Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Reyna Tropical - Cartagena

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng besser Welt: Wéi ëmgoe mat Gesellschaftsutopien?

Prisma

Eng besser Welt: Wéi ëmgoe mat Gesellschaftsutopien?

Utopien an utopesch Gesellschaftsentwërf sinn esou al, wéi d'Mënschheet selwer. D'Imaginéiere vun enger anerer, vläicht besserer Welt, faszinéiert souwuel Kanner wéi och bekannte Schrëftsteller a Philosophen. Mee d'Fro ass, firwat dat esou ass? Wat sinn d'Funktioune vun der Gesellschaftsutopie? An ass et haut iwwerhaapt nach noutwendeg sech Utopien auszedenken? E puer Iwwerleeunge vum Joel Holtzem.

auto_stories

6 min

Ech wëll dëse Prisma vun haut eng Kéier ausnamsweis mat engem perséinleche Beispill ufänken. Ech si bei allem, wat mat Zuelen ze dinn huet, einfach eng riseg Null. Wann ech haut Rechnunge bezuelen oder iergendwellech Comptabilitéite maache muss, da fannen ech allméiglech Ausrieden, mech grad net domadder mussen ze beschäftegen. Dat geet zeréck bis a meng Kandheet, bis an d'Primärschoul, wou ech scho gemierkt hunn an och ze spiere krut, datt d'Rechnen, a spéider am Lycée d'Mathé, einfach net mäi Fach war.

Bei all Prüfung hunn ech Blutt geschweesst a gehofft, datt ech déi onweigerlech Datz iergendwéi dach nach kompenséiere kéint. Dat war deemools, och wann haut schwéier novollzéibar, een existenziellen a ganz reelle Problem, ënner deem ech gelidden hunn. A wéi dacks hunn ech mir owes am Bett da virgestallt wéi praktesch et wier, wann et einfach eng Pëll, ee Medikament géif ginn, dat ech moies mat de Cornflakes géif huelen, an dann hätt ech dat Ganzt mathematescht Wëssen quasi a mir a géif déi Prüfung mat Bravour meeschteren.

Ee kanneregt Wonschdenken, ech weess, mee d'Virstellung vun enger Welt ouni Mathé, ouni Rechnen, Equatiounen a Formelen, déi ech net verstanen hunn, war deemools fir mech wierklech déi perfekt Welt; eng Welt, an där ech an all déi aner, also meng Kollegen asw., voll a ganz hätte glécklech kéinte sinn.

Wat sinn Utopien?

Dës wonnerschéi Welt ouni Mathé ass dann och, wann zwar net direkt, sou dach indirekt d'Thema vun haut: Nämlech d'Fro vun der Utopie, méi genee der Gesellschaftsutopie, dem utopeschen Denke schlechthin a senger Funktioun fir eis Mënschen: Wat ass iwwerhaapt eng "Utopie"? Sinn Utopien haut nach noutwendeg? Muss all Utopie och realiséiert ginn? Lount et sech iwwerhaapt nach iwwer Utopien nozedenken? Oder sinn et just, wéi meng Welt ouni Mathé, topeg an naiv Forme vun Eskapismus?

Wa mir an der gudder aler Manéier mat enger Begrëffsbestëmmung ufänken, da fanne mir Folgendes eraus: De Begrëff "Utopie" staamt aus dem Griicheschen où-topos. Topos bedeit "Plaz" oder op Däitsch: "Ort". De Präfix "où" kann zwou Bedeitungen hunn, déi phonetesch kaum ze ënnerscheede sinn: eemol definéiert als "Näischt" also "Nicht" an emol als "gutt" oder heiansdo och "schéin": Etymologesch gesi bedeit "Utopie" deemno entweder Nicht-Ort, also eng fiktiv Plaz oder Gesellschaftsuerdnung, déi et net gëtt oder awer Gut-Ort, also eng gutt Plaz, respektiv gutt Gesellschaftsuerdnung, déi vum Verfaasser als perfekt duergestallt gëtt.

Een zentrale Kritär vun der Utopie schéngt mir och ze sinn, datt sech all Utopien an hirem jeeweilegen historesche Kontext ëmmer als eng Zort Géigenentworf zu enger reell existéierender Gesellschaftsform duerstellen. Ee Géigenentworf, dee gesellschaftlech perfekt ass, dat heescht an deem déi grouss Valeure vun der Gläichberechtegung a Gerechtegkeet zu engem institutionelle Strukturelement vun dëser neier Welt gi sinn.

Utopien: Well eppes an eiser Realitéit net klappt

D'Fro hei ass also, firwat mir Mënschen eis zanter am Fong schonn ëmmer, mat dëse fiktive Gedankespillereien auserneegesat hunn. Wou koum dat Bedürfnis hier, sech Utopië virzestellen, entweder als ee "Fir-Schein" fir een Terminus vum Aristoteles ze benotzen oder als eng Form vun engem "Nach-Net", wéi et den Ernst Bloch - wahrscheinlech dee prominentsten Expert um Gebitt vun der Utopie - ufanks vum leschte Joerhonnert bezeechent huet; also als eng fiktiv Projektioun vun eppes, wat iergendwann, eventuell ka sinn an - jee no Utopie - wuel och wäert sinn.

