Radioen

On air

De Moien  |  Fabiana Palladino - I Can't Dream Anymore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Non, je ne regrette rien"

Welt-Down-Syndrom-Dag

"Non, je ne regrette rien"

"Mir probéieren eigentlech esou verréckt duerch d'Liewen ze goen, wéi et nëmme geet." Dat seet de Marco Wotipka. Hien ass de Papp vun zwou Duechteren mat enger Behënnerung. Déi eelst, d'Kyra, huet de sougenannten "Down-Syndrom", och nach Trisomie 21 genannt - eng Chromosome-Stéierung.

auto_stories

4 min

"Et ass e Chromosom ze vill, deen iergendwou peche bliwwen ass. Wéinst engem klenge Wutz, bréngt et eis esouvill Problemer eigentlech. An zanter deem sinn et "Wutzekanner" fir eis", seet de d'Marco Wotipka. D'Kyra Wotipka, 26 Joer, huet Trisomie 21. Hir Schwëster Xena ass Autist. Béid Behënnerunge wieren awer am Alldag keen Thema, seet hire Papp, de Marco Wotipka. Wann een net grad Schwieregkeete mat Administratiounen, der Krankekeess an Dokteren hätt, géif een eigentlech een normaalt Liewe féieren.

"Inklusive Gedanken awer net sou staark"

D'Kyra schafft an engem Atelier vun der APEMH, der Associatioun vun Eltere vu Kanner mat enger geeschteger Behënnerung. Am Atelier vun der sous-traitance mécht si mat grousser Begeeschterung verschidde Saachen, wéi Poppen, déi dono an de Spideeler verdeelt ginn.

D'Kyra kuckt gäre Spider-Man Filmer. Mee virun allem danzt déi jonk Fra gären. D'Integratioun an d'Inclusioun an eng Danzgrupp wier awer net ëmmer einfach gewiescht, erkläert de Marco Wotipka.

An engem Club hätt een zum Beispill gesot kritt, "mir kënnen d'Kyra elo net méi halen, well et méi al gëtt". Well d'Kyra vun der Gréisst hir zimlech kleng ass, war et dann och déi Zäit guer net sou grouss. Vum Alter hir hätt et awer net méi gepasst, "da war den inklusive Gedanken awer net sou staark". Et hätt een eng aner Méiglechkeet misste fannen, fir dem Kyra d'Méiglechkeet ze ginn, fir weider ze danzen.

Dacks géif den inklusive Gedanken do ophalen, wou de Confort vun engem aneren ufänkt, seet de Marco Wotipka. D'Kyra geet elo a Fitness-Zentren an danzt an der Danzgrupp vun der Trisomie 21. An dat zum Deel zesumme mat hirer Mamm, der Corinne Wotipka.

"Charakterkäpp"

Leit wéi d'Kyra hätten dacks ee ganz bestëmmente Charakter, seet de Marco Wotipka. Aussestehend Leit géifen si heiansdo verniedlechen, dat wier de betraffene Leit géigeniwwer awer net fair. "Well u sech kënnen déi Kanner een extrem flotte Charakterkapp sinn", seet de Marco Wotipka. Hie kéint nëmme jiddereen dozou opfuerderen, fir hannert d'Fassad vum Down-Syndrom ze kucken.

Mënsche mat Trisomie 21 wieren dacks ganz éierlech, "an dat ass am Fong eng Qualitéit, déi mir haut méi an eiser Gesellschaft kéinte gebrauchen".

D'Kyra huet während dem Gespréich vill nogelauschtert, an de Mikro wollt déi jonk Fra net vill soen. Si huet awer doriwwer geschwat, datt si rezent beim Romain, hirem Danzpartner aus der Trisomie Danzgrupp, doheem war. Si hunn zesumme gekacht.

Thema Sexualitéit

Mam Thema Sexualitéit geet d'Famill Wotipka ganz oppen ëm. Ma et wier eng Erausfuerderung, fir mat senge Kanner, déi eng Behënnerung hunn, iwwert Sexualitéit ze schwätzen, seet de Marco Wotipka. Dat hätt ee misste léieren. Fir si wier dat am Ufank och net einfach gewiescht. "Mëttlerweil geet dat awer ganz gutt."

De Ken, dem Kyra an dem Xena hire Brudder, huet keng Behënnerung. Hien hëlt seng Schwëstere mat bei seng Kollegen. Mee fir hie war d'Liewe mat senge Schwësteren net vun Ufank un einfach. Zemools wéi hie nach méi kleng gewiescht wier, wier et méi schwéier gewiescht. Hien hätt sech dacks gefrot, "firwat sinn ech dee Gesonden?".

De klenge-grousse Brudder

Mëttlerweil géif de Ken et awer méi mat Humor huelen. "Ech sinn dee klenge-grousse Brudder vum Kyra." Wann d'Elteren net do wieren, da géif hien éischter d'Roll vum grousse Brudder iwwerhuelen, deen oppasst an d'Meedercher an d'Bett leet. Well hie fir Infirmier géif léieren, kéint hien der Famill awer och als medezinesch-technesche Beroder zur Säit stoen.

Hie wier frou datt de Ken an d'Jessica, seng Frendinn, am Alldag mam Kyra a mam Xena géifen hëllefen, seet de Marco Wotipka.

Familiären Zesummenhalt wichteg

Ënnert dem Stréch géif een e positiivt a flott Liewe féieren, mat positiven a negative Säiten. "Et wier net fein, oder net éierlech, fir déi gutt Säiten ze soen awer déi Schlecht ze vergiessen." Et misst ee sech ganz gutt an der Equipe organiséiere kënnen. Ouni familiären Zesummenhalt géif een an esou enger Situatioun ausernee briechen.

D'Famill Wotipka ënnerhëlt awer och vill zesummen, wéi zum Beispill een Ausfluch an ee Fräizäitpark oder eng Sortie op ee Concert. Am Fong, seet de Marco Wotipka, géife si probéieren, fir esou verréckt duerch d'Liewen ze goen, wéi et nëmme geet.

Als Famill hätt ee sech eppes virgeholl: "Mir wëllen alleguer an de leschte Sekonne kënnen zeréckkucken a soen "non, je ne regrette rien"."