Radioen

On air

Notturno  |  Leo Robinson - The Serpent

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Gefor fir d'Fräiheet vum Internet?

Netzneutralitéit

Eng Gefor fir d'Fräiheet vum Internet?

D'Kommunikatiounskommissioun an den USA huet am Dezember 2017 d'Reegele fir d'Netzneutralitéit opgeweecht. 50 Senateure maache sech elo staark, dës Decisioun nach ze kippen - allerdéngs sinn dofir 51 Stëmmen néideg. Mä wat ass Netzneutralitéit? A wat fir eng Auswierkungen hätt d'Decisioun an den USA op Europa an op Lëtzebuerg?

auto_stories

4 min

Viru knapp dräi Joer war d'Netzneutralitéit ënnert dem fréieren US-President Barack Obama garantéiert ginn. Dat heescht, datt all d'Donnéeë d'selwecht solle behandelt ginn. Doduerch dierften Internetprovider net gewësse Websäite blockéieren, oder mat verschiddene Vitesse luede loossen. D'Federal Communications Commission FCC, déi an den USA fir d'Reglementatioun vu Kommunikatiounsservicer zoustänneg ass, wëllt dës Reegele verwässeren.

De Chaos Computer Club erkläert d'Netzneutralitéit, andeems en den Internet mat enger Autobunn vergläicht. Op der Autobunn dierft all Auto mat där selwechter Vitess fueren. Wann d'Netzneutralitéit géif ofgeschaaft ginn, dierfte beispillsweis just nach Leit mat engem BMW op der Iwwerhuelspur fueren, heescht et an der Beschreiwung vum Chaos Computer Club.

No enger Decisioun vun enger onofhängeger Agence, wéi der FCC, hunn d'Deputéiert an den USA 60 Deeg Zäit, fir dogéint virzegoen. Datt d'Decisioun, d'Reegele vun der Netzneutralitéit opzeweechen a Kraaft wäert trieden, ass dohier nach net sécher. De gréngen Deputéierte Claude Adam huet allerdéngs keng grouss Erwaardungen, datt d'Decisioun gekippt gëtt: "D'Demokraten hu leider keng Majoritéit, an dat hei schéngt awer een Dossier ze sinn, wou effektiv dann erëm eng Kéier d'Majoritéit Republikaner géint d'Oppositioun Demokrate riskéiert ze spillen."

Netzneutralitéit an der EU an zu Lëtzebuerg

De Claude Adam engagéiert sech schonn zënter enger Partie Joren, fir d'Netzneutralitéit op nationalem Niveau an d'Gesetz anzeschreiwen. 2013 gouf et een Debat an der Chamber. Et hätt een och ee Konsens fonnt, mä et wier awer net duergaangen, fir d'Netzneutralitéit gesetzlech festzehalen, sou de Claude Adam. Deemools war gesot ginn, datt wa mir als klengt Land dat an eist Gesetz schreiwe géifen, mir da riskéiere géifen, net méi flexibel genuch ze sinn, op international Mouvementer ze reagéieren.

D'EU-Reglementatioun iwwert d'Netzneutralitéit, duerch déi ënnert anerem den Notzer soll geschützt ginn, ass am Fréijoer 2016 a Kraaft getrueden. Och d'Kontinuitéit vum Fonctionnement vum Internet soll doduerch garantéiert sinn. De Pierre Goerens vum Medieministère mengt, d'EU-Reglement wier u sech gutt.

"Mir hunn d'EU-Reglementatioun jiddefalls mat ënnerstëtzt an déi léist eis och net onbedéngt d'Fräiheet, fir um nationale Plang ze legiferéieren. Elo ass eng europäesch Reegel do, an déi musse mir och uwennen a mir kënnen elo net dovunner ofwäichen."

Duerch d'Decisioun an den USA ass d'EU-Reglement net a Fro gestallt. Direkt no der Ofstëmmung an Amerika hat d'EU-Kommissioun op Twitter verséchert, datt all Europäer den Accès op een oppenen Internet soll behalen.

E speziellen Tarif fir speziell Servicer

Ier dëst Reglement viru bal zwee Joer a Kraaft getrueden ass, haten eng Partie EU-Memberstaate schonn ee Gesetz zur Netzneutralitéit um nationalen Niveau, sou de Pierre Goerens. Déi hunn deemno wéi misse geännert ginn, wa si net méi kompatibel waren. Wouriwwer et Diskussioune gouf, wier d'Praxis vum Zero-Rating, sou de Pierre Goerens.

Mam Zero-Rating kann een Internetprovider zu engem bestëmmten Tarif eng Partie Servicer ubidden, déi an déi selwecht Kategorie falen. Fir aner Servicer muss den Notzer allerdéngs drop bezuelen. Sou ass et zum Beispill a Portugal. Do kann ee Provider ee Package ubidden, an deem ee fir ee gewësse Präis just Messaging-Déngschter benotzen kann. Musekstreaming dogéint wier een anere Pak. De Prinzip vu Zero-Rating ass den Ament net kloer festgeluecht.

Eng global Léisung fir eng global Struktur

De gréngen Deputéierte Claude Adam gesäit allerdéngs aner beonrouegend Entwécklungen, wéi d'Prinzipie vun der Anonymitéit an och de freien Zougang och vu Start-Uppen.

"Facebook an nach aner Entreprisen hu jo alleguer kleng gestart. Déi haten déi Méiglechkeeten." Do misst ee sech elo froen, ob et an Zukunft fir esou Start-Uppen an den USA méiglech wier, fir grouss ze ginn.

Fir de Sam Grüneisen vum Chaos Computer Club kéint dat ee Virdeel fir Europa bedeiten. D'Start-Uppe géife mierken, datt Europa grouss Boîtte kéint unzéien. Dat, well et hei nach ëmmer eng Netzneutralitéit gëtt. De Claude Strasser, Generaldirekter vun der Post, gesäit dat allerdéngs net esou. Wa Start-Uppe sech géifen hei am Land néierloossen, wiere si net op enger Insel. Eng global Struktur wéi den Internet bräicht eng global Léisung.

Et misst een d'Diskussioun ëm d'Netzneutralitéit nuancéieren, mengt de Claude Strasser. Et géifen och schonn eng Partie prioritär Servicer ginn, wéi zum Beispill bei de Rettungsdéngschter. Hei wier de Prinzip vun der Neutralitéit a Fro gestallt, sou de Claude Strasser.

"Wourëm et bei der Netzneutralitéit geet, ass, datt et keng Diskriminatioun tëscht verschiddenen Acteure soll ginn, déi dee selwechte Service proposéieren."

Hei zu Lëtzebuerg an a ganz Europa ass et fir ee Provider den Ament verbueden, verschidden Donnéeën um Internet ze favoriséieren an esou méi séier lueden ze loossen. An den USA kéint dat sech an Zukunft änneren, wann d'Demokrate sech net duerchgesat kréien.