Am Gespréich Donato Rotunno

Dem Donato Rotunno seng Karriär als Regisseur huet no sengem Studium ugefaangen an hien huet sech direkt fir Lëtzebuerg bezunnen Theemen interesséiert.

Natasha Ehrmann / cbi

Donato Rotunno
Den Donato Rotunno. Foto: Archiv

Méi spezifesch sinn Immigratioun, d'Fro vun der Roll vun der Politik, multikulturell Gesellschaften an de Lien tëscht der zäitgenëssescher Konscht an dem Film Haaptachse vu senge Filmer. Säin éischte Fiktiounsfilm "in a dark place" huet 2007 de Präis fir bescht artistesch Kontributioun um Lëtzebuerger Filmpräis gewonnen.

Deel 1

1995 huet alles ugefaangen

"Et war relativ naiv 1995 Tarantula ze grënnen. Mir haten einfach Loscht eppes ze maachen, et gouf och eng Platz fir dat auszeprobéieren, dat heescht do brauch een e bëssi Naivitéit, mir haten immens vill Energie, déi ee brauch fir esou eppes unzefänken. Déi huet sech bannent 25 Joer ganz professionaliséiert a verännert, mee se verännert sech permanent. Déi ganz Industriebranche huet sech net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och an Europa organiséiert a professionaliséiert. Mir sinn déi lescht 25 Joer e ganz laange Wee gaangen. Dat gehéiert zum Beruff, dat ee sech reegelméisseg upasse muss, sech informéiere muss, et muss een déi Kuriositéit net verléieren. Du koum awer d'Digitaliséierung, haut geet et nach méi schnell an et gi nei Weeër fir de Kino ze gesinn, ze verkafen an ze verdauen, mam Kino eppes ufänken ze kënnen, op verschiddenen Niveauen, zB verbrauchen déi nei Generatiounen de Kino ganz anescht duerch déi nei Methoden, Computer, Telefon, Handy, dat ass sécher eng kleng Revolutioun bei eis an der Industrie."

Deel 2

Bannent 26 Joer huet d'Filmindustrie vill evoluéiert, net nëmmen um Niveau vun den technesch Moyenen, mee och d'Gesellschaft, d'Distributiounsweeër a Methoden hu changéiert.

Zënterhier huet Tarantula sech diversifizéiert an Tarantula Belsch gegrënnt, fir um internationale Marché Fouss ze faassen.

"Lëtzebuerg war an ass haut nach ze kleng fir eleng ze stoen, eleng ze fonctionéieren, mir brauchen aner Länner aner Co-Produktiounspartner. D'Iddi war vun anere kënnen ze léieren an d'Opportunitéiten ze fanne fir unzefänken. Déi éischt Kooperatioune waren natierlech, well mer an der Belsch zu Louvain-la-Neuve studéiert hunn, mir haten do e klénge Reseau an do gouf et d'Méiglechkeet Suen ze fanne fir Filmer ze produzéieren. Dat huet een zu Lëtzebuerg gebraucht fir sech opzebauen, mir hu geléiert, an iergendwann war et esou wäit, datt mir och hei eng richteg Industrie konnten opbauen, wat haut nach de Fall ass. Wat wichteg ass, als Land existéiere mir relativ horizontal, an der Fiktioun an der Animatioun, am Animatiounsfilm, der VR, der XR existéiere mir breetwénklech um internationale Marché."

Deel 3

DEUX an der Course fir César, Oscar a Golden Globes

Den Ament ass den Drama DEUX vum Realisateur Filipe Meneghetti, dee mat Tarantrula co-produzéiert ass fir d'Golden Globes, d'Cesaren an d'Oscaren nominéiert. Vum Realisateur Filipe Meneghetti a mat Tarantrula co-produzéiert, gëllt de Film als seriöen Oscar Kandidat. Virun allem an der Course fir de César ass DEUX a véier Kategorie selektionéiert. Beschten éischte Film, bescht Actrice fir d'Martine Chevalier an d'Barbara Sukowa, an an der Kategorie beschten originalen Zenario.

Wat fir e Gefill huet een als Produzent wann een international shortlisted ass?

"Ech dierf mech e bësse freeën. Dat ass e schéine Moment an eiser Karriär an eisem Liewen. Dat ännert näischt un der Qualitéit vum Film, mir hu vun Ufank un dodru gegleeft. Et war eng mënschlech wonnerbar Aventure. Mir hate Première um Toronto Filmfestival. De Film huet dowéinst relativ schnell um Marché existéiert. Wat dono sech entwéckelt ass ganz mysteriös, dat kanns de ni wierklech kontrolléieren, do hate mer och keng Strategie. D'Stäerkt vum Film ass d'Mënschlechkeet an d'Stäerkt vum Projet selwer."

Deel 4

Streaming-Plattforme versus Kinossäll

De Film DEUX gëtt a Kinoen an op enger Streamingplattform diffuséiert. Sooner.lu ass eng Streamingplattform, déi de sougenannte Film indépendant fërdert an ee Katalog proposéiert vu 5.000 Filmer, dorënner 300 op Lëtzebuergesch.

"Mat der Filmakademie a mam Filmfong wollte mir eppes Konkretes entwéckelen. Sooner.lu gëtt eis d'Chance Filmer made in a with Luxembourg ze weisen. Dat ass e Schrëtt, dee mer hu misste kréien, fir eis Filmer anescht ze weisen an e neie Public ze erreechen. Dat gehéiert zur ganzer Iwwerleeung, a wéi mer eis Distributiouns-Strategië mussen adaptéieren. Duerch Streaming ass de Retour op de Film méi séier, d'Leit gesinn e wa se wëllen, wou och ëmmer, an d'Reaktioun ass méi eng séier. D'Interaktivitéit tëscht Film a Public ass méi séier. Et fënnt een doduercher méi e breede Public. An de Kino goen ass eng kulturell Aktivitéit, d'Plattform bitt eben eng nei Accessibilitéit, an ass zu Lëtzebuerg am Gaang eppes ze änneren. Ech hoffen net nëmme fir kommerziell Filmer, mee och Filmer, déi Ustéiss zum Denke ginn. Mir freeën eis iwwer de Succès vu Capitani op Netflix, dat ass eppes Wichteges fir d'Karriär vun engem Realisateur, an et ass wichteg fir de Kino an déi ganz Industrie zu Lëtzebuerg weltwäit eng Unerkennung ze kréien."

Deel 5

Méi zum Thema

Chaild
Am Gespréich

Zanter e puer Joer mécht den Adriano Lopes Da Silva Musek, um Ufank nach ënnert dem Numm Adrian, mëttlerweil awer als Chaild. Eng Decisioun, déi och op säi privat Liewen en Effekt hat, sou de Kënschtler am Gespréich.

Gabriela Rapp
Am Gespréich

D'Gabriela Rapp huet d'Cyberworld Awareness and Security Enhancement Services mat opgebaut. Si kennt d'Realitéite fir Kanner a Jugendlecher aus der Cyberwelt an huet déi elo am Buch "Bitte tu was" verschafft.

Net verpassen

  • 23.10. Riicht eraus mam Marc Giorgetti

    RiichtEraus_MarcGiorgetti_horizontal.jpg

    Mam President vum Groupement des Entrepreneurs geet et ëm d'Wunnengskris, déi geplangte Grondsteierreform a säi professionelle Parcours als Bauentrepreneur.

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen