Radioen

On air

Tockcity  |  Arab Strap - Bliss

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Bezuch zu der Natur kréien

Solidaresch Landwirtschaft

E Bezuch zu der Natur kréien

Bei der solidarescher Landwirtschaft abonnéiert sech e Konsument iwwer eng ganz Saison bei engem Bauer. Dësen dréit net eleng de Risiko a kritt am Viraus e faire Loun, deen net un dee grousse Marché gebonnen ass. De Virdeel fir d'Konsumenten: frësch a lokal produzéiert Produiten, ouni laang Transportweeër. Och hei zu Lëtzebuerg kommen esou Initiativen ëmmer méi op.

auto_stories

7 min

Et gi mëttlerweil sechs esou Initiative mat ëm déi 500 Leit, déi sech fir en Abonnent bei engem Produzent entscheet hunn. Koordinéiert ginn d'Initiative vu Solawi (Solidaresch Landwirtschaft), engem Projet vum Oekozenter Pafendall, zesumme mat de Lëtzebuerger Jongbaueren a Landjugend a.s.b.l.

22 Kierf mat aacht bis 12 Zorte Geméis

TERRA war deen éischte Projet, deen nom Prinzip vun der solidarescher Landwirtschaft gewirtschaft huet. 2017 huet TERRA seng Dieren um Eecherfeld bei der Stad opgemaach. D'Saison vum Geméis kënnt esou lues op en Enn. Dëst Joer gounge bei TERRA all Woch eng 220 Kierf eraus mat ëm déi aacht bis 12 Zorte Geméis. Et wéilt een och net ze vill Kierf maachen, fir de Kontakt mat all de Cliente bäizebehalen, esou TERRA.

Déi ganz Recolte gëtt op de Konsumentegrupp opgedeelt. Säi Geméis kéint een op sechs verschidde Plaze siche kommen, seet de Pit Reichert, deen d'Initiativ matgegrënnt huet. Op Tafele wier geschriwwen, wéi vill vun deem jeeweilege Geméis sech d'Cliente kënnen huelen.

Fir de Pit Reichert sinn esou Projete wichteg, well doduerch d'Landwirtschaft méi valoriséiert an de Liewensmëttel och erëm méi Wäert zougeschwat géif ginn. De Gros vum Uebst a Geméis, dat zu Lëtzebuerg verkaf gëtt, kënnt aus der heemescher Produktioun, esou de Pit Reichert.

Ouni Pestiziden oder chemesch-synthetesch Düngemëttel

Eng aner Initiativ, déi zanter 2017 no de Prinzipie vun der solidarescher Landwirtschaft funktionéiert, ass de Krautgaart zu Käerch. D'Zil vum Projet wier et, déi lokal Bevëlkerung mam Geméis aus hire Gäert zu Käerch a Stengefort ze versuergen. Den Ament huet de Projet eng 120 Abonnenten.

Am Ufank wieren et Kolleegen an d'Famill gewiescht, déi de Krautgaart ënnerstëtzt hätten, seet de Max Epstein, deen d'Initiativ mat opgebaut huet. No an no wieren ëmmer méi Leit dobäi komm, déi vun der Iddi selwer iwwerzeegt gewiescht wieren a frëscht, lokaalt an ekologescht Geméis wéilten. Bei der Produktioun gi keng Pestiziden a chemesch-synthetesch Düngemëttel agesat.

E wichtege Punkt bei der solidarescher Landwirtschaft ass, wéi ee mat sengem Gaart ëmgeet. Wéi och TERRA, benotzen déi dräi Geméisbauere vum Krautgaart keen Dünger. De Buedem soll esou natierlech wéi méiglech bleiwen. Dat erreecht een och mam sougenannten "No-Dig-Prinzip", also e Prinzip, wou net gegruewe gëtt. Heibäi gëtt de Buedem also net beaarbecht. E Prinzip, deen déi dräi Geméisbaueren hanner dem Projet beim Charles Dowding a Richard Perkins geléiert hunn.

Leit kommen hiert Geméis selwer sichen

Vum Gréis, engem Plateau bei Bierchem, wäert vu Mee 2019 un och Geméis vum Yves Diederich hierkommen. Hien ass den Ament am gaange säin Terrain ze preparéieren. Mëtt Oktober krut de Landwirt seng Betribsnummer als landwirtschaftleche Betrib.

Anescht wéi bei TERRA oder dem Krautgaart, wäert den Yves Diederich d'Geméis an Zukunft awer net selwer recoltéieren. Hie wëllt de Bezuch zur Landwirtschaft nach méi grouss maachen: "Ech wëll, datt d'Leit selwer hiert Geméis op d'Feld siche kommen. Si kënnen da kommen, wa si Loscht hunn."

Den Yves Diederich huet laang als Ingenieur geschafft. An der Famill gouf et Terrain, dee landwirtschaftlech benotzbar war an domat wollt hien eppes maachen. Bei der solidarescher Landwirtschaft bräicht ee weder "rise Budget" nach eng grouss Fläch. E Virdeel vun der solidarescher Landwirtschaft wier, datt ee wéisst, wat een um Enn erauskritt: "Ech weess ganz genee, wéi vill Abonnementer ech pro Joer brauch, fir datt meng Käschte gedroe sinn an ech dovu ka liewen. De Risiko ass och manner grouss."

Eemol de Mount géif ee sech ënner deene momentan sechs Solawi-Projeten treffen an austauschen. D'Betriber géife sech ënnerteneen och vill ënnerstëtzen, esou den Yves Diederich.

Keng konkret staatlech Hëllef

Generell wier déi gréisste Schwieregkeet den administrativen Opwand gewiescht. Den Ament géif et och keng konkret staatlech Hëllef fir d'Solawi-Projete ginn, bedauert den Yves Diederich. Landwirtschaftlech Betriber géifen dacks iwwer hir Fläch subventionéiert ginn. Well ee bei der solidarescher Landwirtschaft awer net esou vill Terrain bräicht fir eng grouss Vilfalt u Geméis unzeplanzen, wier dës Fläch fir d'Subventiounen ze kréien dacks ze kleng.Den Yves Diederich huet "Vum Gréis" gegrënnt. Foto: Tessy Steffen Koenig.

Dat éischt Joer wäert den Yves Diederich eleng fir säi Projet zoustänneg sinn. Vum zweete Joer u géif hien awer gär eng zweet Persoun engagéieren an eventuell eng Ausbildungsplaz schafen An Zukunft wéilt hien och gär mat de Schoulen zesummeschaffen, fir de Kanner de Geméisbau erëm méi no ze bréngen. Ganz vill Wësse wier net méi do, bedauert hien. Dat wéilt hien änneren.

Op e puer Niveaue solidaresch

2016 gouf d'Kooperativ Vun der Atert gegrënnt, fir de landwirtschaftleche Produzenten d'Méiglechkeet ze ginn, méi no bei d'Konsumenten ze kommen, seet de Severin Boonen, President vun der Kooperativ. Well et zu Lëtzebuerg Defiziter beim Geméisbau géif ginn, hätt een dann de System vun der solidarescher Landwirtschaft gewielt. Mat Hëllef vun engem Gaart soll de Leit aus der Géigend Geméis ugebuede ginn. Bei deem System géif et och manner Risike ginn, wei bei der konventioneller Landwirtschaft, esou de Severin Boonen.

De Projet vum Geméisbau wier op e puer Niveaue solidaresch: Tëschent dem Bauer an de Konsumenten, awer och tëschent de Konsumente selwer. Et kéint een zousätzlech zum Abonnement en Don un d'Kooperativ maachen, fir de Leit, déi net esou vill bezuelen kënnen ze hëllefen, fir datt si och vum Geméis profitéiere kënnen.

"Et ass keen elitäre Projet, bei deem nëmme Leit mat vill Sue kënne matmaachen."

Solidaresch Landwirtschaft och mat Fleesch

En neie Projet vun der Kooperativ mam Numm SoLaWa (Solidaresch Landwirtschaft Atert-Wark) ass hei zu Lëtzebuerg eenzegaarteg, se bidden zanter Neistem och Fleesch nom solidaresche Prinzip un.

All dräi Méint wier eng Fleesch-Liwwerung virgesinn. Och hei misst een am Viraus bezuelen. De Metzler aus der Regioun vu Réiden verpaakt d'Fleesch dann a Päck vu sechs Kilo. Am Virfeld kann de Client dann uginn, wéi ee Fleesch e gären hätt. Auswiele kann een tëschent Poulet, Schwäin a verschiddene Zorte Béischten. Et kann een och uginn, vu wéi engem vun de fënnef Häff déi matmaachen, ee gäre säi Fleesch hätt. De Choix hätt awer och seng Grenzen, seet de President vun der Kooperativ Vun der Atert.

Keng Liewensmëttelverschwendung

"All d'Stécker gi verschafft an un de Client ausgeliwwert. Et ass net esou, datt de Client nëmmen déi edel Stécker kann huelen." Sou géif et da keng Liewensmëttelverschwendung ginn, seet de Severin Boonen. De Client huet dann duerch de Vertrag, deen e mécht, och d'Urecht fir an de Betrib kucken ze goen, vun deem hie säi Fleesch kritt. Transparenz wier wichteg. De Präis fir d'Fleesch wier och méi héich, wéi deen um fräie Maart.

Et misst eng Cellule oder Kommissioun geschafe ginn, déi d'solidaresch Landwirtschaft ënner d'Leit bréngt, fuerdert de Severin Boonen. "Et si ganz vill Konsumente bereet nei Weeër ze goen, an der Landwirtschaft nei Perspektiven ze bidden. Mee et feelt dacks d'Geleeënheet dozou."

Donieft misst d'Agrargesetz nach méi oppe fir nei Projete gemaach ginn, esou nach de Severin Boonen. Well d'Membere vun der Kooperativ net eleng hiert Akommes aus de verschiddene Projete bezéien, wier een net als landwirtschaftleche Betrib unerkannt a géif doduerch och keng finanziell Hëllef kréien.