Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dotëscht gëtt et nach vill

Intergeschlechtlechkeet

Dotëscht gëtt et nach vill

Intergeschlechtlech Mënsche kënne biologesch kengem binäre Geschlecht zougeuerdent ginn. Si si biologesch a medezinesch also weder als definitiv weiblech oder männlech ze kategoriséieren. Eng intergeschlechtlech Persoun an eng Mamm vun enger intergeschlechtlecher Persoun schwätzen iwwer sech selwer, medezinesch Agrëff, hir Schoulzäit, d'Gesellschaft an d'Näischt-dierfen-soe geschwat.

auto_stories

10 min

De ganze Bäitrag iwwer Intergeschlechtlechkeet lauschterenplay_arrow

D'Ursula Rosen ass pensionéiert Biologie-Professorin, ass an hirer Ausbildung mam Sujet Intergeschlechtlechkeet a Beréierung komm a si huet en intergeschlechtlecht Meedchen op d'Welt gesat.

"Dat ass elo 27 Joer hir. Interessant war, wéi d'Doktere mir dat matgedeelt hunn. Do war mäi Kand schonn zwou Wochen al an ech wousst net, datt et inter wier."

Op Grond vun aneren Opfällegkeete gouf eng Chromosomenanalyse gemaach. Am Labo wier eraus komm, datt et sech ëm e gesonde Bouf géif handelen.

"Dunn hu si gesot 'Dat kann net sinn'. Du gouf nach eng Kéier Blutt geholl an aus dem Labo koum nees d'Noriicht, datt alles normal wier, 46 XY Chromosomen. An dunn hunn d'Doktere mir et matgedeelt. Ech weess nach wéi ech ganz spontan sot 'testikulär Feminiséierung'. Ech hunn dat deemools ënnerriicht."

Mee alles wat d'Ursula Rosen iwwer inter wousst, war aus de Bicher. Selwer en inter Kand ze kréien, hätt deem ganzen eppes Reales ginn: "Et war och e Schock an deem Moment."

Net driwwer schwätzen

E Schock war et wahrscheinlech och fir dem Thierry Bosman seng Elteren, wéi si an de 70er Jore vun den Doktere matgedeelt hunn, datt hiert Kand inter wier. Hinne gouf gesot, net a mat kengem Mënsch doriwwer ze schwätzen.

Dowéinst wousst och den Thierry Bosman selwer laang net, datt hien inter wier. Hie gouf direkt no senger Gebuert operéiert. "Ech hu mengen Eltere villes virgehäit. Et ass nach net esou laang hir, datt ech ugefaangen hunn, hinnen ze verzeien, well si och op eng Manéier manipuléiert goufen," seet den Thierry Bosman.

An de 70er Joren hätten d'Dokteren d'Operatiounen als eng absolut Necessitéit presentéiert, fir d'Wuelbefanne vum Kand, seng Entwécklung a seng Integratioun an d'Gesellschaft.

Mee och fir d'Elteren, fir datt et fir si net ze komplizéiert ass. Virun allem hu si gesot kritt, datt si mat kengem dierften driwwer schwätzen. "Mir maachen, wéi wann näischt gewiescht wier."

Den Thierry Bosman kämpft fir d'Rechter vun intergeschlechtleche Mënschen

Den Thierry Bosman ass als Bouf an net als Intergeschlechtlech Persoun opgewuess an erzu ginn an huet vill Zäit vu senger Kandheet a Jugend a Spideeler verbruecht. Laang wousst hien net wisou.

1,7 Prozent vun de Mënsche weltwäit sinn inter

Wéi hien opgewuess ass, huet den Thierry Bosmann d'Informatiounen iwwer Intergeschlechtlech Persounen - op franséisch personnes intersexuées - missen an de Bibliothéiken nosichen. Do wier hien awer just op Informatiounen aus der LGBTQI Zeen gestouss. Dat wier e Feeler, well Intergeschlechtlechkeet - intersexuation - hätt näischt mat enger sexueller Orientéierung oder Sexualitéit ze dinn, betounen d'Ursula Rosen an den Thierry Bosman, mee mam Kierper.

Wëssenschaftler ginn dovun aus, datt 1,7 Prozent vun de Mënsche weltwäit intergeschlechtlech sinn.

Medezinesch Agrëffer a Konsequenzen

Nach haut géifen intergeschlechtlech Kanner dacks no der Gebuert operéiert ginn, well si duerch hir Geschlechtsmierkmoler weder eendeiteg engem binäre Geschlecht zougeuerdent kéinte ginn, soen d'Ursula Rosen an den Thierry Bosman.

Den Thierry Bosman huet esouwuel männlech, wéi och weiblecher Geschlechtsmierkmoler. Hien huet sech ville medezineschen Agrëffer ënnerzéien, an dat schonn als Kand. Wisou hien operéiert gouf, krut hien deemools verheemlecht.

Vill Kandheetserënnerunge géife sech nëmmen ëm d'Openthalter an de Spideeler dréien. "No de Schoulvakanze sinn ech zum Beispill Verbänn zeréck an d'Schoul komm. Wéi ech gefrot gouf, wat ech da gemaach hätt, hunn ech misse léien."

D'Ligen an dat net driwwer dierfe schwätzen, esou den Thierry Bosman, wier dat schwéierst fir e Kand, well een als Kand och net géif verstoen, wat géif passéieren.

"Et ass keen do, deen der erkläert, wat geschitt. Also gëtt gelunn. Et ass immens schwéier esou ee gutt Selbstvertrauen opzebauen. Et funktionéiert een net esou, wéi déi aner Kanner an der Schoul. Et ass een ëmmer e Stéck am Hannergrond. D'Schoul ass eng Plaz, wou ee sozialiséiert gëtt. A mir ginn desozialiséiert. Dofir ginn et keng logesch Erklärungen."

"Behuel dech wéi e Mann!"

Sengen Eltere soten d'Dokteren, et wier besser a méi liicht, wa si den Thierry Bosman géife "reparéieren." An zwar andeems hie medezinesch Traitementer kritt, mat Hormoner behandelt an operéiert gëtt. Nëmmen da kéim hie méi no un d'"Normalitéit" - un e Mann - erun.

"Wéi kann ee sech dodran erkennen? Et gëtt een zu eppes gemaach, wat een net ass. Mäi Papp huet mir ëmmer gesot 'Mir hunn dech zum Mann gemaach. Behuel dech dach elo, wéi e Mann.' Mee wéi? Wat heescht dat, e Mann ze sinn a wat mécht e Mann? Fir mech wat dat immens schwiereg, well ech net wousst, wat ech sollt maachen."

Et ass eréischt véier oder fënnef Joer hir, datt sech den Thierry Bosman esou akzeptéiert, wéi hien ass.

E Spigel gouf et ni bei him doheem. Haut kämpft hien dofir, datt d'Rechter vun Intergeschlechtleche Mënschen unerkannt a Kanner net aus ästheteschen, net liewesnoutwenneg Grënn operéiert ginn. Wéi vill kierperlech a psychesch Problemer dat nämlech mat sech brénge kann, ass net virauszegesinn. Och Inter-Persounen aus Lëtzebuerg géifen an der Belsch - nach haut - operéiert ginn, seet den Thierry Bosman. Wéi vill dat der sinn, wier net kloer.

Et gëtt méi wéi just zwee Geschlechter

Der Ursula Rosen gouf no der Gebuert vun hirem Inter Kand och geroden, mat kengem driwwer ze schwätzen. Si huet et trotzdeem hirer beschter Frëndin an hirer Mamm erzielt. Der fréierer Biologie-Professesch gouf allerdéngs, am Géigesaz zu dem Thierry Bosman sengen Elteren, net geroden hiert intergeschlechtlecht Kand, dat dat weiblech Geschlecht zougeuerdent kritt huet, operéieren ze loossen.

