D'Flosspärelmuschel ass zu Lëtzebuerg praktesch komplett verschwonnen, seet de Frank Thielen, deen zanter bal zéng Joer fir d'Fondatioun natur & ëmwelt schafft.
Wéi d'Flosspärelmuschel gouf et och d'Baachmuschel fréier heefeg, virun allem am Éislek, awer och soss am Land.
Verflicht, d'Aarten ze schützen
D'Baachmuschel gëtt et nach an zwee Gewässer, an der Uewersauer an an der Our. Soss ass och si praktesch ausgestuerwen.
"Béid Aarte sinn op europäeschem Niveau geschützt. All Land ass u sech verflicht, Aktiounen duerchzeféieren, fir déi zwou Aarte virum komplette Verschwannen ze schützen."
Beim Frank Thielen op der Muschel-Statioun op der Kaalber Mille gëtt versicht, d'Aarten zeréckzehuelen.
Déi zwou Muschelaarte späize kleng Larven eraus, déi ee Glochidien nennt. Déi Larve musse sech op d'Kieme vun engem Wirtfësch festsetzen.
"D'Flosspärelmuschel ass un eis heemesch Baachfrell gekoppelt. Bei der Baachmuschel ginn et méi Fëschaarten, mee mir schaffen hei mat der europäescher Ellchen."
Wann d'Muschele vun de Kiemen eroffalen, si si tëscht 0,2 an 0,4 Zentimeter grouss.
Wichteg Funktioun fir den Ekosystem
Et ass also wichteg, datt et dem Fësch gutt geet, fir datt et och der Muschel gutt geet. Et kann een hei net wierklech vun enger Symbios schwätzen, well d'Fësch esou direkt näischt vun der Muschel hunn, déi sech op hir Kieme festsetzt, seet de Frank Thielen.
"Fréier, wéi eis Gewässer nach gutt Populatioune vu Séisswaassermuschelen haten, hu si eng ganz wichteg Funktioun fir den Ekosystem gespillt. Si hunn d'Waasser gefiltert. Dat koum natierlech och de Fësch zegutt."
D'Muschelen hu fréier och dozou bäigedroen, datt de Kies relativ propper bliwwen ass, esou nach de Frank Thielen vun natur & ëmwelt.
"Do konnten d'Forellen an d'Ellchen also gutt läichen."
Duerch eis intensiv Landnotzung, sief et duerch d'Landwirtschaft, Forstwirtschaft awer och aus de Gemengen oder vu Privatleit kënnt ze vill Feinsediment (kleng Toun a Lehmpartikelen) an eis Gewässer, seet de Frank Thielen.
"Déi verstoppen a verschlammen dat ganzt Lückesystem."
Déi kleng Muschele wieren dowéinst dacks agaangen, an déi al hunn iwwerlieft.
"Et si keng Kanner méi nokomm. Iergendwann ware just nach Bomen a Bopen do. An do war et eben eriwwer."
De Projet vun der Flosspärelmuschel ass vun 2005 bis 2011 gaangen. Iwwer 500 Muschele konnten do nogezillt ginn. Si sinn an engem Floss an der Eifel ausgesat ginn, well de Floss Our nach net propper genuch ass, fir d'Muschelen direkt do auszesetzen.
Vill mëttelméisseg Gewässer
Bei der Baachmuschel konnten iwwer 2.000 Déiere fir all Flooss nees ausgesat ginn.
Déi ursprénglech Populatioun an der Our ass ëm déi 15.000 Muschelen grouss, an der Sauer läit si ongeféier bei 14.000.
"D'Muschel ass eng sougenannt 'flagship species' respektiv eng Indikatoraart, dat heescht, wa si do ass, weist si, datt den Ekosystem Floss mat sengem Anzuchsgebitt an engem gutt geréierten Zoustand ass."
Der Wasserrahmenrichtlinie no hu mir zu Lëtzebuerg vill mëttelméisseg Gewässer, esou nach de Frank Thielen. Mee déi gutt respektiv déi ganz gutt, géife bal ganz feelen.
Muschele filteren d'Waasser
E gudden Deel vun eisem Drénkwaasser kënnt aus der Sauer, wou déi Muschele fréier och dra gelieft hunn. D'Muschele géifen eis allerdéngs weisen, datt d'Waasser "net méi ganz optimal" wier. D'Muschel kann hëllefen, d'Waasser ze filteren.
"Wa mir d'Gestioun vun eisem Anzuchsgebitt verbessert kréien, manner Verschmotzung an eise Gewässer ass, an d'Muschelen doduerch och zeréckkommen, spuere mir eis doduerch vill Sue beim Proppermaache vun Drénkwaasser."