Vetrieder vu 50 Entreprisen op d’CeBIT zu Hannover. Och den Educatiounsminister Claude Meisch an den Aarbechtsminister Nicolas Schmit sollen dann dohinner reesen.

CeBIT: Plattform fir politesch Messagen

Et géif ee vill politesch Messagen dëst Joer op der CeBIT gesinn, stellt de Steve Clement fest. Zum Beispill Pousteren, mat kritesche Messagen iwwert déi amerikanesch Wahlen. D'Partnerland vun der CeBIT ass dëst Kéier Japan. De japanesche Premier Shinzo Abe huet d'Foire zesumme mat der Kanzlerin Angela Merkel opgemaach. Och dat géif fir Diskussioune suergen, well et a Japan nach ëmmer Doudesstrof géif, esou de Steve Clement. D'Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International hätt op der CeBIT géint Japan protestéiert.

Eng grouss Fro dëst Joer bei der CeBIT wier, dem Steve Clement no, déi, a wéi wäit déi kënschtlech Intelligenz an dat politescht Dagesgeschäft agräife géif. Politesch Messagë géifen haut quasi automatesch iwwer Roboteren a sozial Netzwierker placéiert ginn. Och dee berühmte Whistleblower Edward Snowden huet op der CeBIT 20117 nees iwwert eng Live Schaltung geschwat.