Radioen

On air

De Moien  |  Musse sougenannten Dubliner logéiert ginn?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En FNR-Award fir d'Fondation Jeunes Scientifiques

Café Scientifique

En FNR-Award fir d'Fondation Jeunes Scientifiques

Fir d'Promotioun vun de Wëssenschafte fir e breede Public, krut d'Fondatioun Jeunes Scientifiques 2019 den FNR-Award. De Pit Walté huet mat hinnen iwwer hir Aarbecht geschwat an doriwwer, wéi wichteg et ass, jonk Mënsche fir d'Wëssenschaft ze begeeschteren.

auto_stories

2 min

D'Natalie von Laufenberg, d'Lara Peiffer an de Carlo Hansen

1971 gouf d'Fondatioun gegrënnt, an d'selwecht wéi haut war deemools schonn d'Iddi dohannert eng nei Generatioun un Theeme wéi Wëssenschaft oder Technik erunzeféieren. Dat mécht d'Fondatioun iwwer zwee Haapteventer, d'Expo-Sciences an de Concours Jonk Fuerscher.

Beim nationale Concours, deen all Joer organiséiert gëtt, wëllt een de Jugendlechen eng Plattform gi fir sech auszeprobéieren, an dat an alle Beräicher vun der Wëssenschaft, esouwuel am naturwëssenschaftlechen, wéi am humanwëssenschaftleche Beräich. Et wier egal, ob déi Jugendlech do nëmme mat enger Iddi matmaachen, oder scho mat engem konkrete Projet, esou de President vun der Fondatioun, Carlo Hansen.

"Et geet dorëms fir de Goût bei deene Jonken ze erwächen, fir hir Kreativitéit erauszelackelen. Et ass méi wichteg eng Passioun auszeléisen, wéi datt déi Jonk eng opgeronnten Aarbecht beim Concours presentéieren".

Fir dës Passioun ze aktivéieren, kënnen déi Jonk och eppes beim Concours gewannen: eng Rees op eng Wëssenschaftsexpo oder e Forum am Ausland. D'Iddi hanner dëse Präisser ass, datt d'Fondatioun et de jonke Fuerscher erméigleche wëllt, aner Kulturen ze entdecken, an datt si do mat Jugendlechen aus anere Länner a Kontakt kommen, déi vläicht en aneren Usaz bei der Wëssenschaft hunn.

"Et geet net dorëm wat ee mécht, mee datt een eppes mécht"

Wat een de jonke Fuerscher iwwer de Concours nach gäre vermëttelt, ass datt een duerch d'Wëssenschaft eppes kann zeréckginn: duerch Innovatioune kéint een d'Liewe vun anere Mënsche verbesseren. Mee et dierft een awer beim Concours matmaachen, och wann d'Iddi, déi een hätt keen Impakt op Anerer hätt, seet d'Natalie Von Laufenberg vun der Fondatioun.

" De Concours Jonk Fuerscher ass net wéi eng Prüfung, an där ee muss 30 kréien, fir datt et duer geet. Et geet drëms, datt een eegestänneg um Projet geschafft huet. A wa si mierken, datt d'Resultat net dat ass, wat si sech erwaart hunn, da solle si trotzdeem matmaachen. Et ass jo an der Wëssenschaft esou, och e negatiivt Resultat ass e Resultat"

Nieft dem Concours Jonk Fuerscher ass dat zweet Haaptevenement vun der Fondatioun Jeunes Scientifiques d'Expo-Sciences. Do ginn dann d'Gewënner vu Wëssenschaftsconcoursen aus anere Länner invitéiert, fir hei zu Lëtzebuerg hir Aarbecht ze presentéieren.

Infoen zu der Fondatioun Jeunes Scientifiques an hiren Eventer fann der op www.fjsl.lu