Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Joer Maison de la Grande Région

Iwwert d'Grenzen

Ee Joer Maison de la Grande Région

Méi Zesummenaarbecht iwwert d'Grenzen ewech an de Leit d'Groussregioun méi no bréngen. Dat gëtt sech vun der Maison de la Grande Région versprach. D'Haus zu Esch huet virun engem Joer seng Dieren opgemaach.

auto_stories

2 min

D'Maison de la Grande Région ass zu Esch nieft der Gare. Foto: Sécrétariat du Sommet de la Grande Région

Ronn 11,2 Millioune Leit wunnen an der Groussregioun. Gutt 220.000 Awunner si Frontaliere. Obwuel sech d’Leit dagdeeglech an dëser Regioun bewegen, spillt fir si de Begrëff "Groussregioun" keng wichteg Roll.

Dobäi wier d'Groussregioun eng geliefte Realitéit, fënnt d’Agnes Véron vum Secretariat du Sommet de la Grande Région. D'Awunner géingen am Alldag vun der Kooperatioun tëscht de Länner profitéieren.

De Bierger d'Groussregioun méi no ze bréngen, ass dofir eng vun den Aufgaben, déi sech d'Institutiounen am Haus vun der Groussregioun ginn hunn. Néng Institutiounen hunn hire Sëtz am Escher Gebai. Dorënner d'Secretariat de la Grande Région, dat de Sommet de la Grande Région koordinéiert, QuattroPole, EuRegio an de Programm Interreg IV-A Grossregion.

Koordinatioun ënner engem Dag

Wat si verbënnt? Alleguer këmmeren si sech em Projeten, déi an der Groussregioun ëmgesat ginn. De grousse Virdeel vun deem gemeinsamen Haus wier déi vereinfacht Zesummenaarbecht. Et bräicht een nëmmen eng Etage no uewen oder no ënnen ze goen, esou de Michael Sohn vum Reseau QuattroPole. "Mir kënnen eis Aarbecht vill méi einfach koordinéieren. D'Transparenz ass méi grouss." Esou soll verhënnert ginn, datt Duebel-Strukturen entstinn.

Bis d'lescht Joer war de Sëtz vun der Maison de la Grande Région an der Stad. An deem Gebai haten awer nëmmen zwou Institutioune Plaz. 2014 gouf dofir um Sommet de la Grande Région decidéiert, de Projet auszebauen. Esch huet sech als Standpunkt ugebueden. D'Stad läit zentral an der Groussregioun an ass gutt un den ëffentlechen Transport ugebonnen.

D'Maison de la Grande Région zu Esch ass nach jonk ass. Am Haus ass een sech awer sécher, datt de Projet der Groussregioun nëtzt.