Sot emol "Ech hu vu Klengem u gezeechent"

Den Ingo Schandeler ass vun der Formatioun hir Ingenieur an en huet och bis d'Pensioun als Enseignant ënner anerem op der Uni Lëtzebuerg geschafft. Mee eng Passioun, déi enb zanter senger Kannerzäit huet, ass d'Konscht a besonnesch d'Molerei.

Jean Claude Majerus / cbi

Ingo Schandeler

Den Ingo Schandeler huet ëmmer gezeechent, an der Haaptsaach waren dat och schonn als Kand Karikaturen.

"An der Schoul vill gemoolt, och fir d'Zäit ze iwwerbrécke wann et langweileg war. Mee ech hu mech net getraut fir de Beruff Kënschtler als Vollberuff ze maachen. Ech war och mathematesch gesi gutt drop an do sinn ech dann nom Secondaire op d'Uni gaangen an hunn Ingenieur gemaach."

Keng Grenzen tëscht de Genren

Am Ingo Schandeler senge Biller gesäit een, wat dem Artist um Häerz läit, nämlech Technik vun de Cartoons an der Karikatur mat der Molerei ze vermëschen.

"An net nëmmen op engem normale wäisse Blat e puer Strécher ze maachen, mee dat dann eben och nach kënschtleresch weider ze féieren."

Recycling ass e groussen Theema

Den Ingo Schandeler huet a senge Kreatiounen ëmmer iergend wéi de Recycling mat afléisse gelooss.

"Op dat vum Material hir war, dat ech benotzt hunn oder vun der Iddi datt déi Biller net solle just als Biller anzwousch genotzt ginn, mee och als Illustratioune fir Bicher oder soss eppes"

An der Mediathéik:

Sot emol / / Jean Claude Majerus
Lauschteren

Méi zum Thema

Ernie Hammes
SOT EMOL

Fréi schonn hat den Ernie Hammes sech an de Kapp gesat an d'Militärmusek ze goen. Fir dat Zil ze erreechen huet hien och déi néideg Demarchë gemaach. Seng Villsäitegkeet huet him a senger Karriär immens gehollef.

Alex Reding
Sot Emol

Bis e Sonndeg ass an der Stad déi 7. Editioun vun der Luxembourg Art Week. De Papp - a Kapp - vun der Art Week ass den Alex Reding, deen dëst Joer mat senger Galerie 20 Joer feiert.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Popfilter

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Den Nomëtteg

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen