Radioen

On air

De Moien  |  Childish Gambino - Redbone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee passionant Wierk mat enger problematescher Approche

Buchkritik

Ee passionant Wierk mat enger problematescher Approche

Zanter 2013 publizéiert den Historiker Denis Scuto reegelméisseg Chroniken, an deenen hie sozial a politesch Froen aus engem historesche Wénkel beliicht. D'Fondation Robert Krieps huet elo eng Auswiel vu 70 Chroniken a Buchform verëffentlecht. Zwar ass d'Buch spannend an immens informativ, mee eng grouss Kontradiktioun zitt sech wéi ee roude Fuedem duerch dat ganzt Wierk a schuet der Qualitéit vum Buch.

auto_stories

5 min

Den Historiker Denis Scuto huet 70 Chroniken iwwer d'Geschicht vu Lëtzebuerg publizéiert

Den Denis Scuto ass e Populärhistoriker am positive Sënn vum Wuert - hie populariséiert wëssenschaftlech Erkenntnisser, fir se engem méi breede Public accessibel ze maachen. Dat ass ouni Zweiwel och de grousse Verdéngscht vu senge Chroniken.

E politesch aktive Bierger

Als Vize-Direkter vum Institut fir zäitgenëssesch an digital Geschicht sëtzt den Denis Scuto souzesoen un der Quell vun der Wëssensproduktioun, an hien notzt dëse privilegiéierten Accès fir de Wëssenszougang ze demokratiséieren. Soumat widdersprécht hien dem Klischee vum Fuerscher, dee just a senger akademescher Blos lieft, ouni Bezuch mat der Aussewelt a mat de reelle Suergen a Problemer.

Mee dem Denis Scuto säi soziaalt Engagement geet méi wäit wéi dat. Hie gesäit sech nämlech net just als Historiker, mee och - a vläicht virun allem - als politesch aktive Bierger. Wéi seng Chronike weisen, versteet hie säi Beruff als eng Manéier sech politesch ze engagéieren. Säin Zil ass et, nationalistesch a konservativ Interpretatioune vun der Vergaangenheet ze hannerfroen an ze widderleeën - Interpretatiounen, déi hien als Mythen definéiert.

Verschidden Interpretatiounen

Wéi den Denis Scuto ganz richteg ervirhieft, gëtt d'Vergaangenheet vill ze dacks fir politesch Zwecker an der Géigewaart instrumentaliséiert. D'Aart a Weis, wéi een d'Vergaangenheet interpretéiert, hänkt dacks vun der Zäit a vum Kontext of, an där d'Geschicht geschriwwe gëtt. Soumat beaflosst d'Vergaangenheet net just d'Géigewaart, mee ëmgedréit beaflosst d'Géigewaart och eist Bild vun der Vergaangenheet. Dës Erkenntnis virbildlecht den Denis Scuto a sengem Buch unhand vun der lëtzebuergescher Historiographie, déi vill ze dacks nationalen Interessi ënnergeuerdent gouf.

Ee Schlësselkapitel vum Buch fënnt ee ganz am Ufank. A senger Chronik vun Abrëll 2014 weist den Denis Scuto wéi een Evenement - de Londoner Vertrag vun 1839 - a fënnef verschiddene Kontexter anescht interpretéiert gouf. Geschicht ass also net nëmmen d'Realitéit vu fréier, mee virun allem hir spéider subjektiv Interpretatiounen.

"Il est important de rappeler que l'histoire est une re-construction du passé à partir de points de vues différents et eux-mêmes historiques. Elle peut être instrumentalisée, manipulée au nom d'une idéologie, d'une politique, d'une religion. A chaque stade de la recherche historique, la subjectivité de l'historien joue un rôle."

Seng eege Subjektivitéit als lénksgeriichten Historiker mat Migratiounshannergrond assuméiert den Denis Scuto ganz bewosst an der Introduktioun vum Buch. Och seng Texter sinn also ee Produkt vun hirer Zäit a vu hirem Auteur senger Identitéit.

"Eng" Geschicht vu Lëtzebuerg

Schonn den Titel vum Buch ënnersträicht de subjektive Charakter vun de Chroniken. Et ass net d'Geschicht vu Lëtzebuerg, mee "eng" Geschicht vu Lëtzebuerg - nämlech dem Denis Scuto seng. A genee hei verfänkt den Auteur sech an eng Kontradiktioun, déi hien am Laf vum ganze Buch entweder versicht ze rechtfertegen oder ze ignoréieren, ouni datt dat him richteg gelénge wëllt.

