Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - All Written Out In Numbers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng kloer Reegel fir Profispiller

Basketball

Eng kloer Reegel fir Profispiller

Leschte Samschdeg hat d'Lëtzebuerger Basketfederatioun FLBB alleguerten d'Veräiner op eng Table ronde invitéiert, fir iwwer d'Problematik vun de Profien am nationale Championnat ze schwätzen. De Statuten no dierfen de Moment Lëtzebuerger Basketveräiner dräi sougenannten non-JICL-Spiller asetzen.

auto_stories

3 min

JICL steet fir "Joueur inscrit dans un club luxembourgeois" a bedeit, datt all Ekipp dräi Profien, déi d'Basketspillen net hei am Land geléiert hunn, an der Ekipp dierf hunn. Allerdéngs gëtt et tëschent de Veräiner och en Gentlemen's Agreement, an deem sech d'Ekippen am Prinzip dozou bereet erkläre maximal zwee vun dëse Profien anzesetzen.

De Statut vum Profi definéieren

Rezent war dës Ofsprooch vun der Amicale vu Steesel gebrach ginn an dräi vun den non-JICL-Spiller stoungen um Feld. Nieft de Profien, déi an de meeschte Fäll Amerikaner sinn, géif et awer och nach aner Fäll ginn, an deenen d'Saach nach net richteg gekläert wier, seet den FLBB-President Henri Pleimling.

Et géife vill Leit ginn, déi op Lëtzebuerg kommen an och Basket spillen, an dat géif och kee stéieren. Eréischt, wann d'Spiller gutt ginn, géifen d'Diskussiounen ufänken. Dofir wéilt een an der Federatioun probéieren de Statut vum Profi genee ze definéieren. An enger zweeter Etapp wéilt een da festleeën, datt all Ekipp nëmmen nach op zwee vun dëse Spiller zeréckgräifen dierf.

Reegelen, déi net diskriminéieren

De Moment géif een och zesumme mat der EU-Kommissioun kucken, d'Profil vun engem Profi esou festzeleeën, datt déi Reegelen net géint d'Gesetzer verstoussen, seet den Henri Pleimling. 2013 hat d'Kommissioun nämlech kritiséiert, datt déi existéierend Reegelen hei am Lëtzebuerger Basket ze diskriminéierend géigeniwwer de Bierger an Aarbechter hei an der Europäescher Unioun wieren.

D'Veräiner wieren sech der Problematik och bewosst, seet den Henri Pleimling, a se wieren och bereet zesumme mat der FLBB un enger Léisung ze schaffen. D'Ekippe géife wëssen, datt dat Ganzt zu engem Wettrëschte féiere kéint, seet den Henri Pleimling. Déi Moyene géifen da beispillsweis an enger adequater Jugendausbildung feelen, mee dorëms géif et am Endeffekt awer goen.

Eng Léisung scho fir déi nächst Saison?

Wat sinn dann elo déi nächst Schrëtt fir an dëser Problematik weiderzekommen an dann och nei Statuten ze implementéieren? Den Henri Pleimling seet, datt, nodeems ee sech de Samschdeg mat de Veräiner gesinn hat, ee muer eng Conseilssëtzung vun der Federatioun hätt.

Et géif ee probéiere kuerzfristeg en Aarbechtsgrupp ze grënnen an eppes auszeschaffen. Den Henri Pleimling hofft, datt dat fir déi nächst Saison scho fäerdeg kéint sinn, mee dat wier awer "ganz sportlech".

Finalle vun der Coupe verluecht

De Samschdeg sollten an der Coque um Kierchbierg d'Finallen an der Coupe sinn, bei de Männer tëschent de Musel Pikes an der Etzella vun Ettelbréck, bei den Damme sollt de Match tëschent dem Gréngewald an dem Basket Esch sinn. Wéinst der aktueller Situatioun ronderëm den neiaartege Coronavirus huet d'FLBB matgedeelt, datt d'Matcher net de Samschdeg gespillt wäerte ginn, mee op ee spéideren Zäitpunkt an der Saison verréckelt ginn. Den Datum géif een deemnächst matdeelen.

D'Recommandatioun vun der Santé wier, Veranstaltunge mat iwwer 1.000 Mënschen ze meiden. D'Basketfinall géif all Joer méi Spectateuren unzéien, dofir wier dës Ofso de logesche Schrëtt, esou d'Basketfederatioun an hirem Communiqué. D'Gesondheet vun de Spiller a Spillerinnen wier Prioritéit an d'Matcher ouni Spectateuren iwwer d'Bün goen ze loosse keng Optioun.