Radioen

On air

De Weekend  |  Leen - Running

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Biographie vun der Minett-Metropole

Lëtzebuerger Sachbicher

Eng Biographie vun der Minett-Metropole

Touristesch Guiden iwwer Lëtzebuerger Stied sinn éischter rar. An dat Wéinegt dat et gëtt, ass gréisstendeels mannerwäerteg. An engem ëmfangräichen neie Buch iwwer d'Stad Esch weise fënnef Chercheuren, wéi een et richteg ka maachen. "Esch sur Alzette - Guide Historique et Architectural" ass e Buch, dat et der Wäert ass ze liesen, esou de Mohamed Hamdi a senger Rezensioun.

auto_stories

6 min

Ronn 140 markant Plazen a Gebaier ginn am Buch virgestallt an an de jeeweilege Kontext gesat, an deem si entstanen oder renovéiert goufen. Reliéis Gebaier ewéi Kierchen, Synagogen, a Kierfechter, administrativ Gebaier ewéi d'Gemeng, Schoulen, Klinicken awer natierlech och kulturell Gebaier - Muséeën, Theateren, Fussballsstadien.

"Au fil des pages, vous découvrirez l'histoire d'une ville, de ses habitants et de son patrimoine - une histoire à la fois locale et régionale, nationale et transnationale, luxembourgeoise et européenne voire, au 21e siècle, globale."

Donieft fënnt een och Plazen, déi op den éischte Bléck manner opfalen - Wunnhaiser, Caféen, ëffentlech Parken, méi oder manner grouss Geschäfter - hannert deenen hire Fassaden sech awer dacks Geschichte verstoppen, déi d'Identitéit vun der Stad gepräägt hunn.

Vun 1800 bis haut

Den Architekt, dee wéi keen aneren d'Stadbild gezeechent huet, war de Paul Flesch. De gebiertegen Dikrecher ass 1901 mat 30 Joer op Esch geplënnert - zu enger Zäit wou d'Stad ee wirtschaftlechen Héichpunkt erlieft an och rapid wiisst a wou sech dofir de Besoin no engem modernen Urbaniséierungsplang spierbar mécht.

"Avec Flesch, l'urbanisme pittoresque de la Belle Epoque fait une entrée fracassante dans l'environnement industriel de la Terre Rouge. Flesch sera bien plus qu'architecte de la ville, il en sera le premier urbaniste - un urbaniste imprégné de notions d'harmonie et de beauté de la Grèce classique à qui Flesch voue une grande admiration."

D'Geschicht vun Esch fänkt natierlech net beim Paul Flesch un. D'Buch ass a sechs Kapitelen agedeelt, déi sech chronologesch suivéieren a vun 1800 bis haut reechen. Ageféiert gëtt all Kapitel duerch ee längeren Text mat historeschen Explikatiounen zu all Period. De Lieser mécht souguer ee kuerze Sprong an d'Mëttelalter mam sougenannte Berwart-Schlass vum deem haut just nach den Tuerm iwwereg bleift:

"Le premier château construit à cet endroit semble dater du 13e siècle. Conçu comme un château fort de plaine, entouré de larges fossés remplis d'eau, à proximité de l'Alzette, et comme poste d'observation sur l'importante route stratégique de Luxembourg-Bar, le domaine est occupé par les seigneurs de Berwart, nobles vassaux des comtes de Luxembourg. La dynastie des Berwart disparaît à la fin du 14e siècle."

Zënter de 70er Joren ass den Tuerm an ee modernen administrative Komplex vun der ARBED integréiert. D'Stolindustrie ass am Buch natierlech prominent vertrueden. Et ass kee Geheimnis, datt Esch Enn vum 19. Joerhonnert dank der Stolindustrie opgebléit ass.

"Grâce à l'industrialisation, la localité prospère. La prolétarisation et la paupérisation diminuent à Esch dans la seconde moitié du 19e siècle. L'amélioration du réseau routier et surtout l'arrivée du chemin de fer à Esch en 1860, les débuts de l'exploitation minière puis l'installation des premières usines modernes aux abords de la ville expliquent le boom démographique après 1860."