Engersäits beléiert den Denis Scuto mat erhuewenem Zeigefanger aner Historiker, déi senger Meenung no d'Vergaangenheet politesch mëssbrauchen a setzt sech gewëssermoossen iwwer si. Anerersäits gëtt hien zou, selwer eng subjektiv Geschichtsschreiwung ze bedreiwen. Den Denis Scuto schéngt an dësem flagrante Widdersproch kee Problem ze gesinn - ganz am Géigendeel.

"Si les vérités de l'histoire sont donc toujours relatives, provisoires et partielles, la quête de vérité, l'ambition d'écrire un récit critique et véridique reste néanmoins fondamentale non seulement pour l'histoire mais aussi pour une société démocratique."

Op eng gewëssen Aart a Weis stëmmt et sécherlech, datt sech eng subjektiv, kontextofhängeg Vue op d'Vergaangenheet net ganz vermeide léisst. D'Fro stellt sech awer, a wéi wäit et trotz allem méiglech ass, sech vun anachronisteschen Interpretatiounen ze befreien.

D'Fro vun der Objektivitéit

Sollt et net souguer d'Aufgab vum professionelle Geschichtswëssenschaftler sinn, sech sou objektiv wéi méiglech mat der Vergaangenheet auserneenzesetzen? Ass et net dat, wat de Wëssenschaftler vum geschichtspassionéierten Amateur ënnerscheet?

Tatsächlech weess den Denis Scuto a sengem Buch net ëmmer, wéi eng Kap hien undoe wëllt - déi vum Geschichtswëssenschaftler, dee sech beméit objektiv ze sinn, oder déi vum sozial a politesch engagéierte Bierger, deen d'Geschicht unhand vu subjektiven ideologesche Preferenzen analyséiert.

Allgemeng huet ee beim Liese vun de Chroniken d'Gefill, den Auteur géing ee manichäistescht Weltbild vertrieden. Sou eng schwaarz-wäiss Molerei gëtt der Komplexitéit vun der Realitéit awer net gerecht. Dem Auteur seng Feststellung, datt konservativ Historiker ze dacks politesch motivéiert waren, ass duerchaus pertinent, an hien huet all Grond dës Praktike blousszestellen.

Problematesch gëtt et awer dann, wann hie vun deene nämmlechte Methode Gebrauch mécht, fir eng änlech verzerrt a parteiesch Geschichtsschreiwung ze praktizéieren an dobäi seng eege subjektiv Interpretatioun vun der Vergaangenheet op ee Podest erhieft.

D'Immigratiounsgeschicht zu Lëtzebuerg

Als Beispill vu villen kéint een d'Immigratiounsgeschicht vu Lëtzebuerg huelen, déi den Denis Scuto a verschiddene Chronike behandelt. Dobäi schreift hien zu Recht, datt Immigratioun an der Lëtzebuergescher Gesellschaft dacks zu xenophobe Reaktiounen geféiert huet - net zulescht an den 1930er Joren.

All d'Beispiller déi hie gëtt fir d'Diskriminatioun géigeniwwer Auslänner ze beschreiwen, kommen aus dem rietspolitesche Bord. Datt och d'Sozialisten an d'Kommuniste sech géint eng Immigratioun ausgeschwat hu fir d'Lëtzebuerger Aarbechter ze schützen, fënnt a kenger Zeil vum Buch Erwänung, obschonn dem Auteur dës Positioune net onbekannt dierfte sinn.

D'Buch ass awer ze recommandéieren

Trotz dëser Kritik bleift dem Denis Scuto säi Buch eng empfeelenswäert Lecture - ënner der Konditioun awer seng Chronike net als wëssenschaftlech Texter ze gesinn. Vill méi ass d'Buch als eng Sammlung vu kuerzen Essayen ze verstoen, déi den Austausch an d'Debatt fërdere wëllen. An dësem Sënn erfëllt d'Buch duerchaus säin Zil. Dem Denis Scuto seng Chronike reegen zum Nodenken un an zwéngen de Lieser, seng virgefaasste Meenungen ze hannerfroen.

Dobäi schneit den Denis Scuto eng Panoplie un Theemen un: et geet vum industrielle Patrimoine zum Problem vun der Pedophilie an der Kierch, vun der Steiergeschicht, zum Antisemitismus an der Nokrichszäit, vu Protestbeweegungen bis zur Plaz vu Lëtzebuerg an der Europäescher Unioun. Verschidde Chronike si méi iwwerzeegend wéi anerer, mee all si se kritesch a leidenschaftlech geschriwwen. Trotzdeem sollt een d'Chronike mat Virsiicht genéissen.

Geschichtsschreiwung ass dacks parteiesch a sollt dofir kritesch hannerfrot ginn - dat ass dee wichtegste Message, deen den Denis Scuto sengem Lieser mat op de Wee wëllt ginn. Dat trëfft och op dës Chroniken zou.