Visite vun de Classes d'accueil am LTC um Kierchbierg "Ech hu meng Plaz hei fonnt"

En individuelle Schoulunterrecht a personaliséiert Aufgaben hëllefen de Schüler vun de Classes d'accueil vum Stater LTC d'Sproochen ze léieren a sech op den Aarbechtsmarché virzebereeden. De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn huet dës Klasse viru Kuerzem besicht an ass op motivéiert Léierpersonal a Schüler getraff.

Tessy Steffen Koenig

Jean Asselborn
De Jean Asselborn op Visite an de Classes d'accueille vum Stater Lycée technique du Centre

"Et ass impressionnant," seet de Jean Asselborn, nodeem hien d'Classes d'accueil vum Stater Lycée technique du Centre besicht huet. "Ech mengen do gesäit een, wat fir eng immens Chance Lëtzebuerg huet ,fir esou vill Leit vu verschiddene Kulturen, Nationalitéiten a Sprooche kënne bei eis opzehuelen. Ech mengen, dat ass d'Zukunft vu Lëtzebuerg, déi mir hei gesinn" esou de Lëtzebuerger Ausseminister.

Déi zéng Schüler aus der éischter Classe d'accueil, déi de Jean Asselborn an d'Journaliste besicht hunn, schwätzen 12 verschidde Sproochen. Et ass hiert éischt Joer am Lycée. Vill vun hinne sinn eréischt zënter Kuerzem am Land. Si all léieren hei an der Klass Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch, awer op ënnerschiddlechen Niveauen. Eng Erausfuerderung fir d'Léierpersonal vun dëse Klassen.

Dat Besonnescht um Unterrecht ass, datt d'Schüler en individuelle Programm kréien. D'Schüler schaffen all un engem gemeinsamen Thema, mä mat ënnerschiddlechen Aktivitéiten, déi un hir Kompetenzen ugepasst ginn, esou eng Enseignante am Gespréich mam Lëtzebuerger Ausseminister.

Alleguer d'Classes d'accueillen am LTC schaffen mat Tabletten, fir esou op all Jugendleche kënnen anzegoen.

Den Igor an d'Grace sinn am Lycée technique du Centre an enger Classe d'accueil

"Wat ech total opginn hunn, ass, datt ech mech esou viru meng Klass stellen an dann ee Cours fir all Mënsch halen," seet de Max Fischbach, deen an enger Accu+ Klass Schoul hält. Accu+ ass e Projet, dee virun zwee Joer vum LTC agefouert gouf. Hei kënnen d'Schüler hir Kompetenzen an de Sprooche weider verbesseren, fir dann duerno an de reguläre Circuit iwwerzegoen.

"... jiddereen huet aner Besoinen. Mir kucken, datt hei all Schüler a sengem Rhythmus kann evoluéieren an datt si genee dat kënne léieren, wat si brauchen. Mir kucken och, datt d'Schüler méi autonom a responsabel ginn an hirem Apprentissage. Datt si sech eigentlech, datt si sech selwer bewosst sinn, wou hir Stäerkten an hir Schwächte sinn an datt si da kënnen dodru schaffen."

Als Enseignant an enger Classe d'accueil wier een éischter e Coach a kee Magier, deen all d'Wëssen hätt an de Schüler dat alles an de Kapp géif triichteren, esou de Max Fischbach. Hie schafft zënter eelef Joer am LTC. Hei si vun den am Ganze 420 Schüler eng 83 op enger Classe d'accueil ageschriwwen.

"Ech hu virdrun am Fondamental geschafft an zënter datt ech hei sinn, hunn ech meng Plaz fonnt."

D'Schüler, déi dacks aus Foyere kommen, géifen all hiren eegene Bagage matbréngen. Dem Léierpersonal seng Aufgab wier et och, d'Schüler esou gutt et geet z'encadréieren. Wann d'Schüler an d'Klass géife kommen, géif ee sech op neutralem Terrain befannen, esou den Enseignant. De Gilbert Hopp, Sous-Direkter vum LTC, gesäit dat och esou. Hie leet dës Classes d'accueillen um Kierchbierg. D'Kanner hätten dacks perséinlech Problemer. Dofir stellt d'Schoul e Service de Psychologie bereet, deen zesumme mat de Kanner hir Vergaangenheet opschafft.

An de Classes d'accueile vum LTC an der Annexe Kierchbierg hunn d'Schüler véier Stonne franséisch a 14 Stonne Lëtzebuergesch d'Woch. Woubäi och all déi aner Coursen, wéi Mathe, Sport oder d'Schaffen am Atelier op franséisch gehale ginn. Dat soll et de Schüler erméiglechen, spéider e méi liichten Accès op den Aarbechtsmarché ze fannen, seet de Gilbert Hopp.

"Wann d'Schüler ukommen, beherrsche si praktesch guer kee Wuert Franséisch oder Lëtzebuergesch. Wann een awer gesäit, wat si schonn no engem Trimester kënnen, do kënne si sech awer schonn débrouilléieren. Natierlech ëmmer op engem relativ nidderege Sproochenniveau."

Zum Schluss no zwee bis véier Joer hunn d'Schüler e gudden Niveau erreecht e prett fir kënnen an eng normal Classe d'insertion ze goen. Si géifen dann och um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché eng Plaz fannen. Am Duerchschnëtt wieren d'Schüler dräi bis véier Joer am LTC an esou enger Classe d'accueil - duerno kéinte si meeschtens esou gutt franséisch, datt si sech ouni Problemer kéinte verstännegen, seet de Gilbert Hopp. Am ganze ginn et am LTC siwe Classes d'accueillen. Eng dovun ass d'Alphabetisatiounsklass. Schüler, déi keng Chance haten an hirem Heemechtsland an d'Schoul ze goen, géifen hei liesen a schreiwe léieren. "An da komme si an déi 'normal' Classes d'accueillen. An elo zënter zwee Joer hu mir och déi Accu+, fir wa si net den Niveau no engem Joer erreecht hunn, wou si dann nach kënnen op engem zweete Joer hir Kompetenzen verbesseren, datt mir si kënnen an deen normale Circuit integréieren."

