Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Bombay Bicycle Club - Tekken 2 Feat. Chaka Khan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Liewe fir den Theater oder den Theater fir d'Liewen

Am Gespréich

E Liewe fir den Theater oder den Theater fir d'Liewen

E Liewe fir den Theater, e Liewen am Theater an e Liewe mam Theater ass wuel net iwwerdriwwen ze soen, wann een d'Actrice, d'Regisseurin, Theaterdirectrice an Enseignante fir Art dramatique Myriam Muller wëllt beschreiwen.

auto_stories

5 min

Iwwer de Ballet bei den Theater

Éischt Kontakter mat de Brieder, déi d'Welt bedeiten, hat d'Myriam Muller mat 17 Joer, awer duerch den Theater, mee als jonk Meedchen a jonk Fra war den Danz der Myriam Muller hir Passioun.

"Ech hunn ebe vill Ballet gemaach, ech wollt och Dänzerin ginn, klassesch Dänzerin ginn. An iergendwann hat ech e bëssen d'Flemm domadder. An do huet d'Christiane Eiffes gesot: da kuck emol an den Art dramatique, vläicht géif dat dech interesséieren. D'Joer war schonn un, an do hunn ech mech virgestallt beim Philippe Noesen a bei der Marja-Leena Junker, an ech ka mech deemools erënneren, de Philippe Noesen war net esou waarm, mengen ech. An d'Marja-Leena huet gesot: Oh dach, dach, dach, ech huelen et."

An aus der Renconter mat der Marja-Leena Junker huet sech dunn eng déif a liewenslaang Frëndschaft entwéckelt.

Deel 1play_arrow

Vum Stater Conservatoire op de Cours Périmony op Paräis

Si ass Actrice, Regisseurin, Theaterdirectrice an och Enseignante fir Art dramatique. Mee fir Theater dann zum Beruff ze maachen, do ass et net vu Muttwëll eng zolidd Formatioun ze hunn, an dat kann d'Myriam Muller sécher mat zwou Hänn ënnerschreiwen.

"Ech war laang zu Paräis, ech hunn awer tëschent dem Cours Périmony an deen Ament, wou ech nees zeréck op Lëtzebuerg koum, do sinn dräizéng Joer vergaangen, dat heescht ech hunn dräizéng Joer zu Paräis geschafft. U sech [hunn ech] ganz vill Kino an Tëlee gemaach, méi wéi Theater. Et ass eng Stad, déi ech haut nach ëmmer gären hunn, also ech hunn esou laang do gelieft, wann ech zeréck op Paräis ginn, dat ass wéi wann ech géif heem goen."

Am Ganzen huet d'Myriam Muller 13 Joer zu Paräis gelieft a geschafft, éier et zeréck op Lëtzebuerg goung.

Deel 2play_arrow

"Mer hu schonn Theatergeschicht geschriwwen"

Nodeems d'Myriam Muller nees zu Lëtzebuerg war, huet si sech voll a ganz fir den Theater agesat als Actrice, Regisseurin, Directrice vum Théâtre du Centaure an eben och als Enseignante fir Art dramatique. Wann een d'Karriär vun der Myriam Muller kuckt, da stécht eng Produktioun eraus, an zwar "Les monologues du vagin" vun der Eve Ensler, wou si zesumme mat der Marie-Paule von Rosegen an der Marja-Leena Junker op der Bün stoung. Eng Produktioun, déi esou dacks wéi keng aner Lëtzebuerger Produktioun gespillt gouf.

"Also d'Marie-Paule an ech, mer konnten net méi. D'Marja-Leena wollt nach an nach an nach. An ech mengen, hatt huet mer elo leschte Kéier nach gesot: Oh, mee et misst een et nach erëm eng Kéier ophuelen. Ech sot: Marja-Leena: Nee! Stop! Ech mengen, mer hunn et iwwer 200 Mol gespillt, hei, ëmmer erëm, vun enger Wiederaufnahme op déi aner an da quasi uechter d'Welt op Tournée nach an nach. Et war exzeptionell an deen Trio tëschent der Marie-Paule von Roesgen, der Marja-Leena a mir. Dat war natierlech, jo dat ass esou, ech menge geet awer e bëssen an d'Geschicht an, also elo schwätze mer e bësse wéi déi Al: Oh, weess de fréier an esou weider.

Deel 3play_arrow

Ech wollt de jonke Schauspiller eppes mat ginn

D'Myriam Muller huet eng diversifiéiert Karriär als Theater- a Filmactrice gemaach. Eng aner Facette an hirem Theaterliewen ass déi vun der Enseignante fir Art dramatique am Stater Conservatoire, do wou si jo och selwer Coursë bei der Marja-Leenja Junker kritt huet.

An déi Passioun, oder deen Engagement als Enseignante, war nieft dem Fakt, datt et en Job war, och der Myriam Muller hir Méiglechkeet eppes zeréckzeginn, wat si selwer als jonk Actrice kritt huet.

"Hir Choixen, hir Goûten, wa mir Zeene liesen, dann hunn ech hire Feedback, ech als Metteur en scène, ech wëll net soen, datt ech Saachen testen, mee quasi. Och net nëmmen testen, wéi et elo visuell op enger Bün ka geschéien. Ech testen och hiren Interêt, wat kribbelt bei hinnen, wat gefält hinnen. Heiansdo hunn ech Stécker, déi ech super fannen, ech ginn hinnen ze léisen, et fält hinnen aus den Hänn. A do kommen ech mat engem Stéck, dat 300 Joer al ass. An op emol soe si, wow, dat si Sujeten, déi mech interesséieren."

Deel 4play_arrow

Streiden: Jo! Esou laang et léif ass.

Theater huet och eng Plaz am Privatliewen oder besser am Familljeliewe vun der Myriam Muller, déi mam Acteur Jules Werner bestuet ass, an zesummen hu si zwee Kanner. Do ass natierlech vill Organisatioun an Disziplin néideg, datt den Theater net op emol Iwwerhand hëlt. Wéi gesäit et dann aus, wa si iwwer Theater schwätzen?

"Mer streiden heiansdo, esou wéi een an de Koppele streit, dat ass jo och gesond, esou laang et léif ass. Mer hunn awer e bëssen déi selwecht Visiounen, an dofir si mer jo och eng Koppel, déi nach zesummen ass, vum Liewen. Dat heescht, mer kucken och an déi selwecht Richtung, wat eis Konscht ugeet. Natierlech streide mer. Mer sinn net ëmmer averstanen, mee bis elo hunn déi Diskussiounen eis ëmmer méi wäit bruecht."

Deel 5play_arrow