Caroline Döhmer: Wa mer e Verb a senger Grondform kucken, da fanne mer am Kär e Vokal, de Stammvokal. Kucke mer mol dës Verben: schafen, lafen, falen. Ech hunn allkéiers de Stammvokal [a:]. Wann ech déi Verben elo am Present benotzen, kréien ech Follgendes:
- schafen: du schaafs (alles wonnerbar: "a" bleift "a")
- lafen: du leefs (hei gëtt aus dem "a" en "ee")
- falen: du fäls (hei gëtt aus dem laangen "a" e kuerzen "ä")
Simon Larosche: O vreck, dat ass jo rëm ganz schéi komplizéiert. Wat sinn ech nees frou, datt ech dat als Mammesproochler ganz automatesch richteg maachen!
Maja, kuck: "maachen" ass nees e Verb mat engem laangen "a" als Stammvokal, deen dann nees zu engem anere Laut gëtt. Hei gëtt aus engem laangen [a:] e kuerzen [e]: ech maachen - du méchs.
Do ännert awer méi wéi just de Vokal?
Hei ännert de Vokal an dat huet dann en Afloss op den "ch". Dee gëtt nämlech [x] oder [ɕ] geschwat, jee nodeem wéi ee Vokal virdrunner steet. Dat ass d'selwecht wéi bei "Buch - Bicher". Hei spillt och de Laut virdrun eng wichteg Roll fir den "ch".
A beim Vokalwiessel mam "a" kann de Vokal ëmmer iergendwéi zu engem anere Vokal ginn?
Et gi Verben, déi do natierlech änlech sinn, also et gëtt do schonn eng Systematik beim Vokalwiessel. Bleiwe mer mol bei eisen dräi Verbe vum Ufank:
- schafen: du schaafs (ouni Wiessel). Aus dëser Kategorie: laachen, erkalen
- lafen: du leefs (a gëtt ee). Aus dëser Kategorie: kafen.
- falen: du fäls (a gëtt ä). Aus dëser Kategorie: halen, gefalen.
Et betrëfft awer net just den "a" als Stammvokal.
Wéi eng dann nach?
Mer hunn och aner Fäll:
- loossen: du léiss
- bezuelen: du bezils
- huelen: du hëls
Ass dat ëmmer beim "du", wou et wiesselt?
Et ass normalerweis beim "du" a beim "hien/hatt/si", also bei der zweeter a bei der drëtter Persoun Singulier.
ruffen: ech ruffen, du riffs, hien/hatt/si rifft, mir ruffen, dir rufft, si ruffen
Gëtt et nach eppes Spezielles bei dësem Vokalwiessel?
Am Ufank has du jo d'Verb "vergoen" ugeschwat. An "goen" ass nees besonnesch opfälleg, well mer am Present hei zwee Vokalwiessel hunn:
goen: ech ginn, du gees, hien/hatt/si geet, mir ginn, dir gitt, si ginn
Mee falls de dech un d'Franséischt erënners, do ass "aller" och super opfälleg mat senge verschiddene Formen: je vais, nous allons, ils vont asw.
Am Lëtzebuergeschen ännert jo och net just de Vokal. Wéi bei "maachen" - "du méchs" hu mer dann och de Konsonant, deen an dësem Fall a senger Aussprooch ännert.
D'Aussprooch kann och änneren, wann de Konsonant hanne steet. Dat hu mer och bei der Ennverhäerdung: ech roden - du réits. Hei gouf dann nieft dem Vokalwiessel aus dem mëllen [d] en haarden [t]. Am Fong huet hei all Laut an all Buschtaf geännert, bis op den "r"!
Ennverhäerdung?
Dat ass, wa bestëmmt Konsonanten um Enn stinn an dann anescht ausgeschwat ginn. Mee dat erzielen ech gären eng aner Kéier.