Radioen

On air

Resonanzen  |  Johann Sebastian Bach (arr. Ottorino Respighi) - Prelude a Fugue a Ré Majeur, (BWV 532), P 158, Fugue - Orchestre Philharmonique Royal de Liège, John Neschling (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Iwwerbléck

Autoritär

En Iwwerbléck

"Befeelen ass besser wéi Sex", heescht et an engem sizilianesche Spréchwuert. A wie gär befeelt, deen huet eng Virléift fir Autoritéit an Autoritarismus. Den Autoritäre seet: du méchs wat ech wëll. An du méchs dat, well ech et wëll. Dës Zort vun Autoritéit bedeit also fir d'éischt e Muechtverhältnis, wou ee kommandéiert, an déi aner follegen. Mee ganz esou einfach ass et awer net. Well zum autoritäre Verhältnis gehéieren der wéinstens zwee. Zwee déi, wann et net just ëm réi Gewalt geet, duerch e speziellt Verhältnes zur Autoritéit gepräägt sinn.

auto_stories

5 min

Thierry Simonelli

Wann een e Bléck an den Duden werft, fënnt een esou Definitioune fir "autoritär" wéi: totalitär oder diktatoresch. Autoritär ass, wat onbedéngte Gehorsam fuerdert. An engem autoritäre Regimm, enger autoritärer Institutioun oder engem autoritäre Betrib gëtt ni vill diskutéiert, do gëtt gemaach, wat ee gesot kritt. An esou geet et och mat den autoritäre Persounen. De preferéierte verbale Modus vun der autoritärer Persoun ass de Befeel: "Maach wat s de gesot kriss!"

Synonymmer vun autoritär si Wierder wéi befeeleresch, herresch oder herrschsüchteg, intolerant, willkürlech, repressiv, selbstherrlech, tyrannesch. Willkürlech ass hei ee ganz wichtegen Term, wéi mer nach gesi wäerten, well d'Befeelsmuecht vum Autoritäre sech op keng weider Reegel, op kee Gesetz, oder kee rationelle Grond stäipt, mee just op de Wëlle vun deem, deen de Befeel gëtt. Also op näischt wat een iergendwéi diskutéiere kéint; bedéngungsloost Follegen. Dofir huet dat Autoritäert also eppes mam Irrationalen ze dinn. Autoritär bezeechent an deem Sënn also eng Aart vu Muecht. An eng Aart vu Muecht, déi och e besonnesche psychologeschen Hannergrond huet.

An engem ganz rezenten ARTE Documentaire iwwer d'Mafia, zitéiert déi italienesch Fotografin Laetizia Battaglia e sizilianescht Spréchwuert, dat anscheinend seet: "Befeelen ass besser wéi Sex". Dësen Documentaire zeechent de Profil vum Salavatore Riina, dem Ex-Boss vun der sizilianescher Cosa Nostra. Dëse Riina war duerch säi Stil ze leede bekannt. An dee bestoung doran, datt jiddwereen, dee sech him an de Wee gestallt huet, oder jiddwereen, dee senger autoritärer Muecht geféierlech gouf oder och nëmme konnt ginn, sief et haut, sief et muer, eng Kugel an de Kapp krut.

E Fest fir de perséinlechen Narzissmus an en narzisstesche Genoss mat staarkem Ofhängegkeetscharakter

Dat autoritäert Befeele gëtt deem, deen et ausüübt, an deen d'Moyennen huet et duerchzezéien, e grandioost Gefill vu perséinlecher Muecht: du méchs wat ech wëll. An du méchs dat, wann ech wëll, a wéi ech wëll. Well ech dat esou decidéiert hunn. Dat wier also déi radikaalst Versioun vun Autoritarismus: däin Handelen, däin Denken, an esou guer däi Liewe leien a mengen Hänn, an dofir kann ech mat dir maachen, wat ech wëll.

