Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Marina Allen - Red Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng ongerecht Presenz vun der Vergaangenheet

Zäithistoriker

Eng ongerecht Presenz vun der Vergaangenheet

Nëmme wann Geschichtsduerstellungen der Komplexitéit vun historesche Realitéiten an de verschiddensten Erënnerungen eng Plaz ginn, ouni dat eent ze betounen an dat anert ze verdrängen, kann ee vun enger gerechter Presenz vun der Vergaangenheet schwätzen, mengt den Zäithistoriker Denis Scuto.

auto_stories

6 min

Wéi geet e Land, wéi geet eng Gesellschaft mat der Vergaangenheet ëm? Wéi benotzt se d'Geschicht? Dës Froe stinn am Mëttelpunkt vu ville vun eisen Zäithistoriker-Chroniken. Ëmmer erëm wiere meng Chroniker-Kolleege Vincent Artuso, Jacques Maas, Georges Büchler an ech eis géint de Mëssbrauch vun der Geschicht aus politeschen oder ideologesche Grënn, géint dat wat d'Fransouse "Détournements de l'histoire" nennen. D'Geschichtspolitik ronderëm den Zweete Weltkrich ass e Paradebeispill an déi lescht Wochen a Méint hunn et nees ënnerstrach.

An de Communiquée vun der Regierung fir d'Journée de la commémoration nationale, an den Ausstellungen a Commemoratiounen fir de 75. Anniversaire vun dësem oder deem Krichsevenement, wéi kierzlech dem Anniversaire vun der Liberatioun, sinn ëmmer nach d'Lëtzebuerger just Affer vun der Nazi-Tyrannei an däitsch Nazien déi eenzeg Täter iwwer déi geschwat gëtt oder déi gewise ginn. D'Geschicht gëtt weiderhin detournéiert, net duerch Negatioun oder krass Fälschungen, mee duerch Betounung vun deem Positiven a Verschweigen oder Verdrängung vun deem Negativen. Si gëtt detournéiert, well ëffentlech Geschichtsduerstellunge weiderhi refuséieren dem aktuelle Stand vun der Fuerschung Rechnung ze droen. Well weiderhin zwar vun "devoir d'histoire et de mémoire" geschwat gëtt, mee refuséiert gëtt vergaange Realitéiten an hirer ganzer Komplexitéit an Diversitéit der Ëffentlechkeet ze beschreiwen.

D'Resultat vun deem Detournement ass eng ongerecht Presenz vun der Vergaangenheet an der haiteger Gesellschaft, déi ville Facetten a villen Erënnerunge keng Rechnung dréit.

Et geet net duer, wéi d'Regierung et 2015 gemaach huet, no 75 Joer Schweigen a Verdrängen endlech zouzeginn, datt och Lëtzebuerger Autoritéite sech un der Persecutioun vun de Judde bedeelegt hunn.

Menacë géint Historiker

Wéi d'Historiker Lis Hoffmann a Jérôme Courthoy vum nationale Resistenzmusée an hire Recherchë beleeën, an de Vincent Artuso a sengen zwou leschte Chronike betount huet, hu 14 Lëtzebuerger Membere vum Reservepolizeibatailloun 101 1941 matgemaach bei Massenexekutioune vu Judden a Polen. Dat ass zanter den 1990er Joren an de Recherchë vum Christopher Browning an hei zu Lëtzebuerg vum Lucien Blau a Paul Dostert bekannt. Dës Bedeelegung un engem Verbrieche géint d'Mënschheet huet awer säi Wee nach net fonnt a lokal an national Commemoratiounen oder Ausstellungen. A wéi an den 1990er Jore gëtt weiderhi vun ëmmer deene selwechte Kreesser versicht, déi aktuell Recherchen zum Reservepolizeibatailloun ze delegitimiséieren.

