Radioen

On air

Tockcity  |  Vampire Weekend - Classical

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Doudeg Stëmme schale weider

Zäithistoriker

Doudeg Stëmme schale weider

14 Lëtzebuerger hunn, wärend dem Krich, am mäerderesche Polizei-Reservebatallioun 101 gedéngt. Wéi si sech do beholl hunn, beschäftegt eis Gesellschaft haut ganz besonnesch. Eng Chronik vum Vincent Artuso.

auto_stories

5 min

Am Ufank vun den 1960er Jore gëtt zu Maragole de Flüttist vum lokalen Orchester, wärend der Paus vun engem Concert, ëmbruecht. De Schock ass enorm an dëser Eisebunner-Uertschaft am Süde vum Land. Am Laf vun der Ermëttlung stellt sech eraus, dat dee Mord mat enger däitscher Polizei-Eenheet ze dinn huet, an déi wärend dem Krich och Lëtzebuerger gewüt haten.

Esou fänkt "Concert de Gala" un, e Roman, deen zum Deel op d'Familljegeschicht vum Alphonse Cruchten, sengem Auteur, baséiert. Dat Buch ass nämlech net just e Krimi. Et ass e Roman an deem et och, a virrangeg, ëm Erënnerung geet. Ëm d'Ëmweeër, dee se fënnt fir erauszesickeren wann ee versicht se ze verdrängen oder ze entstellen. Ëm d'Stëmmen vun den Doudeger, déi weider schalen.

Verschidde geschichtlech Sujete schéngen d'Kapazitéit ze hu sech ze imposéieren, egal wéi haart a wéi laang ee versicht se ze ënnerschloen. Genee esou ass et mam Polizei-Reservebattallioun 101, dee vun 1942 bis 1944 am besate Pole 45.000 Judden deportéiert an 38.000 anerer, souwéi eng onbekannten Zuel vu polnesche Resistenzler, erschoss huet.

An deem PRB 101 hunn och 14 Lëtzebuerger Zaldote vun der Fräiwellegekompanie gedéngt. Hir Aktioune sinn ni konsequent beschwat ginn. De Sujet geeschtert zanter Joerzéngten am Kollektivgewëssen. An der lescht ass en awer erëm besonnesch present. Ausser am Cruchten sengem Roman gëtt en och am neie Buch vum Journalist Mil Lorang abordéiert. Zwee jonk Historiker wäerten och muer en Artikel publizéieren, déi d'historesch Debatt erëm kéint opmaachen.

D'Lëtzebuerger an der Kontrovers

De Polizei-Reservebattallioun 101 war an den 1990er Jore mat der Publikatioun vun zwee Bicher erëm un d'Liicht komm: "Ganz normale Männer", vum amerikaneschen Historiker Christopher Browning an "Hitlers willige Vollstrecker", vum amerikanesche Politolog Daniel Goldhagen. Déi zwee hu gewisen, datt d'Männer an dëser Eenheet, keng fanatesch Nazie waren, mee Reservisten am mëttleren Alter, déi vun hirem Offizéier och nach d'Méiglechkeet krit haten, net ze schéissen.

Et gouf also kee gezwongen, onbewaffnet jüddesch Zivilisten ze ermorden. Firwat huet d'Majoritéit vun hinnen dann trotzdeem matgemaach? Aus Komerodschaftsgeescht, huet de Browning geäntwert. Nee, wéinst engem "eliminatoreschen Antisemistismus", deen déif an hirer däitscher Kultur verwuerzelt war, huet de Goldhagen geäntwert. Doropshin ass eng vun de wichtegsten Kontroversen an der Geschichtsschreiwung vum Zweete Weltkrich opgeflaamt.

Déi 14 Lëtzebuerger vum Polizeibattalioun hunn do eng kruzial Roll gespillt. Fir de Browning huet d'Participatioun vun deenen net-Däitschen dem Goldhagen seng Thees invalidéiert. Mee u wat genee haten déi 14 participéiert, hu sech vill Lëtzebuerger gefrot?

Kloer Verstréckung vu Lëtzebuerger

1996 huet de Lucien Blau, am Tageblatt, en éischten Artikel iwwer de Sujet geschriwwen. Fir hien haten déi 14 warscheinlech u Masseschéissereien deelgeholl. Zum selwechten Zäitpunkt huet de Ministère de la Justice de Paul Dostert mat engem Rapport iwwer de Sujet beoptraagt. De Lëtzebuerger Historiker krut Accès zu de selwechte Quelle wéi de Browning an de Goldhagen, nämlech engem Instruktiounsdossier, deen d'Staatsanwaltschaft vun Hamburg an de 1960er Joren opgebaut hat.

