Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fell Runner - Come Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Welt ouni Grenzen?

Prisma

Eng Welt ouni Grenzen?

Kann ee sech eng Welt ouni Grenze virstellen? Oder handelt et sech hei just ëm eng utopesch Virstellung, déi net an d'Realitéit ëmsetzbar ass? Nieft der Politik, déi sech jo bekannterweis meeschtens mat geographeschen a geopolitesche Grenze beschäftegt, gesäit de Philosoph doriwwer eraus eng Jett aner Grenzen, mat deene mir an eisem Liewe konfrontéiert ginn. Sinn dës Grenzen imminent wichteg fir eis, oder wier et net vläicht besser, all Form vu Begrenzungen ofzeschafen? Wéi also ëmgoe mam Thema vun de Grenzen? E puer Iwwerleeunge vum Joel Holtzem.

auto_stories

6 min

"Wéini erreeche mir endlech d'Grenz?", dat war déi Fro, déi ech mir viru gutt 15 Joer gestallt hunn, wéi ech mat engem bosnesche Kommiliton vu menger deemoleger Uni an Däitschland bis op Sarajewo gefuer sinn. An dat während engem extrem waarmen August mat engem klengen Auto ouni Klimaanlag. "Wéini erreeche mir endlech d'Grenz?", dat war och de Gedanken, dee mäi Kolleeg deemools als jonke Bouf hat, wou hien an den 90er Jore mat senger Famill virum Bombardement an der Belagerung vu Sarajewo huet misse fortlafen.

Thema vun dësem Prisma, et läit op der Hand, sinn also Grenzen. Wat si Grenzen? Wat ass hir Funktioun? Kann de Mënsch ouni Grenzen iwwerhaapt liewen oder missten hautdesdaags net all Forme vu Grenzen opgehuewe ginn? Dëse Froe wëlle mir haut e bëssen op den Zant fillen.

Fir unzefänken, mengen ech, ass et interessant dorops hinzeweisen, datt mir an eisem Liewen iwwerall an ëmmer mat all Zorte vu Grenze konfrontéiert sinn. Nieft de méi offensichtleche geographeschen a geopolitesche Grenzen tëschent Natiounen, Ethnien a Kulturen, hu mir et och an allen aneren eis bekannte Sphären, sief et der Pädagogik, der Soziologie, der Ethik, asw. ëmmer erëm mat Grenzen ze dinn: Engem Kand musse Grenze gesat ginn - gëtt ëmmer erëm gesot - fir datt et sech uerdentlech an d'Gesellschaft integréiere kann; oder hei stéisst meng Toleranz op seng Grenzen, nämlech dann, wann ech mat engem Verhale konfrontéiert ginn, dat mech brüskéiert; oder och nach d'Grenze vum gudde Goût an der Konscht, oder Grenze vun der Mortalitéit, also dat grot Feld, dat sech iergendwou tëschent engem moralesch Akzeptéierten an amoralesch Refuséiertem positionéiert.

Grenze sinn eng Noutwendegkeet

Dës allgemeng Beispiller deite schonn dorops hin, an dëst soll och déi éischt Thees vun haut sinn, datt Grenzen eng existenziell mënschlech Noutwendegkeet duerstellen, fir datt mir eis an der Welt erëmfannen an uerdentlech beweege kënnen: D'Welt ass nëmmen duerch Grenzen erfuerbar, a wann et ex negativo keng Grenze sollt ginn, da géif et och keng Welt ginn.

Erkenntnistheoretesch kënne mir eis dës Thees folgendermoosse virstellen: All Begrëff, dee mir wiele fir eppes ze bezeechnen, bezitt sech net nëmmen op dat Bezeechent selwer, also mam de Saussure geschwat, op de "signifié", mee e grenzt dëst Bezeechent, dëse "signifié" och ëmmer vun aneren Objete ganz selbstverständlech of. Als Beispill weess ech just, wat en Apel ass, wann ech dësen Apel ofgrenze kann z. B. vun enger Bier. Oder erkenntnistheoretesch geschwat, nëmme wann ech weess, wat eng Bier ass, also wat net en Apel ass, da weess ech eréischt, wat en Apel effektiv ass. D'Welt an alles, wat an dëser Welt ass, erkenne mir deemno just duerch eis philosophesch an allgemeng Praxis vum Definéieren, also dem Setze vu Grenzen. Am laténgesche Wuert "finitio", vun deem sech de Begrëff "Definitioun" ofleet, stécht jo och dat Wuert "finis" dran, wat näischt anescht bedeit wéi Grenz.

Mee et ass net nëmmen eis Welt, déi mir duerch d'Setze vu Grenzen an d'Ofgrenze vun Anerem erkennen, mee och mir selwer als Individuen erkennen eis ëmmer nëmme via en Ofgrenze vun eppes oder engem Aneren. Den däitsche Philosoph Paul Konrad Liessmann schwätzt an dësem Kontext vu sougenannte "Wir-Identitäten". Dat ass eng Iddi, déi op de Paul Bourdieu zeréckgeet, wou nämlech behaapt gëtt, datt mir als Individuen eis mat e puer anere Leit zesummen dinn, an eist Handelen an Denken un engem präzis konventionéierten ästheteschen, kulturellen a politeschen Habitus ausriichten. An andeems mir dat maachen, ënnerhuele mir eng ganz bewosst Ofgrenzung zu allen Aneren, déi eisen Habitus ebe grad net verkierperen. An dësen Habitus markéiert da quasi och d'Grenz, déi et eis erlaabt, eis als dat ze definéieren, wat mir da mengen ze sinn.

Si Grenzen onverännerbar?

