Radioen

On air

De Moien  |  Electric Light Orchestra - Don't Bring Me Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee sozialen Engagement

Sot Emol

Ee sozialen Engagement

Als Bouf war de Marc Elvinger am Pafendall an am Stater Gronn schonns sensibel op defavoriséiert Persounen. Seng Konviktiounen hu sech dunn als Student zu Aix confirméiert - wou hien Droit geléiert huet - a wéi hien eng Campagne vun der ONG Frères des Hommes gesinn huet mam Titel : "Mieux se nourrir, vaincre la faim".

auto_stories

3 min

Seng Quête no Humanitärem huet hie schlussendlech iwwer Action Solidarité Tiers Monde an de Bangladesch gefouert. Zanter 2007 ass hie fir d'ONG Friendship ganz aktiv.

"Ech muss awer soen: ier ech zu Aix op der Uni war, hunn ech mech ëmmer sozial engagéiert fir Kanner, am Ufank fir Kanner Bäihëllef an der Schoul ze ginn - dat huet sech deemools BIM genannt - ma och bei der Caritas an der Téi Stuff fir d'Sans-Abrien. An u sech géif ech och mengen, datt de Gerechtegkeetssënn fir een Affekot näischt Aussergewéinleches ass, déi zwou Saache missten am Fong relativ gutt beienee goen."

Zanter senger Studentenzäit hunn humanitär Besoine sech verännert an d'Hëllef muss deemno ëmmer nees adaptéiert ginn.

Klimawandel ass ee groussen Defi fir de Bangladesch

De Bangladesch huet 145.000 Quadratkilometer, zielt ronn 165 Milliounen Awunner an ass eent vun de bevëlkerungsräichste Länner op der Welt. D'Populatioune liewen zu enger ronn 1.300 Awunner pro Quadratkilometer an engem Delta.

Ee groussen Deel läit knapps 12 Meter iwwer dem Waasser, an de Bangladesch ass nach méi flaach wéi Lëtzebuerg. De Bangladesch war fréier eent vun de räichste Länner vum Indesche Kontinent, haut zielt et zu engem vun den äermsten.

De Marc Elvinger ass dacks ënnerwee fir u Konferenzen Deel ze huelen. Zum Beispill rezent zu Marseille op der International Union for Conservation of Nature, wou et ëm Biodiversitéit gaangen ass. Deemnächst wäert hien och zu Glasgow un der COP26 deel huelen.

"Et kann een sech d'Fro stellen, wéi vill dës Manifestatioune beweegen, mee fir mech war et eng super Geleeënheet fir ze gesinn, a wéi wäit d'Saachen zesummenhänken, nach weider iwwer de Klimawandel eraus. Et kritt ee méi eng global Vue. Dat ass een Encouragement dozou d'Saache global un ze goen, mee dann dierf een net vergiessen, datt ee konkret en fonction vun de Besoinen, de konkrete Besoinen seng Aktiounen adaptéiert, soss riskéiert ee sech ze verléieren an deem Globalen (...) et gëtt engem ëmmer erëm een Ustouss ze gesinn, wat sech alles deet."

Soziaalt Engagement: "een Deel vu mir selwer"

Fir de Marc Elvinger ass dat soziaalt Engagement keen Deel vun enger professioneller Karriär, mee fir hien ass dat en Deel vu sech selwer.

"Jo ech hunn dat emol gesot, dat kéint u sech iwwerhieflech kléngen, mee et wier onvirstellbar, datt ech muer géif soen, elo lees du dat emol op d'Säit, dat geet net. An deem Sënn ass dat sécherlech een Deel vu mir an een Deel, dee mat der Zäit, zumindest wat den Zäitopwand betrëfft éischter méi grouss ginn ass wéi méi kléng, obwuel ech ëmmer nach aktiv sinn um Barreau".

Fir Zäit ze hu Friendship ze presidéieren, schafft de Marc Elvinger just nach Deelzäit als Affekot. An där wéineger Fräizäit déi him bleift, geet de Marc Elvinger gär an d'Natur, wou hie schafft a spadséiert, fréier ass hien op Bierger geklommen.