De Max Fischbach ass Enseignant am LTC an huet, wéi hie selwer seet, seng Plaz hei fonnt

Enn den 80er Joren huet de Lycee technique du centre d'Classes d'integration agefouert. Dës Klassen hunn et de Schüler, déi nach net laang am Land waren erlaabt, sech séier an de Lëtzebuerger Schoulsystem ze integréieren. Mëtt den 90er Jore sinn dunn d'Classes d'accueillen agefouert ginn. Deemools gouf et vill Schüler aus de Balkanlänner, haut sinn et vill Jonker tëscht 12 a 17 Joer, déi aus Krichs- a Krisegebidder kommen.

An dëse Klasse sinn also eng Parti Refugiéen, mä och aner Kanner, déi eréischt viru kuerzem an de Grand-Duché geplënnert sinn. Esou zum Beispill och de 15 Joer alen Igor, deen aus Angola op Lëtzebuerg koum. Hien ass frou hei kennen an d'Schoul ze goen - och wann hie sech géif wënschen nach méi Lëtzebuergesch ze léieren. "Dat géif deene Schüler sécher hëllefen, déi nach kee Lëtzebuergesch kënnen."

Den Igor weess nach net, wat hien no der Schoul wëllt maachen. Seng Schoulkomerodin Grace huet dogéint schonn eng vague Iddi, wou säi Wee déi jonk Schülerin wäert hiféieren.

"Wéi ech heihinner komm sinn, wollt ech Infirmière ginn. Mä et schéngt net méiglech ze sinn. D'nächst Joer ginn ech an eng Technicien Klass an da gesinn ech. Vläicht wäert ech herno an enger Administratioun oder am Commerce schaffen. Ech gesinn dat mat mengen Notten."

Béid Schüler si motivéiert an d'Schoul ze goen a sech op dat spéidert Liewe virzebereeden. Den Igor wënscht sech fir seng Klass: "Datt mir alleguer eis Klass packen an datt mir et fäerdeg bréngen, d'Sprooche gutt ze léieren. Et si verschiddener, déi Problemer mat der Aussprooch hunn. Hinne wënschen ech, datt si dat nach kënne verbesseren.

Eng Classe d'accueil am LTC mam Lëtzebuerger Ausseminister

De Max Fischbach, Enseignant vun enger Classe d'accueil seet, datt een dësen Unterrecht nach weider misst ausbauen an en drëtt Joer fir d'Schüler misst ubidden. Nëmmen esou kéint - duerch den differenzéierten Unterrecht - déi sproochlech Barrièrë komplett opgeléist ginn.

"Wa si lo op menger Klass Accu+ fäerdeg sinn, gëtt gekuckt, wéi een Niveau datt si erreecht hunn. (...) An dann hu si e gewësse Profil an doropshi kann dann orientéiert ginn."

Wat duerno geschitt, wier ni virauszesoen, mä alles wier méiglech. "Dat ass immens flott. Et ass och interessant ze gesinn, datt d'Schüler dat akzeptéieren innerhalb der Klass. Datt si wëssen, deen een ass op där Spur, an ech sinn op dëser Spur. Dat Zesummeliewen, dat geet ganz gutt."

An der Mediathéik:

Land a Leit / / Tessy Steffen Koenig
Lauschteren

Méi zum Thema

Zewdy, Christiane a Georges
Flüchtlingen en neit Doheem ginn

D'Zewdy ass virum autoritäre Regime an der Ënnerdréckung vum Vollek aus Eritrea geflücht. Zu Käl beim Christiane a Georges Rassel huet dat 23 Joer aalt Meedchen en neit Doheem fonnt.

Nori
Trans'Kanner an der Schoul

D'Nori huet zéng Joer a weess scho ganz laang, datt hatt e Meedchen ass - obwuel et bei der Gebuert dat männlecht Geschlecht zougewise krut.

Klassenzëmmer
Informatik am Klierfer Lycée

De Klierfer Lycée mécht beim Programm "Jidderee ka programméieren" vun Apple mat. Schüler léieren Apps z'entwéckelen. Hien hätt seng Séil net un Apple verkaaft, seet den Direkter Jean Billa.

IRM Gehir Scan
Educatioun a Fuerschung

Et existéiert e Lien tëscht dem Fonctionnement vum Gehir a Léierprozesser, seet de kanadesche Professer a Fuerscher Steve Masson. D'Gehir passt sech sengen Aufgaben un a verännert sech, wann ee léiert.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • Une nouvelle application mobile « radio 100,7 »

    radio 100,7 vient de lancer sa nouvelle application pour appareils mobiles. L'appli, simple à installer et facile à utiliser, permet d'écouter le programme de la radio 100,7 en direct et en différé en puisant dans la médiathèque de la radio. 

  • Yann Logelin, nouveau chef de la programmation à radio 100,7

    radio 100,7 annonce la nomination de M. Yann Logelin au poste de chef de la programmation. Yann Logelin prendra le relais de M Claude Mangen qui, après 25 ans à ce poste, assumera la direction du Mierscher Kulturhaus à partir du 1er novembre 2018.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen