Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dandelion Head - Love On Your Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Spadséiergang duerch d'Geschicht vun de Scouten

Lëtzebuerger Sachbicher

Ee Spadséiergang duerch d'Geschicht vun de Scouten

2014 huet d'Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg säin 100. Anniversaire gefeiert a fir déi Geleeënheet e Buch iwwer d'Geschicht vun där eelster Lëtzebuerger Scoutsorganisatioun erausbruecht. Sechs Joer no der Grënnung vun der FNEL - also am Joer 1920 - publizéiert d'FNEL hiert éischt Informatiounsblat. Grond genuch, och dëse Centenaire mat enger eegener Publikatioun ze zelebréieren.

auto_stories

4 min

De Scout ass zanter mëttlerweil 102 Joer dat offiziellt Organ vun de laizistesche Scouten zu Lëtzebuerg. D'Publikatioun ass awer net dat éischt Informatiounsblat vun der FNEL. Vun 1917 bis 1919 erschéngt ee Mol d'Joer de Guide Vade-mecum de la Fédération Nationale des Eclaireurs du Luxembourg.

Doranner fënnt een net just d'Statute vum Veräin, mee och theoretesch, historesch a literaresch Texter iwwer de Scoutissem - notamment aus der Fieder vun der Marguerite Mongenast, dem Batty Weber an dem Joseph Tockert. 1920 gëtt de Vade-mecum schliisslech duerch de Scout ersat:

"Notre annuaure qui mettait 12 longs mois à paraître ne peut plus nous suffire! D'autre part une revue paraissant tous les quinze jours nous coûterait trop cher, vu les moyens dont nous disposons aujourd'hui (...) notre revue paraîtra donc au moins six fois par an."

Neiegkeeten aus der Scoutswelt

Zanterhier a bis haut kënnt de Scout periodesch - wann och net ëmmer a reegelméissegen Ofstänn - eraus. D'Publikatioun huet den Zweck, d'Scouten iwwer déi national an international Neiegkeeten aus der Scoutswelt ze informéieren, Aktivitéiten, déi ustinn, unzekënnegen, awer och Compte-renduen an Anekdoten iwwer vergaangen Aktivitéiten ze publizéieren.

"Les récits personnels de camps et autres aventures forment une part importante du contenu de SCOUT. (...) Le vécu des guides et scouts constitue la meilleure publicité pour le scoutisme. Le souvenir de ce vécu publié dans SCOUT permet aussi de reconstituer, partiellement, la mémoire et l'histoire des groupes."

Nieft der simpeler Funktioun d'Memberen ze informéieren hat d'Organ vun der FNEL och d'Zil, praktesch Tipps an Tricke weiderzeginn a Scoutswäerter ze vermëttelen. Virun allem sollt de Périodique de Jonken d'Méiglechkeet gi sech auszedrécken an hir Gedanken an Erliefnisser ze deelen.

D'Entwécklung vun der FNEL suivéieren

D'Organ vun der FNEL ass duerchaus eng wäertvoll historesch Quell fir jiddwereen, dee sech fir d'Geschicht vun der Federatioun a senge verschiddene Scoutsgruppen interesséiert.

An der Broschür "DeScot vum Scout", déi de Centenaire vum Organ feiert, geet den Auteur Pierre Matagne - alias Castor - och op wichteg Evenementer an Etappe vun der FNEL an, sou wéi se am Scout beschriwwe ginn.

D'Broschür selwer ass awer u sech keng historesch-inhaltlech Etüd. Wéi den Ënnertitel vun der Broschür et scho seet versteet sech d'Buch villméi als ee Spadséiergang:

"Voyager à travers les 100 ans d'existence d'un périodique n'est pas une mince affaire. Car ces 100 ans ne représentent pas moins de 12.802 pages à parcourir dans 501 éditions. Alors ce voyage dans le temps ne pourra être que très bref ... il prendra le temps d'une promenade."

Mat enger gudder Portioun Humor a mat Hëllef vun zuelräichen Illustratioune liwwert d'Broschür een ëmfangräichen an detailléierten Abléck an d'Entwécklung vun der FNEL a vun hirem Périodique.

Mëtt der 2010: eng nei visuell Identitéit

D'Broschür retracéiert och d'Entwécklung vum Design vum Scout bis hin zur Adoptioun vun enger visueller Corporate Identity an der Mëtt vun den 2010er Joren:

"Et ass iech opgefall: déi leschte Méint huet d'FNEL hiert 'Bild no baussen' e wéineg changéiert. Et huet ugefaangen mat engem iwwerschaffte Logo an enger neier Uniform. Den Internetsite huet en anert Gesiicht kritt. Da sinn d'Publikatiounen all anescht ewéi virdrun. Dat rezentste Beispill ass de SCOUT, deen der grad an de Fangeren haalt. Eppes, wat dobäi natierlech opfält: Et gläicht sech alles. Dat ass gewollt a wichteg. Et geet ëm eng 'Corporate Identity'. Et soll erkennbar sinn, datt déi verschidde Publikatioune vun enger Organisatioun, der FNEL kommen. Nëmmen esou kann d'Presenz an der Ëffentlechkeet och wierken."

Och op d'Reklammen, déi een am Organ erëmfënnt, geet de Pierre Matange an der Broschür an. Erstaunlecherweis fënnt een zuelräich Annonce fir Alkohol an Zigaretten - dat obschonns am Scoutsmilieu Fëmme verpönt war:

"...mit einer Zigarette schräg im Mundwinkel klebend, für einen Scout schickt sich das nicht und ist unzulässig."

Déi heefeg Zigarettereklammen erkläre sech wuel virun allem doduerch, datt den Tubaksproduzent Heintz van Landewyck een Haaptsponsor vun der FNEL war an der Scoutsfederatioun och laang Zäit hire Sëtz gënschteg zur Verfügung gestallt huet.

Am Laf vun der Promenad stéisst een sou op Plaze, Nimm an Evenementer, déi ee vläicht och als net-Scout scho kennt a materlieft huet. DeScout vum Scout ass op alle Fall een Heft, dat al a manner al Scoute sécherlech nostalgesch stëmme wäert.