Geneesou feelt an den Narrativer vu Krichsanniversairen a Krichsausstellungen d'Bedeelegung un anere Verbriechen. Datt Lëtzebuerger net nëmmen am Reservepolizeibatailloun mee och als Zwangsrekrutéiert sech u Juddemorde bedeelegt hunn an der Wehrmacht, eng Wehrmacht déi net e propperen, mee e Vernichtungskrich am Oste geféiert huet, dat ass schonn zanter méi wéi 75 Joer bekannt. 1943 léisst de Resistenzler Dr. Schwachtgen, ënner sengem Decknumm "Jean l'Aveugle", der Lëtzebuerger Exilregierung e Bericht zoukommen, wou hie beschreift wéi Lëtzebuerger an der Géigend vu Brest-Litowsk u Massenexekutioune vu Judden duerch e Wehrmachtsregiment deelgeholl hunn.

Ech hunn dat ervirgehuewen am Dezember 2002 a menger Ried zur Aweiung vun der Ausstellung "Verbrechen der Wehrmacht. Dimensionen des Vernichtungskrieges 1941-1944", vum Hamburger Institut für Sozialforschung, déi zu Lëtzebuerg gewise gouf, net an engem Musée, mee am Centre national de formation professionnelle continue zu Esch. Op Initiativ net vun der Lëtzebuerger Regierung oder enger memorieller Vereenegung, mee vun der kultureller Associatioun Spektrum 87 vum verstuerwene LSAP-Deputéierte Marc Zanussi. Doropshi gouf ech no enger Table ronde op RTL zum selwechte Sujet geneesou wéi d'Historikerkolleege Lucien Blau a Marie-Paule Jungblut, a wéi virun eis de Journalist Paul Cerf, perséinlech menacéiert, ënner anerem am Bulletin vun den Zwangsrekrutéierten, Les Sacrifiés (Nr. 1, Februar 2003, S. 7). Mat "grobem Geschütz" misst een eis, dëser "Meute von Professoren & Journalisten", an d'Wuert falen.

Ënnerschiddlech Trajectoiren

Haut, bal 20 Joer dono, kréie mer ëmmer nach an de Commemoratiounen an Ausstellunge vun den Dausenden Zwangsrekrutéierten als eenheetlechem Block vun Affer erzielt. Dobäi ass et net d'Eenheet, mee d'Diversitéit, déi hir Trajectoirë wärend dem Krich kennzeechent: déi eng un der Ostfront, déi aner un der Westfront, oder souwuel am Oste wéi am Westen (eng Rei hu souguer zum Schluss op däitscher Säit an der Ardennenoffensiv gekämpft) nach anerer an Nordafrika. Déi eng sinn an d'Wehrmacht gaangen, anerer hu refuséiert ze goen an hu sech respektiv goufe verstoppt, anerer hunn no engem Fronturlaub desertéiert, an eng Rei Refraktären hunn de Wee an d'aktiv Resistenz fonnt.

Anert Beispill: Mir kënnen och nach Joerzéngte weiderfueren ze deklaréiere Regierung a Grande-Duchesse wieren 1940 an den Exil gaange fir sech den Alliéierten unzeschléissen. Mee dat bleift trotzdeem falsch. Vu Mee bis August 1940 decidéiere Regierung a Grande-Duchesse virun allem sech net ze entscheeden (ausser ze protestéiere géint den Amarsch an d'Land ze verloosse resp. no der franséischer Defaite weider no Portugal ze flüchten). Zu Lëtzebuerg kritt eng Verwaltungskommissioun ënner dem Virsätz vum Albert Wehrer Vollmuechte vun der Chamber an dem Staatsrot fir mam Okkupant ze kollaboréieren. An op Initiativ vum President vun der Chamber a fréiere Staatsminister Emile Reuter riichte Chamber a Verwaltungskommissioun Ufank Juli en Appell un d'Grande-Duchesse erëmzekommen. De Staatsminister Dupong an d'Grande-Duchesse tendéieren éischter fir de Retour, Bech, Krier a Bodson sinn éischter dogéint.