Mat der Awanderung vun auslännescher - a besonnesch italieenescher - Main d'oeuvre ännert och déi sozial an architektonesch Identitéit vun der Stad. D'Casa dei Romagnoli an d'Casa d'Italia awer och de Nuddelproduzent Pâtes Maxim sinn Zeie vun dësem kulturellen Afloss.

Wie waren déi Leit, déi an dëse Gebaier ënnerwee waren?

Datt et zu Esch sou ee räichen architektonesche Patrimoine gëtt, läit natierlech och un de gutt gefëllte Stadkeesen, déi et der Gemeng erlaabt hunn pompös Gebaier opzeriichten a mat neie Stiler ze experimentéieren. De Paul Flesch huet dës rapid Entwécklung 1926 réckbléckend esou beschriwwen:

"Toutes proportions gardées, Esch qui en 1870 ne comptait encore que 2.250 habitants, est en effet comparable à ce qu'en Amérique on appelle *mushroom-city", une ville champignon, poussée en quelques dizaines d'années. Ainsi on voit des petites masures, de modestes maisonnettes de journalier ou d'artisan du bon vieux temps à côté d'un grand building moderne - magasin ou banque; l'immense bâtiment de rapport voisine avec la maison-ferme, d'aspect rustique, du vieil eschois."

D'Texter si seele méi laang ewéi 3 Säiten a si begleet vu villen historesch Biller awer och Photoe vun de Gebaier, wéi si haut ausgesinn, déi de Photograph Christof Weber geholl huet. A kuerze Bäiträg ginn d'Auteuren dem Lieser interessant architektonesch Detailer mat op de Wee: Wie waren d'Architekten, wéi eng Iwwerleeungen hu si an hire Konzeptiounen ugedriwwen, wéiee Stil hu si ugewannt a wéi eng Materialie benotzt.

D'Buch ass awer net just een architektonesche Guide mee wéi et am Titel steet och een historeschen: wie waren d'Leit, déi an dëse Gebaier geschafft oder gelieft hunn, wat sinn hir Schicksaler a wéi hu si zur Identitéit vun Esch bäigedroen?

D'Kapitel, dat d'Period vum zweete Weltkrich behandelt, fält e bëssen aus der Rei, well hei keng nei Gebaier virgestallt ginn. D'Auteure beschreiwen op 25 Säiten, wéi d'Liewen zu Esch wärend der fënnef-järeger Nazibesatzung ausgesinn huet. Gebaier a Leit, déi an de viregte Kapitele behandelt goufen dauchen nees op - mol als Deel vun der administrativer Maschinerie vun de Nazien, mol als lieu de mémoire vun der Resistenz, vun der Verfollgung a vun der Ënnerdréckung.

D'Buch ass net just ee Guide mee och ee Rappell, datt een den architektonesche Patrimoine fleege muss fir och d'Erënnerung un d'Vergaangenheet waakreg ze halen. An deem Sënn ass de Guide Historique et Architectural och eng Kritik géint d'Denkmalschutzpolitik vun der Regierung, déi verschiddener als Zerstéierungswahn beschreiwen.

"Le guide témoigne de la sauvegarde d'éléments du patrimoine de la ville, souvent à la suite de mobilisations citoyennes, tout comme de cas de destructions, hélas nombreux. La démolition actuelle d'un des monuments industriels eschois, les Keeseminnen, la structure la plus marquante de l'ancien site de l'usine Terre Rouge, représente à cet égard tout un symbole."

Erstaunlecherweis ass dat eenzegt wat an dësem soss impeccabele Guide feelt eng Kaart vun Esch. Déi kritt ee just digital a muss ee sech mam Smartphone eroflueden. Um Site vum Institut fir Zäitgeschicht C2DH kann een iwwregens och Filmer vun enger Auswiel vu 50 Gebaier kucken.