Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Droge sinn net out

Suchtpräventioun

Droge sinn net out

Drogekonsum ass ënner Jugendlechen nach ëmmer e grousse Problem. Besonnesch d'Jugendhaiser spillen an der Suchtpräventioun eng wichteg Roll. Et ginn interessant Projeten, fir déi Jonk vun Drogen ewech ze halen.

auto_stories

4 min

Foto: Bigstock

Dacks probéiere Jugendlecher aus Langweil, Gruppenzwang oder einfach aus Virwëtz verschidden Drogen aus. Dorënner och Cannabis. Eng Diskussioun ronderëm d'Drogen an de Konsum ze féiere wier schwiereg, fënnt de Jean-Paul Nilles vum Suchtpräventiounszenter CePT.

Eng kloer Linn

Dacks géingen Drogen entweder bagatelliséiert oder dramatiséiert ginn. Zum Beispill géing gesot ginn, Cannabis wier net esou schlëmm wéi Alkohol. Op där Basis kéint een awer keng Diskussioun féieren. Et misst een esou iwwert Droge schwätzen, datt hir Risiken däitlech wieren, sou de Jean-Paul Nilles weider. Da kéint een och d'Konsequenzen thematiséieren.

Eng kloer Linn géing de Pädagogen an de Jugendhaiser hëllefen, méi Handlungssécherheet ze kréien. Dat seet de René Meneghetti vun der Lëtzebuerger Drogeberodungsplaz fir Jugendlecher Impuls. D'Pädagoge missten zesummen am Team decidéieren, wéi si reagéiere wann eng Situatioun mat Drogen an engem Jugendhaus virkënnt. Et misst kloer sinn, wien zu wat fir engem Zäitpunkt informéiert misst ginn. Jee nodeem wéi komplex d'Situatioun wier, misst mat anere Servicer zesummegeschafft ginn. De René Meneghetti betount, de Jugendleche misst wësse wou en drun ass a wou seng Plaz an der Struktur ass. Dat géing him eng gewësse Sécherheet ginn.

Legaliséierung - e falsche Message

Eng Legaliséierung vu Cannabis ass fir de René Meneghetti keng Méiglechkeet, den Drogekonsum bei Jugendleche besser ze kontrolléieren. Dat wier e falsche Message. Schonn de Konsum vu legalen Drogen, wéi Zigaretten an Alkohol, hätt Konsequenzen. Déi Jugendlech wiere nach an der kierperlecher a physescher Entwécklung. Drogekonsum géif dës Entwécklung beaflossen an zu Problemer féieren, zum Beispill wat d'Suchtgediechtnes oder d'Perséinlechkeetsentwëcklung ugeet.

Maachen, wat wierklech fonctionnéiert

Dofir wier Präventiounsaarbecht wichteg, fënnt den däitsche Sozialwëssenschaftler Henrik Jungaberle. An dës misst an de Jugendhaiser gemaach ginn. Den Henrik Jungaberle fuerscht an de Beräicher Drogen- a Suchtpräventioun zu Berlin. Hie gesäit déi gréisste Schwieregkeet doran, datt d’Präventiounsaarbecht ëmmer nach ënnerfinanzéiert wier. D'Methode vun der Präventiounsaarbecht wieren donieft net genuch un deem orientéiert, wat wierklech funktionnéiert. Net de Fait ob eng Drog legal oder illegal ass hätt en Afloss op den Drogekonsum, mee di sozial Normen.

D'Präventiounsaarbëcht wier méi effektiv, wann ee sech géing op Risikogruppe konzentréieren. Esou Risikogruppe sinn zum Beispill Jugendlecher aus schwierege soziale Verhältnisser, Jugendlecher mat Impulsstéierungen, wéi ADHS oder Jugendlecher, déi iergendwann en Trauma erlieft hunn. Grad bei deene wier et wichteg, datt si Vertrauen an d’Pädagogen hätten. Nëmmen esou kéint een erreechen, datt si iwwert hiren Drogekonsum schwätzen, mengt den Henrik Jungaberle.

A Portugal, zum Beispill, wier den Drogekonsum bei Jugendlechen zanter 10 Joer stabil. Hei hätten déi Jugendlech méi Vertrauen an déi sozial Hëllefsystemer. Dës géingen nämlech net nëmme virum Drogekonsum warnen, seet den Henrik Jungaberle. Se géinge konkret a korrekt Informatiounen iwwert d’Drogen an d'Risike vum Drogekonsum liwweren an de Jugendlechen Hëllef vermëttelen.

Richteg informéieren

Villes, wat Kollegen oder Erwuessener de Jugendlechen iwwert Cannabis an Alkohol erzielen, wier falsch oder verdréint. Informatioune géife besser vu Leit ugeholl, déi am nämmlechten Alter sinn, betount den Henrik Jungaberle. Et géing vill vun den Informatiounen ofhänken, déi an deene sougenannte Peer-Groups zirkuléieren. Am Suchtpräventiounszenter CePT gëtt dowéinst probéiert, un déi Jugendlech erunzegoen a mat hinnen zesummen déi tatsächlech Problematike vum Drogekonsum ze diskutéieren.

De Jean-Paul Nilles vum CePT seet, et wier wichteg en Zougang zu de Jugendlechen ze fannen. Och misst gekuckt ginn, wat fir eng Informatiounen di Jonk iwwerhaapt hunn. Grad an de Peer-Groups géingen nämlech dacks Informatiounen zirkuléieren, déi net stëmmen. Mat dëse misst da geschafft ginn, esou de Jean-Paul Nilles.

D'Drogeberodungsplaz Impuls huet zanter 10 Joer de Programm CHOICE lafen, dee vun zwee Therapeute geleet gëtt. Hei erziele Jugendlecher anere Jugendlechen hir Liewenserfarung mat Drogen. Esou kënne verschidde Mythen iwwert d’Drogen opgekläert ginn.

Och ouni Droge kann ee Spaass hunn

Eng aner Méiglechkeet, Jugendlecher ze stäerken, ass hinne méi Fräizäitofferen a Richtung Erliefnispädagogik ze maachen. D’Jugendhaus Schëffleng schafft vill an dësem Beräich. De Jacques Welter vum Jugendhaus Schëffleng betount, dass dës Offeren hëllefen d'Perséinlechkeet vun deene Jonken ze stäerken. Doduerch kéint et hinne méi einfach faalen, nee zu den Drogen ze soen.

Nieft dem präventive Charakter vun de Projeten aus der Erliefnispädagogik ginn och nach weider Kompetenzen, wéi d’Orientéierung an d’Teamfähegkeet gestäerkt. De Jugendleche soll och mierken, datt een ouni Droge Spaass kann hunn. De Jacques Welter erkläert, an der Erliefnispädagogik géing vill mat deene Jonken am Naturraum geschafft ginn.

D’Pädagoge waren op engem Symposium vum SNJ a vum Suchtpräventiounszenter cept zesummekomm, fir iwwert Suchtpräventioun ze schwätzen an hir Projete an dësem Beräich virzestellen.