Radioen

On air

De Weekend  |  Depeche Mode - Policy Of Truth

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech war vill entweder-oder a menger Karriär"

Am Gespréich

"Ech war vill entweder-oder a menger Karriär"

D'Liz May kann op eng erfollegräich Karriär als Triathletin zeréckkucken, mat ënner anerem enger 17. Plaz bei den Olympesche Spiller 2004 zu Athen. Dernieft war si och fënnef Mol Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer. An der Serie Am Gespréich war awer net nëmmen de Sport Theema, well d'Liz May huet och eng kënschtleresch Säit.

auto_stories

4 min

D'Liz May doheem am Gespréich mam Pit Walté

Datt d'Liz May eng erfollegräich Lëtzebuerger Sportlerin war, ass deene meeschte wuel bekannt. Manner gewosst ass awer wuel, datt d'Liz May schonn e Kannerbuch geschriwwen huet, Biller moolt an aktuell beim Europäesche Geriichtshaff schafft.

Immens gutt oder et geet an d'Box

Am Joer 2000 huet d'Liz May mam Triathlon ugefaangen, vun 2002 un dann op engem professionellen Niveau. D'Liz May huet am Interview iwwer e puer Highlighten nieft den Olympesche Spiller, iwwer schwéier Zäiten an hirer Karriär a wéi si mat deenen ëmgaangen ass, geschwat.

"Ech war vill entweder oder a menger Karriär. Ech sinn, soe mer um Spektrum, e bësse manner robust als Athletin, dat heescht entweder geet et immens gutt, also Top fënnef, oder et geet wierklech an d'Box."

Den éischten Deel lauschterenplay_arrow

De Schluss vun der Karriär

13 Joer laang war d'Liz May Athletin, bis si am Joer 2013 e Schlussstréch ënner hir Karriär gezunn huet. D'Liz May huet am Interview doriwwer geschwat, wéi den Iwwergang an en normalen Alldag gelaf ass, d'Repercussioune vum Sport op hire Kierper an och iwwer en Dram, deen ëmmer nees zeréckkënnt.

"Ech si géint mäi Wëllen op engem Weltcup an et ass net flott, well ech weess, ech si schlecht a Form, well ech op deem Weltcup an deem Zoustand sinn, an deem ech elo halt sinn. Ech maachen e bësse Sport, mee ech sinn net a Form. A bei deene Weltcuppe geet et dann ëmmer méi a méi schlecht."

Den zweeten Deel lauschterenplay_arrow

"De Sportler ass eng schwaach Partei"

Vun 2000 bis 2013 war d'Liz May eng erfollegräich Triathletin, 2002 huet si dann och ugefaangen Jura ze studéieren, bis 2004 zu Tréier, duerno dann zu Kopenhagen. D'Liz May huet doriwwer geschwat, datt dëse Studium eng Zort Ausgläich fir si nieft dem Sport war, iwwer hir Aarbecht um Europäesche Geriichtshaff an huet awer och op Problemer opmierksam gemaach, déi hir als Sportlerin begéint sinn.

"De Sportler ass eng schwaach Partei. De Sportler ass jonk, vläicht net esou ausgebilt, finanziell huet en net vill Ressourcen, heescht, et gëtt op de Sportler getrueden. Wann een den Dopping-System hëlt, ech ka genee esou gutt, vläicht vill besser dofir argumentéieren, datt ee fir Dokteren een Test-System misst aféieren, datt si net ënner dem Afloss vu Kokain oder Alkohol praktizéieren. Mee esou ee System kann een ni géint Dokteren aféieren, well si géife sech wieren a si kënne sech wieren, well si sinn héich ausgebilt, si kënne sech organiséieren a si si ressourcëstaark."

Den drëtten Deel lauschterenplay_arrow

Workshoppe mat Kanner

D'Liz May war net nëmme Sportlerin a schafft elo um Europäesche Geriichtshaff, si moolt och schonn zanter Jore Biller. Si huet iwwer hir Liblingsmotiver an Zäit-Management geschwat, awer och iwwer Workshoppe fir Kanner an der Philharmonie, un deene si bedeelegt war. E Projet, deen hir vill Freed gemaach huet a sI bëssen un d'Aarbecht vun enger Trainerin erënnert huet.

"Dat war immens flott. Ech hu vill geléiert a vill nei Iddie fir aner Workshoppen. Dat eent oder dat anert, et muss een Impulser ginn, et muss een de richtege Wee weisen. Dat kann een eent zu eent iwwerféieren."

De véierten Deel lauschterenplay_arrow

Kannerbicher

2015 koum d'Kannerbuch "Pohutukaw-Eil" vun der Liz May bei Editions Phi eraus. An der Serie Am Gespréich huet si iwwer d'Hannergrënn vun dësem Buch geschwat, weider Projeten, déi an der Maach sinn an och doriwwer, firwat et fir si heiansdo schwiereg ass, e Projet ze finaliséieren.

"Ech mengen net, datt ech eng Perfektionistin sinn, mee ech ginn awer ambitiéis an ech ginn immens einfach vu Saachen inspiréiert. Dat heescht, da kréien ech nei Iddien, an da wëll ech, datt d'Geschicht an déi Richtung geet an dann deent sech dat halt aus."

De fënneften Deel lauschterenplay_arrow