Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Lëtzebuergescht stierft aus? "Eng prehistoresch, net fundéiert Angscht"

Sprooch a Fuerschung

D'Lëtzebuergescht stierft aus? "Eng prehistoresch, net fundéiert Angscht"

D'Lëtzebuerger Sprooch ass lieweg. Den Alldag weist et an eng Rei jonk Fuerscher vun der Uni.lu beweisen et. Den Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft beschäftegt sech souwuel mat klasseschen Theme wéi och mat méi erstaunleche Projeten.

auto_stories

3 min

Eng Akaafslëscht, dräi Sproochen

D'Julia de Bres ënnersicht Akaafslëschten. "Net wéineg Lëschte sinn a méi wéi enger Sprooch geschriwwen. Et gëtt der beispillsweis mat sechs Artikelen, déi an dräi verschiddene Sprooche verfaasst sinn. Meeschtens maachen dat Lëtzebuerger." Déi Jonk géifen hirersäits ëmmer méi och dat Englescht benotzen, huet déi neiséilännesch Soziolinguistin erausfonnt.

Um Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft ginn ëm déi dräi Schwéierpunkte Linguistik, Soziolinguistik a Literatur geschafft. D'Bandbreet geet vum Sproochgebrauch iwwert d’Struktur vum Lëtzebuergesche bis hin zur lokaler Literaturzeen. D’Projeten hunn dacks, wéi d'Beispill vun den Akaafslëschte weist, e ganz noe Bezuch zu eisem Alldag. Och d’Caroline Döhmer setzt sech mat der Sproochepraxis auserneen. Wéini benotze mir wat fir eng Persounereferenz? Wéini soe mir “hat oder si”, wéini “mir oder dir”? "Et sinn esou kleng Wierder, mä do stécht esou vill Informatioun dran".

De Bléckpunkt vum Tourist schäerft d'Bewosstsinn

Beim klasseschen Thema vun der Literatur gi ganz ënnerschiddlech Volete behandelt. De Chercheur an Auteur Ian de Toffoli huet eng Statistik vun de literaresche Publikatiounen aus dem Joer 2012 erstallt. Hien huet erausfonnt, datt déi dräi grouss Genren enger klorer Sproochenopdeelung entspriechen. Theater ass hei am Land meeschtens op Lëtzebuergesch, Romaner ginn haaptsächlech op Däitsch geschriwwen, während Franséisch méi d'Sprooch vun der Poesie ass.

D’Anne-Marie Millim fuerscht och an der Literaturgeschicht. Hiert Spezialgebitt ass dem Batty Weber (1860-1940) säin "Abreißkalender". Dem Weber säin Zil wier et gewiescht, dat "kulturellt Bewosstsë vun der Heemecht z'erwächen". Anescht ausgedréckt: d'Lëtzebuerger missten "de Bléckpunkt vun engem Tourist unhuele fir sech bewosst ze ginn, wat kulturell rondrëm se lass ass", erklärt d'Anne-Marie Millim.

De Publik ka froen, d'Spezialisten äntwerten

Der Lëtzebuerger Sprooch geet et gutt, dee Message ënnerschreiwen all d'Fuerscher vum Institut. D'Sprooch wier "net amgaang ze verschwannen, weder an der intimer, familiärer Sphär, nach an der digitaler, a virun allem net an der kultureller Sphär", sou de Ian De Toffoli. Dat wier eng "prehistoresch, net fundéiert Angscht".

A wee sech besonnesch fir déi sëllech Subtilitéite vum Lëtzebuergeschen intresséiert, sollt emol an d'Rubrik Infodesk vum Site vum Institut luusse goen. Dësen neie Projet ass e Forum, op deem een all méiglech Froen aus de Beräicher Grammaire, Wuertschatz oder Sproochgeschicht ka stellen a se vun de Spezialiste beäntwert kréien.

D'Charlotte Wirth war viru kuerzem op engem Patt vum Institut, lauschtert säi Baitrag: