Radioen

On air

Notturno  |  Arctic Monkeys - Batphone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E klengt Insekt mat grousser Auswierkung

Borkenkäfer

E klengt Insekt mat grousser Auswierkung

Kuckt een duerch de Bësch, da gesäit een ëmmer méi Fichten, déi verdréchent oder dout ausgesinn. Dofir responsabel ass ënner anerem e ganz klengt heemescht Insekt, de Buchdrucker Borkenkäfer. Hie befält u sech schwaach Beem a spillt esou och eng wichteg Roll am Ekosystem Bësch. Mee duerch déi waarm Temperaturen an d'Dréchent sinn och ëmmer méi gesond, mee geschwächte Beem, zemools Fichte betraff.

auto_stories

3 min

Schonn dat lescht Joer war duerch d'Dréchent e schwieregt Joer fir d'Fichten. D'Elisabeth Freymann, Forstingenieurin vun der Natur- a Bëschverwaltung (ANF) geet dovun aus, datt et dëst Joer esou viru geet, ewéi dat lescht Joer.

"Mir hunn einfach optimal Wiederkonditioune fir de Borkenkäfer. Hie kann sech gutt vermehren."

De Borkenkäfer ass en heemescht Insekt an u sech en natierleche Bestanddeel vum Ekosystem Bësch. U sech befält hie krank a schwaach Beem. Zu Lëtzebuerg sinn ongeféier eng 50 Borkenkäfer-Aarte bekannt. De Buchdrucker ass deen, dee virun allem Fichte befält.

Fichte kënne keen Haarz produzéieren

Am Fréijoer, wann Temperature vun iwwer 16 Grad am Dag erreecht ginn, fänkt de Borkenkäfer u mat fléien. De männleche Buchdrucker buert sech an d'Schuel vun de Fichten an a leet do sougenannte "Rammelkammeren" un. Weibercher ginn ugelackelt, begatt a leeën dann 20 bis 80 Eeër an déi Kummeren.

D'Larwe kommen eng bis zwou Wochen duerno aus den Eeër eraus a friesse sech dann ënnert der Schuel vun der Ficht, am Bast duerch. No dräi bis sechs Woche verpoppe si sech a ginn zu jonke Käferen.

Bei staarkem Befall kann de Waassertransport bis an d'Kroun vun de Fichten ënnerbrach ginn. Dat ass hiert Doudesuerteel.

Am Normalfall wiert sech eng Ficht duerch hir Haarzproduktioun géint de Borkenkäfer, deen am haarz géif erdrénken.

"Opgrond vun der Dréchent konnten d'Fichten net genuch Haarz produzéieren an doduerch ass hiren natierlechen Ofwiermechanismus gestéiert," seet d'Elisabeth Freymann vun der ANF.

Dat hätt och en ekonomeschen Impakt. D'Ficht gëtt virun allem als Constructiounsholz genotzt. Och nom Befall kann een d'Holz nach notzen, mee d'Industrie "hätt gär frëscht Holz a bezilt och méi dofir."

"De Präis ass staark an de Keller gaangen"

Donieft wier de Marché den Ament mat Fichtenholz iwwerlaf, seet d'Forstingenieurin. De Problem mam Buchdrucker-Borkenkäfer géif et mëttlerweil a ganz Mëtteleuropa ginn.

"D'Lageren si voll mat Fichtenholz an de Präis ass staark an de Keller gaangen."

Et wéilt een de Buchdrucker net bekämpfen oder ausrotten, well "et e Bestanddeel vun eisem Bëschekosystem ass." Wann een awer e Befall a senge Fichtebestänn feststellt sollt ee séier reagéieren.

"D'Holz aschloen an esou séier, ewéi méiglech aus dem Bësch eraushuelen, fir datt sech de Buchdrucker net weider reproduzéiere kann."

D'Fichte kéimen och dacks a Monokulture fir. "Eng Monokultur ass u sech ëmmer méi vulnerabel."

"Mir brauche méi Mëschkulturen an de Bëscher"

Vun de Monokulture misst een ewech kommen an op méi Mëschkulture setzen. Et bräicht een en naturnoe Bësch mat ënnerschiddleche Generatiounen a standuertgerecht geplanzte Baamaarten.

D'Naturverwaltung huet elo eng Broschür erausginn, mat Recommandatioune fir de Borkenkäfer an de Bëscher ze managen, wéi ee soll handelen, wann een e Befall feststellt an Informatiounen iwwert de gesetzleche Kader.

Dës Broschür kann op www.emwelt.lu erofgeluede ginn.