Radioen

On air

Notturno  |  Bonnie "Prince" Billy - I Am The World's Greatest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech ka mir net virstellen, anescht ze liewen"

Straight Edge Beweegung

"Ech ka mir net virstellen, anescht ze liewen"

Schonn Enn de 70er Joren huet sech eng Partie jonk Leit zesumme gedoen, déi mam Motto "No Future" näischt ufänke konnten. Si wollten en Zeeche setzen, géint den Drogekonsum, deen an hirer Zeen - der Punkzeen - zimlech geleefeg war. An hunn eng Band gegrënnt. Dat war souzesoen den Ufank vun der Straight Edge Bewegung.

auto_stories

5 min

"I don't smoke, I don't drink, I don't fuck" sange Minor Threat op hirem Album "Out of Step aus dem Joer 1983.. Hiert Lidd mam nämmlechten Titel gëlt als Ufank vun der "Straight Edge Bewegung, déi aus der US-amerikanescher Hardcore-Punk Zeen entstanen ass.

Eng Partie Leit hate keng Loscht méi, op Concerten ze goen, op deene vill Leit vill Alkohol gedronk oder Droge geholl hunn, esou d'Milena Steinmetzer. Si lieft selwer zënter ronn fënnef Joer nom Motto "Straight Edge". Straight Edge wier am Fong "eng Géigebeweegung zu der Géigebeweegung".

"Leit, déi drénken, verännere sech fir Spaass ze hunn oder aus anere Grënn. Als Straight Edge Persoun ass een esou, wéi een ass."

D'Straight Edge Beweegung wier - wéi d'Hardcore Punk an d'Punk Zeen och - awer eng staark Männer dominéiert Beweegung. Am Ufank hat d'Milena Steinmetzer ni d'Bedürfnis gehat, zu där Beweegung dozou ze gehéieren.

"Gläichzäiteg hunn ech et cool fonnt, datt et Leit ginn, déi de ganze Rausch oflehnen."

Si wier duerch d'Musek, déi si lauschtert, a Verbindung mat där Beweegung komm. An hirem Ëmfeld wier et virkomm, datt Leit eppes an d'Glas gemaach kritt hunn.

Sech selwer an d'Situatioun ënner Kontroll hunn

D'Milena Steinmetzer hätt gemierkt, datt et zu Grenziwwerschreidunge kéint kommen, wann ze vill gedronk gëtt. Si hätt dowéinst ugefaangen op de Concerte keen haarden Alkohol méi ze konsomméieren, och fir sech selwer méi ënner Kontroll ze hunn.

Déi jonk Fra wier dunn a Kontakt mam Buch "The Sober Living for the revolution" komm. Si hätt gemierkt, datt och Fraen Deel vun der Straight Edge Beweegung sinn a verschidde Leit op der Welt dat ganzt a Verbindung mam Feminismus bréngen.

"Mir kënnen iwwer eisen eegene Kierper decidéieren, mir kënnen iwwert dat decidéieren, wat mir an eise Kierper ophuelen oder net."

Fir d'Milena Steinmetzer kéint dat bewosst net drénken oder Drogen huelen och e politeschen Ausdrock sinn. Mee et wier awer net hire Grond, esou nach déi jonk Fra. Straight Edge ze liewe wier awer net eng politesch Beweegung mee e "perséinleche Choix".

"Zu Lëtzebuerg gëtt et keng richteg Zeen"

D'Bewegung huet sech och nei Reegele ginn, respektiv nei Weeër gesicht: Eng gutt Partie Straight Edger géife kee Fleesch oder Fësch iessen oder och ganz ouni déieresch Produite liewen, also sech vegan ernieren. Mee och dat ass kee Muss.

Zu Lëtzebuerg géifen et vereenzelt Straight Edger ginn, et wier awer keng richteg organiséiert Zeen hei, esou d'Milena Steinmetzer.

A Schweden dogéint, géif et eng grouss Straight Edge Zeen ginn, seet d'Milena Steinmetzer. Hir Concerte sinn a Jugend Zentren. Hei gëtt keen Alkohol zerwéiert, och de Genoss vun Alkohol ass onerwënscht.

Obwuel si keen Alkohol drénkt, géif d'Milena Steinmetzer d'Phänomen vum sougenannten "Sober Hangover" - also en Hangover, deen net vun alkoholeschem Gedrécks kënnt, kennen.

"Et spiert sech esou ähnlech un. Et huet een en decke Kapp an et ass ee midd. Vill méi schlëmm war et deemools, wéi nach an de Caféë gefëmmt gouf."

An déi jonk Fra ass net eleng domat. De Lëtzebuerger Maxime Weber, Auteur bei der däitscher tageszeitung, kuerz taz, schreift a sengem Artikel "Der nüchterne Kater" iwwer d'Symptomer ouni Alkohol. Och dat laangt ausschlofe moies no enger laanger Nuecht géif dozou bäidroen, esou den Auteur, datt d'Zellen am Hypothalamus den Dag an Nuecht-Rhythmus duerchernee géife bréngen.

Huet een iwwerhaapt nach Spaass?

Straight Edger géifen dann och dacks gefrot ginn, ob si da Spaass beim erausgoen hätten oder iwwerhaapt am Alldag, wa si souzesoen op alles musse verzichten. Fir d'Milena Steinmetzer ass d'Äntwert ganz kloer.

"Ech kann éierlech gesot méi Spaass hunn, wann ech net drénken. Ech hunn ni gefëmmt, ech war ni drogenofhängeg, fir mech war et vläicht méi einfach. Ech hunn net den Androck, datt ech op eppes verzichten."

Unhänger vun der Straight Edge Beweegung fëmmen net, si drénken net an huelen och soss keng aner Drogen. Dofir ginn et vill an ënnerschiddlech Grënn.

"Déi ganz Woch muss ee funktionéieren"

Eng Partie leit gesinn d'Anti-Drogen-Positioun als Ofleenung vun enger Gesellschaft, déi sech selwer zerstéiert an an där den Konsum vun Drogen zum Mainstream ginn ass. Iergendwou wier si och rosen op de System, seet d'Milena Steinmetzer.

"Et ass absurd, wéi mer eis de Weekend ewechgeheien an d'Woch iwwer mussen opputschen, fir se ze iwwerstoen. Ech gesinn do och vläicht eng Kapitalismuskritik: Déi ganz Woch muss ee funktionéieren an de Weekend op Knappdrock Spaass hunn. An da muss ee sech Drogen era geheien, fir labber ze sinn an den Drock ze vergiessen."

Si hätt och fir sech decidéiert, net méi wëllen do mat ze maachen. D'Milena Steinmetzer bedauert, datt "mer an enger Gesellschaft liewen, an där et normal ass, sech schonn am jonken Alter kënne mat all méiglechen Drogen, wéi zum Beispill Alkohol, ewechzegeheien."

Deene meeschte Straight Edger geet et allerdéngs net drëm, de System ze kritiséieren, mee méi Selbstkontroll ze hunn respektiv sech selwer an anerer ze schützen.

D'Milena Steinmetzer ka sech net virstellen, anescht ze liewen. Et wier hire perséinleche Choix, mee iwwer déi Saach mam Verzicht op all Zort vun Drogen - an do zielt den Alkohol dozou - kéint ee jo mol nodenken.


De Bäitrag vum Tessy Steffen Koenig:

Lauschterenplay_arrow


Notiz vun der Redaktioun: D'Milena Steinmetzer ass och Spriecherin vun déi jonk lénk.