"Ech hu mir scho Gedanke gemaach, wat géif passéieren, wa sech an e puer Joer erausstellt, datt déi Zouweisung vu Geschlecht net passt. Wat, wann hatt sech an e puer Joer als Jong identifizéiert? Un dat dotëscht hunn ech guer net geduecht. Datt hatt "inter" géif soen, dat huet schonn eng Zäitche gedauert. Deen "Gender Gap" tëscht Meedchen a Jong hunn ech och fir d'éischt misse verstoen. Mir liewen an enger Gesellschaft, do huet een ëmmer nëmmen d'Wiel tëscht Meedchen a Jong gehat."

Eng falsch Decisioun war et net, soen d'Ursula Rosen an hiert Kand, dat haut 27 Joer al ass.

Intergeschlechtlech Bëbee si perfekt esou, wéi si sinn

Trotzdeem goufen d'Operatiounen zwee mol an hirem Liewen Thema. Eng Kéier an der Spillschoul, wéi aner Kanner hie Duechter gedirängelt hunn a gesot hunn: "Du hues e Penis". Doropshin ass d'Ursula Rosen mat hirem Kand bei eng Doktesch gaangen, déi sech - wéi d'Ursula Rosen gesot kritt huet - mat intergeschlechtleche Kanner gutt géif auskennen..

"Wéi mir bei der Doktesch ukomm sinn, krut ech direkt gesot, datt mir vill ze spéit géife kommen. Mat esou enger grousser Klitoris an ouni Scheed kéint sech meng Duechter net als Meedchen identifizéieren. Mir missten dat direkt operéieren. Si huet mir dat immens plausibel erkläert a mech och ënner Drock gesat."

Doropshi gouf decidéiert d'Klitoris vun hirem Meedchen ze verklengeren, eng Scheed huet et net. Trotzdeem definéiert sech der Ursula Rosen hiert Kand sech selwer als intergeschlechtlech Fra.

"Hatt ass ëmmer méi männlech ginn"

Wéi ass et, wann een an d'Pubertéit kënnt a sech iergendwann verléift? Och d'Thema, ob een eng Famill grënne kann, gëtt iergendwann en Thema. Bei der Ursula Rosen an hirem Meedche war dat de Fall, wéi et 10 Joer al war.

"Iergendwann huet hatt mech gefrot, ob et eng Kéier Kanner kéint hunn. Ech weess, datt ech der éierlecher Äntwert aus dem Wee gaange sinn a gesot hunn 'Kanner hunn, kann eigentlech jiddwereen'. Zu deem Zäitpunkt hunn ech nach versicht, him lues a lues ze soen, datt et Besonneschkeeten huet."

Bei Doktergespréicher wier hiert intergeschlechtlecht Meedchen allerdéngs ëmmer dobäi gewiescht an et hätt och matkritt, datt iwwer hatt geschwat gouf.

Och d'Thema Operatioune koum iergendwann nees ob, wéi hiert Kand an d'Pubertéit koum an ëmmer méi männlech ginn ass. Wéi hatt 13 Joer al war, gouf en IRM gemaach a festgestallt, datt am Bauchraum e voll ausgebilten Hode mat Niewenhode war.

Et hätt een déi männlech Hormoner einfach kéinte stoppen, seet d'Ursula Rosen. "Dat hunn d'Dokteren eis zu deem Zäitpunkt net gesot". Et hätt een einfach kéinten Zäit gewannen, esou datt hiert Kand, dat lues a lues Erwuesse gëtt, sech un de Gedanke kéint gewinnen. "D'Aart a Weis, wéi si do mat eis ëmgaange sinn, war net an der Rei. Dat hätt kéinten anescht lafen an haut leeft dat och aneschters."

Mat knapp 14 Joer krut der Ursula Rosen hiert Kand den Hoden am Bauch ewech operéiert. Haut steet déi mëttlerweil 27 Joer al intergeschlechtlech Fra fest am Liewen, si huet e Beruff, vill Frënn an zanter ville Joren och eng fest Bezéiung zu engem Mann.