De Rapport vun dësem Héichgefill zur Sexualitéit war scho ganz besonnesch deene Leit opgefall, déi Ufank vun den 1930er Jore mat engem Feigefill fir psychologesch Subtilitéiten un de Phenomen vum Autoritarismus erugaange sinn. An der Sexualitéit gëtt et notamment eng wuel bekannte Preferenz, déi no engem net manner bekannte franséische Schrëftsteller benannt ass. Déi besteet doran, datt gewësse Leit e Pleséier, eng Loscht dorun empfannen, anerer ze kontrolléieren, oder nach besser, hinne wéizedoen. Den Numm vun där sexueller Preferenz ass Sadismus.

Fir awer elo emol nach méi op der Iwwerfläch ze bleiwen, kann ee festhalen, datt autoritär Muecht e Gefill vu Stäerkt, vu Kraaft, vun Iwwerleeënheet, vu Wichtegkeet a Geltung gëtt. E Fest fir de perséinlechen Narzissmus an en narzisstesche Genoss mat staarkem Ofhängegkeetscharakter.

Déi allermeeschte Leit, déi dës Form vu Muecht eemol genéisse konnten, wann och nëmmen a klengen Dosen, bréngen et ni méi fäerdeg, hir ganz ze entsoen. An deen Ofhängegkeetscharakter ass esou erstaunlech, datt och Leit, déi Autoritarismus hu mussen erleiden, dacks hiert Liewe laang vun där Zort vu Muecht, wann och negativ, beandrockt bleiwen.

Fir deen eegenaartege psychologesche Phenomeen ze beschreiwen an ze erkläre gouf fir d'éischt an den 1930er Joren de Begrëff vun der autoritärer Perséinlechkeet a vum autoritäre Charakter geschaaft. En autoritäre Charakter, esou vill schonn am viraus, ass awer net onbedéngt en Unzeeche fir eng herrschsüchteg Persoun. Ee geleefegen Ausdrock, dee jiddweree kennt, an deen een Aspekt vun der autoritärer Perséinlechkeet beliicht, ass dee vun der "Radfahrermentalität". Also: no uewe bockelen, an no ënnen trëppelen.

"Wer treten wollte, mußte sich treten lassen"

Eng autoritär Perséinlechkeet muss also kengeswees iwwerall autoritär eriwwer kommen. Mee, an dat ass de sprangende Punkt: eng gewëssen Zort vun Autoritéit, e gewëssent Verhältnes zur Autoritéit ass fir esou eng Perséinlechkeet, oder esou e Charakter, deen ausschlaggebende Faktor. Dat wuel bekanntste Beispill vun esou engem autoritäre Charakter ass aus dem Heinrich Mann senger Satir op dat drëssegjäregt Wilhelminescht Keeserräich: "Der Untertan" huet d'Form vun engem klasseschen Entwécklungsroman, deen d'Kandheet, d'Opwuessen, an de wirtschaftlechen a politeschen Erfolleg vum Dietrich Heßling, dem "hässlechen Däitschen", erzielt. Den Dietrich Heßling, esou fänkt de Roman un, war en duusst Kand, dat am léifste gedreemt huet a virum allem Angscht hat. Vum Papp gouf et reegelméisseg Streech mam Bengel. An all Schlag huet dem Dietrich säi Respekt virum staarken, strofende Papp vergréissert. Mat sengem Papp huet hie geléiert, wou ee sech bäischmiere soll - bei deenen, déi méi Muecht hunn - a wou een da selwer den Här spillen däerf - bei deenen, déi méi schwaach sinn. Iwwerall a sengem jonke Liewe begéint den Dietrich esou mächtege Männer, déi him Angscht maachen an déi hien zur gläicher Zäit bewonnert: de Papp, Gott, d'Polizisten, den Dokter, deen engem am Hals pinsele konnt, an deen ee gerëselt huet, wann een da gejaut huet. Séier huet de klengen Dietrich verstanen, datt wann hien esou gëtt wéi déi mächteg Männer, hien och esou bewonnert ka ginn, wéi hie si bewonnert. A virun allem: wann hien esou gëtt wéi déi Autoritär, da kann och hien déi Schwaach esou quälen, wéi déi Mächteg hie quälen: "Wer treten wollte, mußte sich treten lassen".