Eng relativ prominent Äntwert op dës Fro ass, datt d'Nodenken iwwer an d'Entwerfe vun utopesche Gesellschaftskonzepter e Symptom dofir ass, datt eppes am Haut an Elo net esou klappt, wéi et soll. D'Utopie als eng zwar denkbar, mee net onmëttelbar ëmsetzbar Projektioun, staamt aus engem Malaise un enger aktueller Gesellschaftsform, déi als problematesch ugesi gëtt. Dat war jo och bei mir als jonke Bouf de Fall: Ech hu misste gutt an der Mathé sinn, well ech soss keng sozial Unerkennung kritt hätt (meng Elteren zum Beispill enttäuscht gewiescht wieren) an ech och berufflech net dohi komm wier, wou ech wollt, well ech de Premièresexamen, also den Entréesticket an den universitäre Studium net gepackt hätt.

Mee et war net d'Mathé u sech, déi mech deemools verzweiwele gelooss huet, mee vill méi ee Bildungssystem an eng sozial Unerkennungskultur, déi der Mathé een esou grousst Gewiicht bäigemooss hunn. Mee wat wier da geschitt, wann ech meng Utopie vun enger Welt ouni Mathé an d'Realitéit hätt kéinten ëmsetzen? Wier esou d'Welt wierklech besser ginn? Meng Kollegen, déi vläicht gutt an der Mathé waren, oder souguer Spaass drun haten, wieren a menger perfekter Welt doudonglécklech ginn.

Brauche mir nach Utopien?

Et läit also an der Bestëmmung vun den Utopië selwer, datt hir konkret Realiséierung net däerf sinn, wëlle se net an hiert Géigendeel ëmschloen. Dat beschten historescht Beispill heifir ass wuel déi vum Marx an Engels projezéiert Utopie vum gläichberechtegte Mënsch, deen nodeems hie sech vun alle kapitalisteschen Entfriemungsprozesser befreit huet an zu gudder Lescht erëm Herrscher iwwer sech selwer gëtt. Wat eng faszinant a wuertwiertlech revolutionär Iwwerleeung, déi trotz allem - oder vläicht grad dowéinst - an der praktescher Ëmsetzung vun engem sougenannte "real existéierende Sozialismus" an hiert komplett Géigendeel ëmgeschloen ass.

Bis heihinner kléngt jo dann elo alles relativ kloer: Wann Utopien ëmmer nëmme just Utopië bleiwen, da bréngen se ausser engem kreativen Zäitverdreif net vill; a wa si sech realiséieren, besteet eng berechtegt Gefor, datt si sech an hiert Géigendeel kéieren. Sollt een ënner dësen Ëmstänn dann net op Utopië verzichten? A souwisou: brauche mir haut wierklech nach Utopien? Dës Froe beäntwert den amerikaneschen Intellektuelle Francis Fukuyama a sengem 1992 publizéierte Buch "The End of History and the Last Man" ganz kloer mat Nee: D'Zäitalter vun den utopesche Gesellschaftsentwërf ass spéitstens mam Enn vum Zweete Weltkrich (also dem Scheitere vun enger faschistescher Utopie) an deem Fall vun der Berliner Mauer (dem Scheitere vun enger kommunistescher Utopie) endgülteg eriwwer an huet enger liberaler Demokratie Plaz gemaach, an där d'Integratioun vun alle gesellschaftleche Verhältnesser een Optimum erreecht huet, déi ouni historesch Alternativ ass. Eng liberal Demokratie also, als déi potenziell eenzeg, schonn zu groussen Deeler realiséiert Utopie, déi souzesoen d'Enn vun eiser politescher a philosophescher Reflexioun, a vun der mënschlecher Geschicht tout, markéiert.

Mir brauche keng weider Utopien!

Souwäit de Fukuyama, mee ob mir him elo hei Recht solle ginn, dat weess ech net. Recht zumindest kéint hien domadder hunn, datt een demokratesche Gesellschaftssystem alleguerten d'Bedingunge fir eng gläichberechtegt, gerecht a glécklech Existenz op eisem Planéit am Géigesaz zu allen aneren historeschen Utopieentwërf, déi eis bekannt sinn, zumindest op engem institutionellen Niveau, scho bereetgestallt huet. D'Conclusioun also hei kéint deemno sinn, datt et onsënneg a vläicht esouguer kontraproduktiv wier, sech weider Utopië virzestellen.

An awer kann een heimadder net zefridde sinn, well seng Ausso - an am Fong seng Begrënnung - datt alleguerten déi gesellschaftlech Verhältnesser optimal an hir integréiert sinn, visiblement falsch ass. D'Phenomener vun der Ausbeutung, Ënnerdréckung, Veraarmung a sozialer Exklusioun kritt och eis Demokratie net an de Grëff, respektiv perpetuéiert dës Phenomener bewosst oder onbewosst, sief eemol dohi gestallt, wéi an engem Perpetuum mobile, ëmmer weider.

De Fukuyama huet an deem Sënn also Recht, datt mir wahrscheinlech keng nei Utopië méi brauchen. Mee wat haut - vläicht esouguer méi wéi jee - onbedéngt noutwendeg ass, dat ass, datt mir eis Méiglechkeeten ophalen, d'Utopie an der Utopie kënnen ze denken. Dat heescht an anere Wieder, datt mir eis net méi eng nei Utopie ausdenken, mee dat Utopescht adverbial zu engem Bestanddeel vun eiser Reflexiounskompetenz selwer maachen. Well nëmmen heiranner, also am utopeschen Denke schlechthin, wahrscheinlech déi eenzeg Méiglechkeet besteet, ze erkennen, datt dat wat ass, net alles ass, a grad dofir verännerbar ass: Also onbedéngt weider am Konjunktiv denken, net fir dat wat ass, futti ze maachen, mee fir et zu deem ze maachen, wat et kann a wahrscheinlech och soll sinn.