Grenzen also, esouwäit d'Conclusioun, als eng souwuel erkenntnistheoretesch an awer och anthropologesch Noutwendegkeet vun eiser Existenz. Eng zweet Fro, déi sech hei elo uschléisst a fir eis weider Reflexioun imminent wichteg ass, ass d'Fro, op bei aller existenzieller Noutwendegkeet vu Grenzzéiungen, dës Grenzen och ëmmer richteg sinn. Mat richteg ass elo hei gemengt, ob si och ëmmer eng onverännerbar Realitéit duerstellen, déi souzesoen onhannerfrobar wouer an net unzefechten ass. Iwwer dëse Punkt streide sech d'Philosophen nach bis haut.

Déi radikaalste Positioun zu dësem Thema gëtt vun de sougenannte Postmodernisten an d'Feld geféiert. Fir si liewe mir an enger Welt ouni Grenzen, oder méi genee: an enger Welt, déi all Zort vu Grenz - sief se symbolescher, sozialer, ethescher oder politescher Natur - konsequent ofgeschaaft, an ee méiglecht Festhalen u Grenzen a Begrenzungen ad absurdum geféiert huet. Déi nei Technologien a Medien, d'Globaliséierung vu Wirtschaft, Transport, Wëssen, Informatioun an Entertainment, d'Pluraliséierung a Fragmentariséierung vu Wäertkonstellatiounen an Orientéierungsparadigmen hunn dozou geféiert, datt sech all Zort vu Grenz verflëssegt huet. Déi postmodern Welt ass deemno eng Welt vun der Entgrenzung, wou all Repèrë verschwonne sinn, an de Mënsch net méi als Individuum, mee als Multividuum tëschent simultan oflafende Realitéite ronderëm spréngt. Dëse postmoderne Gedanke vun der Entgrenzung kléngt zumindest an der Theorie ganz interessant, mee als prakteschen Usazpunkt ass e wuel leider voll a ganz onbrauchbar. Ech wéisst nämlech elo net - fir ee konkret Beispill ze nennen - wéi esou ee Philosoph déi dach batter Realitéiten, déi sech beispillsweis op der amerikanesch-mexikanescher Grenz oder den Opfanglager op den europäesche Baussegrenzen ofspillen, kohärent a seng Theorie géif integréieren.

De Risiko d'Welt falsch wouer ze huelen

Grenzen opléisen ass deemno illusoresch an ignoréiert hir existenziell Bedeitung fir eis Mënschen. Mee all Grenz als net ze hannerfroen an éiweg Wourecht ze interpretéieren, ass wahrscheinlech am selwechte Mooss falsch. Een Indiz heifir fanne mir beim Heinrich von Kleist, deen, nodeems hien dem Immanuel Kant seng Erkenntnistheorie falsch gelies hat, an eng déif Liewenskris gefall ass, also déi ominéis "Kant-Krise" vun 1801. An engem Bréif u seng Verlobte benennt hien ee Problem, deen och fir eist Thema haut relevant ass: Wa mir eis virstellen - sou de Kleist -, mir hätten amplaz vun eisen Ae gréng Glieser oder ee grénge Brëll un, ass et eis dann iwwerhaapt nach méiglech, d'Wourecht, also d'Wierklechkeet ze erkennen, d. h. ze definéieren; oder sinn eis Jugementer an domadder Grenzzéiunge reng subjektiver Natur, quasi verfälschten, gréng verfierfte Meenungen ouni objektive Gehalt? A wann dëst sou ass, besteet dann net eng berechtegt Gefor, datt mir am Setze vu Grenzen d'Welt vläicht falsch wouerhuelen?

Wéi also, fir op ee Schluss hei ze kommen, ëmgoe mat dësem komesche Spagat tëschent enger existenzieller Noutwendegkeet vu Grenzen an hirer potentieller Onméiglechkeet, Realitéiten objektiv esou ze schafen, wéi si realistesch och sinn? Eng ganz zaghaft Äntwert gëtt eis an der Philosophiesgeschicht vun de sougenannten Universaliste proposéiert. D'Universalisten, déi sech an der Traditioun vun de lumières aus dem 18. Joerhonnert gesinn, ginn dovun aus, datt et just zwee méi oder manner stabel Krittäre gëtt, ob déi mir eis bei eise Grenzzéiunge beruffe kënnen. Eng Kéier déi reng Logik, déi, wa si der allgemenger Ratio zu Gronn geluecht gëtt, enger objektiver Wourecht zumindest am nooste kennt. An zweetens d'Iwwerzeegung, datt all Mënsch gläich gebuer ass an doduerch gläich u Würd a Rechter ass; eng Iddi déi jo och politesch an eis demokratesch Verfassungen an allgemeng Mënscherechtserklärung agefloss ass.

Op Logik opgebaute Vernunft hëlleft d'Welt esou ze verstoen, wéi se ass

A vläicht sinn et grad des universalistesch Krittäre vun enger op Logik opgebauter Vernunft an der Unerkennung vun der gläicher Würd vun alle Mënsche weltwäit, déi eis als nach déi eenzeg Krittären an Zäite vu gesellschaftlechen a wëssenschaftleche Relativismen, Reaktionismen, Fake News, Pseudowëssenschaften, politeschen Dogmatismen, an anere willkürleche Grenzzéiungsmechanismen et erlaben, Grenzen ze zéien, déi et och wierklech verdéngen nach als souer bezeechent ze ginn: Nämlech als Grenzen, déi et eis erméiglechen, d'Welt esou ze verstoen, wéi se ass, an hirer esou objektiv wéi nëmme méiglecher Form.