D'Lëtzebuerger Elitte fuerdere loyaalt Verhale par rapport zur däitscher Zivilverwaltung

Zu Lëtzebuerg sichen d'de facto-Regierung ronderëm den Albert Wehrer, d'Chamber an de Staatsrot eng Kollaboratioun à la Vichy, wéi d'Petitioun un den Hitler vum 1. August 1940 weist. Si gouf ënnerschriwwe vun engem Minister, alle Membere vun der Verwaltungskommissioun, 41 Deputéierten, néng Staatsréit, bal all den Affekoten a Riichter, vun 150 Paschtéier a weidere Perséinlechkeeten aus dem kulturellen a wirtschaftleche Liewen. D'Petitioun freet d'Bäibehale vun engem staatlechen Eegeliewe vu Lëtzebuerg am Kader vun der neier däitscher Uerdnung vun Europa. Déi selwecht Lëtzebuerger Elitte fuerderen 1940 all d'Staatsbeamten op, sech loyal zur neier däitscher Zivilverwaltung vum Gauleiter Gustav Simon ze verhalen an an d'Volksdeutsche Bewegung anzetrieden.

Mee d'schlecht Beispill dat d'Elitten 1940 ginn, an der Hoffnung op e Vichy-Regime à la luxembourgeoise, ass weiderhi keen Theema an den Ausstellungen a Commemoratiounen zu 75 Joer Krich a Liberatioun. 1940 gouf et just den Iwwerfall vun der Wehrmacht, d'groussherzoglech Famill an d'Regierung, déi an den Exil goungen an d'Protester an der Bevëlkerung géint d'Zivilverwaltung an hir Germaniséierungspolitik.

Jonker déi sech déi Ausstellungen ukucken an op Commemoratiounen ageluede ginn, solle sech net déi kritesch Fro stelle firwat zu Lëtzebuerg nom Krich 5.006 Persoune wéinst Kollaboratioun verurteelt goufen, dovunner 1.332 Persounen zu Strofen iwwer dräi Joer. An der grousser Majoritéit handelt et sech dobäi ëm Lëtzebuerger an net ëm asozial hallef Däitscher, wéi mer ëmmer erzielt kruten. Vun all de vun Nazidäitschland besate Länner weist Lëtzebuerg den héchsten Taux vu Prisongsstrofe wéinst Kollaboratioun op. An e groussen Deel vun de schätzungsweis 10.000 Kollaborateuren, déi just virun der Befreiung no Däitschland geflücht sinn, koumen net viru Geriicht a sinn also hei net matgezielt. Wärend déi geriichtlech Epuratioun zu Lëtzebuerg streng war, war déi administrativ Epuratioun souwuel beim Staat wéi der Wirtschaft méi gnädeg. Wéi an de Länner ronderëm hu Staat a Wirtschaft misse weider funktionéieren oder nees funktiounsfäeg gemaach ginn. Rekonstruktioun a Restauratioun stoungen op der Dagesuerdnung. D'Aarbechte vu Cerf, Dostert, Wehenkel, Artuso asw. hu gewisen, datt den Nazi-Herrschaftsapparat ouni déi Kollaboratioun zu Lëtzebuerg net hätt kënne funktionéieren. Mee eis Schoulklasse gi weiderhin duerch Ausstellunge geféiert, wou d'Theema vun der Kollaboratioun unter ferner liefen behandelt gëtt an ënnergeet am zentralen Discours iwwer Lëtzebuerger Affer an Helden an däitsch Missetäter.

A menger Ried vun 2002 hat ech e Lëtzebuerger Resistenzler zitéiert, deen an engem Interview an den 1980er Jore sot: "Well wann eppes ka verhënneren, datt dat doten erëmkënnt, dann nëmmen eng exakt Beschreiwung vun deem, wat do war." Wéi d'Ausstellungen an d'Commemoratiounen zu de 75 Jore Krich vun de leschte Jore weisen, si mer hei am Land ëmmer nach wäit ewech dovun, dësen demokrateschen Optrag ze erfëllen.