Radioen

On air

De Moien  |  Sterilisatioun, ee Schutz fir Kazen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ech goung an ech si gaang - Vergaangenheet am Lëtzebuergeschen

KURIOSITÉITEN AUS DER LËTZEBUERGER SPROOCH

ech goung an ech si gaang - Vergaangenheet am Lëtzebuergeschen

D'Linguistin Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eppes iwwer Verben, well mer sinn am Mount vum Verb!

auto_stories

3 min

Simon Larosche: Wéi een Deel vun de Verben hëls de der haut vir?

Caroline Döhmer: Et geet haut ëm d'Zäiten, méi genee ëm d'Vergaangenheet. Bei de Verben hu mer jo verschidde Vergaangenheetsformen an och eng Rei verschidde Begrëffer fir déi Zäiten, jee nodeem ob ee méi no beim Däitschen oder beim Franséischen ass:

de Perfekt oder Passé composé "ech hunn eppes gewosst", "ech si gaang"
de Preteritum, Imperfekt oder Imparfait "ech wousst eppes", "ech goung"

Dat eent ass eng zesummegesaten Zäitform mat de Verben "hunn" oder "sinn" an dat anert ass eng eenzel Form, wou mer meeschtens e Vokalwiessel hunn an deelweis och en -t an der Endung.

Wichteg ass, datt mer am Lëtzebuergesche kee Bedeitungsënnerscheed tëschent deenen zwou Vergaangenheetsforme maachen! Am Engleschen oder am Franséischen ass et jo dacks esou, datt ee muss kucken, ob d'Aktioun schonn ofgeschloss ass oder net. Dat ass bei eis am Prinzip kee Krittär.

An elo nees eng kleng Fro un dech Simon: Wéi ass de Perfekt vu "fléien"? Also déi Form mat "sinn/hunn"?

Ech si geflunn.

An dee vu "baken"?

Ech hu gebak.

A wéi ass de Preteritum vu "fléien" a "baken"?

Mh. Ech mengen, do gëtt et keen.

Ganz genee, dat ass eppes, wat an der Linguistik "Preteritumschwund" genannt gëtt, an dat hu mer och am Lëtzebuergeschen. Mer hu just nach ganz wéineg Verben, déi iwwerhaapt e Preteritum hunn. Mir benotze fir d'Vergaangenheet dann einfach de Perfekt.

A bei wéi enge Verben ass en nach do?

De Preteritum fanne mer haaptsächlech bei Verben, déi en Hëllefsverb oder Modalverb sinn: ech hat, ech war, ech gouf, ech wollt, ech konnt. An dann nach e puer aner frequent Verben, also souer, déi heefeg virkommen: ech koum, ech sot, ech stoung, ech wousst.

Wéi vill Verbe sinn et dann ongeféier, déi nach e Preteritum hunn?

Ech soe mol, datt et der ëm déi 30 nach sinn. Dat mat de Lëschten ass hei relativ schwéier, well ëmmer wann ech eng Lëscht nosichen, da fannen ech do och Fäll, wou ech mer net sécher sinn, ob déi Preteritum-Forme wierklech nach benotzt ginn. Da kucken ech meeschtens an eisem Korpus, ob déi an de leschte 40 Joer wierklech benotzt goufen.

Wéi eng dann zum Beispill?

Hei emol e puer Flotter: blous (blosen), drouch (droen), foul (falen), foung (fänken), geschouch (geschéien), gesouch (gesinn), housch (heeschen), kloum (klammen), louss (loossen), stouch (stiechen), zouch (zéien).

Déi klengen deelweis awer ganz speziell!

Wéi ech scho sot, d'Zäit raumt do no an no e puer Kandidaten eraus. Ech hat elo mol eenzel Formen an eisem Text-Korpus gesicht an do erkennt een dann och schonn Tendenzen: "zouch" 0 Treffer am Korpus, "foul" 6, "gesouch" 410.

Wat fält der eigentlech bei all dëse Formen op: blous, drouch, kloum, stouch.

Se hunn an der Mëtt "ou".

Ass dat net cool? Mat deem "ou" wier et am Fong flott, wa mer de Preteritum nach hätten, dat wier nämlech eng relativ einfach Geschicht, einfach den "ou" anzesetzen. Mee och dat klappt natierlech net iwwerall. Ech ka jo net aus "hien héiert net méi gutt" einfach "hien houert net méi gutt" maachen.

Dee war net schlecht. Da si mer schonn um Enn a soen der merci fir deng Erklärungen.

Merci och, bis geschwënn!