Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "E Bongert huet en onschätzbare Wäert"

Gemeinschaftsbongert zu Kielen

"E Bongert huet en onschätzbare Wäert"

Net jiddwereen huet Plaz, vill Leit wëllen awer eppes Konkretes maache fir d'Natur, d'Biodiversitéit, fir d'Insekten an d'Villercher. Dat schreift de Joël Adam op senger Facebooksäit. Hien huet Plaz a wëllt e Gemeinschaftsbongert uleeën.

auto_stories

3 min

De Joël Adam interesséiert sech eegenen Aussoen no schonn zanter ganz laangem fir Héichstammuebstbongerten. Mat 20 Joer huet hie säin éischte Bongert ugeluecht. Vill vum Joël Adam senge Frënn wiere begeeschtert vun den Uebstbeem, hätten awer selwer keng Plaz fir en eegene Bongert unzeleeën.

Giedel oder Pätter vun engem Bam ginn

Du koum him d'Iddi e Gemeinschaftsbongert ze schafen. Mëttlerweil interesséiere sech scho 60 Leit dofir. Am November plangt de Joël Adam mat hinnen zesummen eng Bamplanzaktioun. Am Virfeld kréien d'Leit eng Lëscht mat Beem. Si kënne sech dann hire perséinlechen Uebstbam eraussichen a "Giedel oder Pätter ginn", seet de Joël Adam.

Wichteg wier, datt et heemesch Uebstbeem sinn. Et ass e laangfristege Projet, seet de Joël Adam, well déi éischt dräi Joer droen déi meescht Beem nach net esou vill Uebst. "Mee déi grouss Mass un Uebst dréit en Héichstammbongert eréischt no zéng, respektiv no 20 Joer".

Foto: Joël Adam

Am Héichstammbongert gëtt net mat Pestizide geschafft. Iwwer d'Zäit muss en natierlecht Gläichgewiicht geschaaft ginn. "Dat heescht, Schädlinge gi vun den Nützlingen opgefriess op eng natierlech Aart a Weis." Op ville modernen Uebstplantagë géif gesprëtzt ginn, fir déi fir d'Beem schiedlech Planzen- oder Déierenaarten ewech ze halen. "Domat ginn och vill Nützlinge futti." De Gemeinschaftsbongert vum Joël Adam gëtt een "ekologesche Projet."

"De grénge Rimm vun eisen Dierfer"

Bongerte ginn et zu Lëtzebuerg net méi esou vill, ewéi et fréier de Fall war.

"Bis an den Ufank vum 20 Joerhonnert waren d'Héichstammbongerten de grénge Rimm ronderëm eis Dierfer. D'Leit hunn d'Beem fir hiren eegene Bedarf un Uebst geplanzt. Déi haten eng immens Bedeitung."

Dat Uebst, dat ze vill war, gouf genotzt fir Viz ze maachen oder gouf beim Brenner zum Schnaps verschafft.

"Leider koumen haaptsächlech nom Zweete Weltkrich vu Bréissel aus Subside fir d'Héichstammbongerten ewech ze maachen, well si net wirtschaftlech genuch waren."

Vill Bongerte si verschwonnen

Ënner deem Aspekt, esou de Joël Adam, wiere ganz vill Bongerte verschwonnen. Déi Bongerten, déi nach konnten erhale bleiwen, wieren awer an deene leschte Joerzéngten ëmmer méi vernoléissegt ginn. Vill Beem sinn och vun der Mëspel parasitéiert ginn. Laangfristeg dréit si dozou bäi, datt de Bam ofstierft.

"Ganz vill Bongerte sinn och duerch d'Erweiderung vun den Dierfer verschwonnen. Dofir sinn haut net méi vill Bongerten do."

E Bongert spillt allerdéngs eng ganz wichteg Roll fir den Ekosystem. D'Héichstammbeem bidden e grousse Liewensraum fir vill Déierenaarten.

"Bis zu 5.000 verschidden Déierenaarte kënnen an engem ale Bongert en Doheem fannen. Esou Bongerten hunn einfach en onschätzbare Wäert fir eis Biodiversitéit."

E spezielle Villchen entdeckt

De Joël Adam selwer ass frou. Hien huet elo schonn zweemol a engem vu senge Bongerten e Villchen entdeckt, dee fir d'lescht an de 60er Joren zu Lëtzebuerg gebréit huet. Rieds geet vum Mitock.

"Ob en elo och a mengem Bongert bréit weess ech net. Mee fir mech ass et eng richteg Genugtuung ze gesinn, datt ech mam Bongert eppes erreecht hunn. Et ass en typesche Villchen, dee sech an de Bongerten ophält."

Foto: Joël Adam

Wien um Gemeinschaftsbongert interesséiert ass, ka sech beim Joël Adam ënnert der Emailadress bongertkielen(at)gmail.com mellen