Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  C'est Karma - Coffee

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Bléck an eis Natur vun A-Z

LËTZEBUERGER SACHBICHER

E Bléck an eis Natur vun A-Z

Am Kader vun 100 Joer Naturschutzveräiner zu Lëtzebuerg huet Natur&Ëmwelt dëst Joer ee Lexikon erausginn. Dobäi handelt et sech ëm kee gewéinleche Lexikon: wien no dréchene Begrëffserklärunge sicht, stéisst op Humor a Grënn, sech aktiv fir den Naturschutz anzesetzen.

auto_stories

4 min

Naturschutzveräiner existéieren zu Lëtzebuerg zanter mëttlerweil 100 Joer. Am Kader vun dësem Anniversaire huet d'Organisatioun Natur&Ëmwelt dëst Joer ee ronn 600 Säiten décke Lexikon publizéiert. Nieft de Begrëffserklärungen aus der Lëtzebuerger Planzen- an Déierewelt ginn och déi grouss Etappen an der Geschicht vum Lëtzebuerger Ëmweltschutz ënner d'Lupp geholl.

A ronn 1.300 Stéchwierder gëtt een am Lexikon vun Natur an Ëmwelt méi iwwer d'Lëtzebuerger Biodiversitéit gewuer. D'Bäiträg reeche vun A ewéi Aarhus-Konventioun bis zu Z ewéi Zilpzalp.

"Der Zilpzalp wiegt knapp sechs Gramm und ist somit einer der kleinsten Vögel Luxemburgs, aber wohl auch einer der häufigsten. Sein Gesang ist zwar vielen Menschen bekannt, jedoch erkennen nur die wenigsten den unscheinbaren Zilpzalp, wenn sie ihn sehen. Zilpzalpe verbringen den Winter im Mittelmeerraum. Der Zug in den Süden ist eine erstaunliche Leistung für einen derart kleinen Vogel."

Datt sech de Gros vun den Anträg ëm Vullen dréint ass keen Zoufall. Et ware virun allem Hobby-Orinthologen déi sech fir d'éischt dofir agesat hunn d'Lëtzebuerger Ëmwelt ze schützen. Déi eelsten Naturschutzorganisatioun ass d'Natur- a Vulleschutzliga, déi 1920 zu Esch/Uelzecht entstanen ass.

Dreiwend Kraaft vum Veräin war de Jean Morbach, dee sech Zäit senges Liewens fir d'Protektioun vu Villercher agesat huet. Et ass och him ze verdanken, datt Lëtzebuerg am Joer 1928 een nationaalt Vulleschutzgesetz agefouert huet. Zënter den 1930er gouf och driwwer nogeduecht een allgemengt Naturschutzgesetz anzeféieren. Esou ee Gesetz, dat sech net just op Villercher beschränkt mee sech op déi gesamt Flora a Fauna bezitt koum awer eréischt 1965.

Flora a Fauna

Zu Lëtzebuerg bleift nach vill am Beräich vum Ëmweltschutz ze maachen. Lëtzebuerg ass ee vun deene Länner an der EU déi am meeschten Offall pro Awunner produzéieren. Dat huet natierlech och een Impakt op d'Planzen- an Déierewelt. 2019 hat Natur an Ëmwelt mat enger Doudesannonce fir vill Opreegung gesuergt.

"Haut, um Dag vun der Biodiversitéit, trauere mir ëm den onersetzleche Verloscht vun der Brongbrëschtchen. Si ass an aller Stëll verschwonnen, well hire Liewensraum zerstéiert gouf, wéinst dem Bestriewe vun eis Mënschen ëmmer méi ze produzéieren an ze consomméieren. Déi Leit déi eiser Verstuerwener wëlle gedenken, kënnen dat maachen andeem si fir en anere Gesellschafts- a Wirtschaftsmodell antrieden an duerch hire Liewensstil Liewensraum schützen a Ressource schounen."

Ee wichtegen Deel vun der Aarbecht vu Natur an Ëmwelt besteet doranner de Grand Public a besonnesch déi Jonk zu Lëtzebuerg ze sensibiliséieren. Verschidde Campagnen ewéi déi ronn Sticker-Serie "Vull vum Joer" gehéiere scho quasi zum kulturelle Patrimoine. Anerer ewéi d'Lauschterspill "Dem Maulef seng Box" sinn haut wuel éischter a Vergiessenheet geroden.

Am Buch fënnt een och eng ganz Rei interessant etymologesch Erklärungen zu Lëtzebuerger Begrëffer ewéi... de Sproochmates:

"De Sproochmates: ein luxemburgischer Ausdruck, der auf einen sprachgeübten Menschen hindeutet. Ursprünglich stammt diese Bezeichnung jedoch aus der Vogelwelt und ist der altluxemburgische Name des Gelbspötters, bei dem auch der deutsche Name auf sein Gesangstalent hindeutet."

"Ee Bléck op eis Natur vun A-Z" ass kee gewéinleche Lexikon - an dat aus ë puer Grënn.

Mat Humor Leit fir den Naturschutz begeeschteren

Anescht ewéi an engem gewéinleche Lexikon, fënnt een hei keng dresche Wuerterklärungen. D'Begrëffer ginn dacks mat enger gudder Dosis Humor erläutert.

"Förster waren früher strenge Männer mit Hut, Flinte und Dackel, die sich um den Forst gekümmert haben. Heute sind sie lokale Beamten der Administration de la nature et des forêts."

Et ass och kee wäertneutrale Lexikon. D'Auteuren huele kloer Positioun zu enger Partie Theemen, déi wuel net iwwerall op Zoustëmmung stousse wäert - etwa de Fleeschkonsum oder nach d'Fuussejuegd.

D'Buch versicht och de Lieser dozou ze motivéieren sech aktiv fir den Naturschutz anzesetzen. Sou fënnt een nieft de Wuertdefinitiounen och eng ganz Rei praktesch Empfeelungen - z.B. fir ee méi ëmweltfrëndleche Gaardebau.

Mat sengen 28 lokalen Zweiger an iwwer 10.000 Memberen ass Natur an Ëmwelt mëttlerweil eng vun deene gréissten Associatiounen am Land a setzt sech net méi just fir de Vulleschutz a mee allgemeng fir den Erhalt vun der Biodiversitéit.