Flyeren, déi iwwer Intergeschlechtlechkeet sollen opklären

"Ech hunn iwwerall Narben"

Wann et ëm déi éischt grouss Léift geet, si vill intergeschlechtlech Mënschen onzefridden, seet den Thierry Bosman aus der Belsch.

"Déi jonk Leit leide vill. Déi éischt grouss Léift ass mat ville Konflikter verbonnen. Et traut ee sech net, senge Frënn eppes ze erzielen, also verstoppt ee sech an ass traureg."

Och bei him wier dat esou gewiescht.

"Ech gouf zerstéiert. Ech hunn iwwerall Narben. Ech gouf ëmgewandelt. Verschidde Plazen um Kierper si guer net méi sensibel. Wann ech mat menger Duechter vun 19 Joer iwwer si an hire Frënd schwätzen, kann ech just theoretesch äntweren. Villes hunn ech net erlieft a gespuert. Et feelt eppes."

Et wier schwéier, esou eng Bezéiung ze féieren, seet den Thierry Bosman. Wier hien no der Gebuert net direkt operéiert ginn an hätten d'Dokteren hie sou gelooss, wéi hie war, dann hätt hien en anert Liewe gefouert.

Weiderbildungen a Formatiounen

Fir datt esou Saachen net méi virkommen, misst driwwer geschwat an opgekläert ginn, seet den Thierry Bosman. Hie selwer schafft elo als Hiewann an engem Spidol a gëtt och Weiderbildungen un d'Hiewannen.

Net nëmmen d'Leit aus dem Gesondheetssecteur misste forméiert ginn. Och all d'Acteuren an der Schoul misste sech mam Thema ausernee setzen.

Am Mäerz dëst Joer huet den Institut de Formation de l'éducation nationale (IFEN), zesumme mat der Lëtzebuerger Organisatioun Intersex & Transgender, dem Familljen-Center an dem Centre pour l'égalité de Traitement eng Formatioun iwwer Intergeschlechtlechkeet an der Schoul organiséiert.

Conferenciere waren hei d'Ursula Rosen, den Thierry Bosman, d'Caroline Pull vum Familljenzenter an den Erik Schneider vun der Organisatioun Intersex & Transgender Luxembourg.

All Acteur an der Schoul ass wichteg

Jiddwereen, deen Acteur an der Schoul ass, misst esou Formatioune kréien, seet den Thierry Bosman. Vun den Enseignanten, iwwer d'Medeziner an der Schoul, d'Portieren an d'Sekretären.

Fir datt d'Acteuren an der Schoul an och d'Kanner selwer iwwer d'Thema Bescheed wëssen, misst fréi domat ugefaange ginn, seet d'Ursula Rosen, déi selwer Mamm vun engem intergeschlechtleche Meedchen ass a fréier Biologie an der Schoul ënnerriicht huet. Si wier rose gewiescht, well d'Thema a kenge Bicher virkomm ass. Also huet si hiert eegent Buch fir d'Spillschoul geschriwwen. "Jill ist anders" kann een op dëser Internetsäit fir näischt liesen an eroflueden.

Eng oppen an divers Gesellschaft

D'Ursula Rosen huet dozou och nach Dokumenter fir d'Léierpersonal zesummegestallt, op dat een och gratis Zougang huet.

"Wéi et ausgesäit, sollen déi Dokumenter an e 'Grondschoulkoffer' a Rheinland-Pfalz kommen, mat Material zum Thema Villfalt. Ech freeë mech ëmmer, wann d'Thema opgegraff gëtt."

D'Ursula Rosen huet e Buch iwwer Intergeschlechtlechkeet fir d'Spillschoule geschriwwen

Eng Schoul misst e Raum sinn, an deem net diskriminéiert gëtt an eng Null Toleranz fir Ausgrenzung besteet, esou nach d'Ursula Rosen. Duerch Formatioune fir d'Léierpersonal an d'Acteure ronderëm, déi d'Thema an der Schoul behandelen, kënne mer eng Gesellschaft kréien, déi mat Diversitéit kann ëmgoen.