Radioen

On air

E-Lodie  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech heeschen Nori an ech sinn e Meedchen"

Trans'Kanner an der Schoul

"Ech heeschen Nori an ech sinn e Meedchen"

Wéi geet een domat ëm, wa säi Kand engem seet, datt et e Meedchen ass - obwuel et bei der Gebuert dat männlecht Geschlecht zougewise krut? A wou fënnt een Informatiounen iwwer trans'Kanner?

auto_stories

4 min

Nori

D'Nori wousst scho ganz fréi, datt hatt e Meedchen ass. Obwuel et als Jong ob d'Welt koum oder vill méi: Bei der Gebuert dat männlecht Geschlecht zougewise krut.

D'Schlësselsituatioun, esou erzielt dem Nori seng Mamm, wier enges owes gewiescht, wéi d'Nori dräi Joer al war. D'Phine wollt hirer Duechter eng schéin Nuecht a schéin Dreem wënschen. "D'Nori sot: 'Ech wënsche mir, datt den Zauberer mir eng Muschi zaubert'. Vun do u wousst ech, datt et keng Spillerei war. Et war wierklech vu mueres bis owes."

Weiderbildunge fir Léierpersonal

Ufank Februar war zu Lëtzebuerg eng Weiderbildung iwwer trans'Kanner an der Schoul. Organiséiert gouf déi vum Institut de Formation vum Educatiounsministere (IFEN), zesumme mat der Lëtzebuerger Organisatioun "Intersex and Transgender a.s.b.l.".

D'Nori war hei d'Haaptprotagonistin. Ganz oppen, huet dat zéng Joer aalt Kand iwwer d'"Séil vun engem Meedchen" geschwat. Zesumme mat senger Mamm hu si den interesséierten Nolauschterer vun hiren Erfahrungen erzielt an den Erausfuerderungen, mat deene si ze kämpfen hunn.

D'Dokteren hätten der Famill deemools verséchert, datt d'Nori an enger Phas wier an datt dat géif eriwwer goen. Mä eng Phas war et net.

Opklärung iwwer trans'Kanner

Och am Internet hätt d'Phine no Äntwerte gesicht, wat deemools net esou liicht war, wéi haut. "Iwwerall huet ee kleng Brockë fonnt, déi ee sech dann huet missen zesummesetzen." Si hätt doropshin, zesumme mat anere betraffene Famillen d'trans'Kanner-Netzwierk "Trakine e.V." gegrënnt. D'Zil dovun ass, aneren Elteren d'Informatiounen ze ginn, déi si sichen a si op hirem Wee z'ënnerstëtzen.

D'Nori am Studio vum radio 100,7

Dem Nori säi Papp an deem seng Elteren hätten zwee Joer gebraucht, bis si d'Nori als Meedchen akzeptéiert hätten, seet d'Phine. Och den Dr. Erik Schneider vun der Lëtzebuerger Organisatioun Intersex and Transgender confirméiert, datt vill Elteren ufanks Problemer mat hiren trans'Kanner hätten. "Opklärung, datt et dat gëtt an datt d'Kand dann och esou liewen dierf, ass eng ganz wichteg Saach."

Angscht vun de Professionellen

Mä net nëmmen d'Elteren hunn am Ufank Angscht, falsch Decisiounen ze huelen. "Ganz vill Professioneller aus de Psy-Beruffer, zum Beispill Psycholog_innen, Psychotherapeut_innen oder Psychiater_innen ginn den Elteren dacks d'Gefill, si net richteg eescht ze huelen. An deem Moment, wou d'Famill dann decidéiert, hiert Kand z'ënnerstëtzen, kann et sinn, datt eng medezinesch Institutioun den Elteren eng Meldung wéinst Menace vu Kannerwuel mécht."

Et wier gewosst, esou den Psychotherapeut a Psychiater Dr. Erik Schneider, datt d'Kanner da suizidal kënne ginn, schlecht Schoulleeschtunge kréichen an aus der Schoul kéinten erausfléien. E groussen Deel vu jonken Erwuessenen oder Erwuessenen, déi dës Prozeduren duerchgemaacht hunn, wieren duerch dës Beruffsgruppen immens geschiedegt ginn. Dowéinst kéint et sinn, datt si spéider net méi a präventiv medezinesch Consultatioune géife goen.

Medezinesch Mesurë bei trans'Menschen

An Zukunft sollen zu Lëtzebuerg trans'Mënschen, also Mënschen mat kengem Zouweisungsgeschlecht, dat op si zoutrëfft, hiert Geschlecht méi liicht kënnen duerch eng administrativ Prozedur änneren. Dat ass d'Zil vun engem Gesetzprojet, deen d'lescht Joer vum Justizminister Felix Braz um internationalen Dag géint d'Homophobie an d'Transphobie presentéiert gouf. Dësen ass elo um Instanzewee.

Aktuell mussen déi betraffe Leit déi Ännerungen um physeschen Erscheinungsbild gemaacht hunn, eng Requête beim Bezierksgeriicht maachen, fir hiert Geschlecht am État civil ze changéieren. An Zukunft si keng medezinesch Attester méi noutwenneg.

Grouss Stäerkt vun dësem Gesetzprojet, esou de Psychiater a Psychotherapeut Dr. Erik Schneider ass, datt dat vum Fënnefte Liewensjoer u gëllt: Also schonn ier d'Kanner an d'Schoul ginn. Well grad hei kënnen d'trans'Kanner mat Mobbing konfrontéiert ginn - vu Matschüler, wéi och vum Léierpersonal-, seet d'Phine, dem Nori seng Mamm.

Mobbing an der Schoul

Et wier immens wichteg, datt d'Léierpersonal d'Kanner respektéiert an si esou nennt, wéi d'Kanner et wënschen. Wa si nämlech d'trans'Kanner diskriminéieren, weist dat deenen anere Schüler, datt si dat och dierfen, esou d'Phine.

Grad dowéinst sinn esou Fortbildungscoursen, wéi déi Ufank Februar, noutwenneg, seet dozou den Dr. Erik Schneider. Et géif een an déi richteg Richtung goen, mä et bléif nach vill Aarbecht ze maachen.

Dat zéng Joer aalt Nori, dat selwer en trans'Kand ass an iwwert seng Erfahrungen op der Konferenz Ufank Februar geschwat huet, wënscht sech spéider och Mamm ze ginn a sengen eegene Kanner genee déi Ënnerstëtzung ze ginn, déi et och doheem kritt. Mä ganz besonnesch wënscht sech d'Meedchen, "datt all d'Kanner esou kënne sinn, wéi si wëllen. Ech wëll fir si och dat Gléck, wéi ech et hunn."