Am Dossier waren, ënner anerem, Aussoen, déi eng Mittäterschaft vun de Lëtzebuerger erwäänt hunn. Am Rapport, deen hie schlussendlech ofginn huet, souwéi an engem Artikel, deen am Joer 2000 an d'Hémecht publizéiert gouf, huet den Dostert geschriwwen, datt et elo kloer wier, datt och Lëtzebuerger am Massemord un de Judde verstréckt waren.

Allerdéngs huet hien awer och geschriwwen, datt hie keen Element fonnt hätt, dat eendeiteg géif beweisen, datt ee vun de 14 Lëtzebuerger deemools geschoss hat. Fir d'Regierung war dat d'Haaptsaach. Et ass deemools net drëms gaangen eppes opzedecken, mee sech selwer ze decken. De Parquet huet statuéiert, datt keng Poursuitte méiglech wieren. D'Affär war domadder eng Zäit laang erleedegt.

Nei Dokumenter

Verschidden Auteuren hunn d'Recherche vun der Wourecht awer nach net opginn. De Journalist Mil Lorang widmet de 14 Lëtzebuerger vum PRB 101 e wichtege Kapitel a sengem neie Buch "Luxemburg im Schatten der Shoah". Dat Buch ass zum Deel eng Synthees, déi dem breede Publikum erzielt, wat haut iwwer dat Theema bekannt ass. Et ass awer och eng journalistesch Enquête.

De Lorang konnt fir seng Aarbecht op Dokumenter zeréckgräifen, déi nach keen Auteur bis elo benotzt huet. Zum Beispill en Interview vun aacht Stonne mat engem fréiere Lëtzebuerger Zaldot vum PRB 101 oder déi onverëffentlecht Memoirë vun engem aneren. Selbstverständlech huet sech kee vun hinnen an deene Dokumenter belaascht. Si ginn awer fir d'éischte Kéier zou, datt si méi wéi onbedeelegt Zeie waren.

Kee vun de 14 Lëtzebuerger vum PRB 101 huet d'Méiglechkeet genotzt, net ze schéissen, ënnersträicht de Lorang. Keen huet wärend dëser Period desertéiert. Natierlech hunn d'Iwwerliewender nom Krich behaapt, si hätte keen anere Choix gehat. Wann een awer kuckt, wéi hir Komerode vun der Fräiwëllegekompanie sech beholl hunn, déi an aneren däitschen Eenheeten hu missten déngen, dann ass de Kontrast tragesch.

Et gëtt nach e Flou

Vun de 461 Lëtzebuerger Zaldote sinn der 264, also méi wéi d'Hallschent, am Prisong oder am KZ komm, well si schlussendlech refuséiert haten, déi däitsch Uniform ze droen. 48 hunn d'Gefaangenschaft net iwwerlieft. Déi opriichteg Männer hunn e klore Choix gemaach an d'Konsequenzen assuméiert. D'ongeschriwwe Geschicht vun hire 14 Komerode vum PRB 101 ënnerhält am Géigendeel d'Ambiguitéit.

"[D]as Schweigen und die bewusste Irreführung jener ehemaligen Angehörige der Freiwilligenkompanie, die nachweislich in Mordtruppen agierten, werfen lange Schatten über die Darstellung der Kriegsjahre aus luxemburgischer Sicht", schreift de Mil Lorang: "Warum durften diese Männer nach dem Krieg unbehelligt ihr Leben führen und zum Teil im Staatsdienst Karriere machen?"

An dëser Geschicht gëtt et nach e Flou. Zwee jonk Historiker vum Escher Resistenzmusée, eng Institutioun, déi an de leschte Jore komplett revitaliséiert gouf, hunn awer an d'Tëschenzäit Konkretes entdeckt. Si koumen u komplett nei Quellen; Quellen, déi e vill méi kloert Bild vun der Aktivitéit vun de 14 Lëtzebuerger vum PRB 101 ginn. D'Woxx huet en Artikel mat hiren Erkenntnesser publizéiert. Wat déi zwee fonnt hunn, kéint just eng blann Gesellschaft ignoréieren.