Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  New Order - Blue Monday '88

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Elektronesche Patientendossier

Medezin

Elektronesche Patientendossier

D'Reform vum Gesondheetsgesetz, déi 2010 a Kraaft getrueden ass, gesäit ënner anerem d'Schafe vum elektronesche Patientendossier fir. Den Dossier soll den Austausch vu medezineschen Donnéeën tëschent Professionelle vereinfachen. Mä ass den Dossier konform zu der europäescher Dateschutzrichtlinn? Doriwwer ginn et Divergenzen.

auto_stories

4 min

2011 gouf d'Agence nationale des informations partagées dans le domaine de la santé, kuerz "Agence e-santé" gegrënnt. Dës Agence krut vum Staat den Optrag fir eng elektronesch Plattform ze bauen, fir de landeswäiten an de grenziwwerschreidenden Austausch vu Gesondheetsdonnéeën z'erméiglechen.

Kärstéck sinn déi elektronesch Patientendossieren, déi offiziell "Dossier de soins partagés" heeschen. 2015 gouf d'Testphas vum elektronesche Patientendossier mat 23.000 Dossieren ugefaangen, erkläert de Genereldirekter vun der Agence e-santé. An där Testphas wier et virun allem drëm gaangen, fir de fäerdegen DSP ze definéieren a potentiell Risiken z'identifizéieren, seet den Hervé Barge.

Testphasen

Momentan fonctionnéiere ronn 50.000 elektronesch Patientendossieren. Am éischten Deel vun der Testphase goufe ronn 23.000 Dossieren ugeluecht. De gréissten Deel dovun am Kader vum Projet vum Referenzdokter. Eng méi kleng Unzuel un Dossiere gouf fir Leit mat chronesche Krankheeten ugeluecht. Nom Zoufallsprinzip sinn am zweeten Deel vun der Testphas nach eng Kéier 23.000 elektronesch Dossieren opgemaach ginn, seet den Hervé Barge vun der Agence e-santé.

Dës Testphas géif och mat fräiwëllege Patiente fonctionnéieren. Fräiwëlleg an deem Sënn, datt de Patient véier Wochen Zäit huet fir ze soen, ob en averstanen ass, datt een elektronesche Patientendossier fir hien ugeluecht gëtt oder net.

"Kee Verstouss géint Dateschutznormen"

D'Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land hat am Februar op d'Problematik opmierksam gemaach, datt déi ronn 23.000 Dossieren, déi d'Agence e-santé an der zweeter Phas ugeluecht huet, ouni den Accord vun der nationaler Dateschutzkommissioun CNPD opgemaach gi wieren. Genee un deem Punkt stéiert sech d'Dokteschassociatioun AMMD. Den DSP huet keng legal Basis, seet de President Alain Schmit.

Den Thierry Lallemang vun der CNPD wëllt net vun engem Verstouss géint Dateschutznorme schwätzen. Andeems d'Agence e-santé weider 23.000 Dossieren opgemaach hätt, hätt d'Agence sech awer wuel net un Ofmaachunge gehalen, déi si mat der CNPD hat, seet den Thierry Lallemang.

Opt-in oder Opt-out?

Enn 2017 wier ee vun der AMMD kontaktéiert ginn. D'CNPD wier gewuer ginn, datt 23.000 zousätzlech Dossieren opgemaach goufen. "Dovunner hate mir keng Ahnung an dofir hu mir eng Reunioun mat Vertrieder vun der Agence e-santé gefrot, fir Opschlëss ze kréien, ob dat géif stëmmen a firwat se déi Dossieren opgemaach huet." Ufanks Dezember hätt een dunn eng Reunioun mat der Agence e-santé gehat.

D'Ofmaachung tëscht der CNPD an der Agence e-santé hätt deemno nëmmen 23.000 Dossiere virgesinn, déi nom sougenannten Opt-In Prinzip sollte fonctionnéieren. Dee Prinzip gesäit fir, datt e Patient vu sech aus, säin ausdrécklechen Accord muss ginn, ier en elektronesche Patientendossier ugeluecht gëtt. De Géigendeel, de sougenannten Opt-Out-Prinzip gesäit fir, datt eng Persoun en elektronesche Patientendossier ugeluecht kritt an dësen op Wonsch erëm zoumaache kann, sou den Thierry Lallemang vun der CNPD.

No enger weiderer Reunioun Enn 2017 an engem Schrëftwiessel - iwwer deen och d'Gesondheetsministesch an de Sozialminister informéiert gi sinn - hätt d'Agence e-santé gesot, datt si hätt wëllen testen, wéi séier si Dossiere kéint opmaachen. "Si wollte kucken ob si prett wieren, fir den elektronesche Patientendossier op nationalem Niveau ze generaliséieren", seet den Thierry Lallemang.

"Politesch Entscheedung"

D'CNPD wier no enger juristescher Analyse zur Conclusioun komm, datt souwuel den Opt-out-Prinzip, wéi och den Opt-in-Prinzip kéinten applizéiert ginn. "Natierlech ginn et déi zwou Méiglechkeeten, schlussendlech ass et eng politesch Decisioun an et ass um Legislateur, fir sech fir den Opt-in oder fir den Opt-out ze decidéieren", sou den Thierry Lallemang. Et géif Argumenter fir déi eng a fir déi aner Optioun ginn.

D'Agence e-santé wëllt de System vum Patientendossier mam Opt-out-Prinzip generaliséieren. Dat heescht, fir jidderee géif en Dossier ugeluecht ginn, an et muss een aktiv ginn, fir dëse nees zouzemaachen, seet den Hervé Barge, Generaldirekter vun der Agence e-Santé. Dat wier och am Aklang mat der europäescher Dateschutzrichtlinn, déi am Mee a Kraaft trëtt.

De legale Kader fir d'Aféierung vum elektronesche Patientendossier wier d'Reform vum Gesondheetsgesetz vu 2010, seet den Hervé Barge. An dësem Gesetz wier eng national Generalisatioun nom Opt-out-Prinzip virgesi ginn. Fir datt den Dossier ka generaliséiert ginn, géif momentan awer nach dat néidegt groussherzoglecht Reglement feelen.

AMMD: "Opt-out net méiglech"

Déi europäesch Dateschutzrichtlinn géif keen Opt-Out virgesinn, soen d'AMMD, d'COPAS an de Syndicat vun den Apdikten. Dofir hu si Enn Januar e Bréif un d'europäesch Kommissioun geschriwwen. An der neier Europäescher Dateschutzrichtlinn déi Enn Mee a Kraaft trëtt steet Folgendes dran, sou den Alain Schmit vun der AMMD.

"Le consentement devrait être donné par un acte positif clair, par lequel la personne concernée manifeste, de façon libre spécifique, éclairée et univoque son accord au traitement des données à caractère personnel la concernant."

Et dierft ee keng Date sammelen, ouni den explizitten Accord vum Patient ze hunn, sou den Alain Schmit.