Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Calexico - Crystal Frontier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng zweet Vitrinn"

Onlineshopping

"Eng zweet Vitrinn"

D'Internetplattform Lëtzshop ass zanter September d'lescht Joer online. Wierklech bekannt ass de Site bis elo nach net. Dobäi sinn d'Ziler éischter ambitiéis: et geet drëm, de lokale Lëtzebuerger Commerce op den Internet ze kréien - dat heescht also, souwuel kleng Händler wéi och potentiell Clienten dovun ze iwwerzeegen, sech heiheem um Online-Shopping ze bedeelegen. Een éischten Tëschebilan fält positiv aus.

auto_stories

4 min

E puer Klicks, an et ass geschitt, ob nuets oder matzen am Dag. 2017 hu bal dräi Véierels vun de Lëtzebuerger Residente mat Internetuschloss och online akaf, sou de Statec. 2010 waren et nach d'Hallschent.

Online shoppen ass also am Trend, online verkafen awer manner, seet de Jerry Klein, Responsabele vun der Plattform Lëtzshop. Am Schnëtt hätten tëschent siwen an néng Prozent vun de Geschäfter eng Online-Offer, obwuel der vill eng Websäit hunn. "Dat heescht de Client, deen eigentlech interesséiert gewiescht wier, online eppes ze kafen, och lokal, hat déi Méiglechkeet do net an ass dann de facto ëmmer an d'Ausland gaangen. Do hu mir also Nohuelbedarf."

Eng Plattform fir de lokale Commerce

Kann dee Sputt duerch eng Plattform wéi Lëtzshop gefëllt ginn? Am Hierscht d'lescht Joer ass de Projet online gaange mat ronn 100 Händler, déi - an dat ass déi eenzeg d'Konditioun fir matzemaachen - zu Lëtzebuerg niddergelooss sinn. Lëtzshop ass, wéi et am Fachjargon heescht, eng Marketplace, eng Plattform fir Keefer a Verkeefer, déi vun engem Drëtte geréiert gëtt. Am Fall vu Lëtzshop ass dat ee Groupement d'intérêt économique, deen zu 98 Prozent aus ëffentlecher Hand finanzéiert gëtt.

A sengen éischte Méint konnt Lëtzshop eppes méi wéi 80 nei Commerçanten dobäi gewannen. Dat ass ee Succès, seet de Jerry Klein, an et hätt ee vum éischten Dag u Venten op der Plattform generéiert. Fir hien ass dat en Zeechen, datt een op der richteger Pist wier.

Nei Opportunitéite fir d'Geschäfter

D'Zil vum Projet, deen ënner anerem vum Wirtschaftsministère matfinanzéiert gëtt, ass kloer: nämlech net fir mat de Groussen aus dem Internet mat wëllen ze halen. Gläichzäiteg seet de Jerry Klein awer och, virun allem senge Skeptiker, datt een d'Feld net systematesch de groussen internationale Plattformen dierft iwwerloossen, soss géif nämlech just do kaf ginn.

Dee Saz ass bei der Josée Letsch op oppen Ouere gestouss, och well si no neien Opportunitéite gesicht huet. Si ass Gerante vum Téibuttek Teegeschwendner an der Stater Ënneschtgaass a gesäit zanter Joren, datt d'Lafclientèle no an no verschwënnt. Bei ville Geschäfter am Stadzenter géif d'Zuel vun de Clienten ofhuelen, an dat wier schonn zanter Joren esou. Dofir géif een dann op eng Geleeënheet sprange fir sech eng zweet Vitrinn ze schafen, seet si.

Nei Cliente gewannen

Schonn no e puer Méint seet d'Josée Letsch, Lëtzshop wier ee Kaddo. Net nëmme kafe Clienten, déi soss an de Buttek komm sinn, och elo reegelméisseg online, mee dat Ganzt fonctionnéiert och ëmgedréit: Clienten, déi de Buttek net kannt hunn, entdecken en online a komme physesch laanscht.

500 Euro d'Joer kascht et Butteker, wéi dee vum Josée Letsch, fir bei Lëtzshop matzemaachen. D'Gerante vum Téibuttek ass iwwerzeegt, datt den Invest sech lount, anescht wéi dee fir den Internet-Site, dee si virdru fir hire Buttek bedriwwen huet: "Dat kascht onwahrscheinlech Sue fir bei Google ëmmer virbäi ze sinn. Dat si Fraisen, do musst der vill Téi verkafen a verschécken dofir".

Eng Mentalitéitsfro

De Jerry Klein verstoppt net, datt net all Händler, op deen hien zougeet, direkt sou positiv reagéiert wéi d'Josée Letsch. Hie seet och, et dierft een d'Erwaardungen, op d'mannst ufangs, net ze héich schrauwen. Et géif nämlech net bedeiten, datt een automatesch den Dag drop 50 Päck kéint verschécken. "Dat ass eppes, wat net wäert passéieren. Mir mussen och dozou bäidroen, datt et eng Evolutioun gëtt an der Bevëlkerung fir Lëtzshop als Alternativ och ze erkennen."

An do ass de Jerry Klein optimistesch: hie gesäit ee Mentalitéitswiessel kommen. Ewech vum onperséinleche Shopping op grousse Plattformen, zeréck bei de klenge Commerçant, bei deem een och direkt ka reklaméieren, wann et mat der Transaktioun net geklappt huet. De Präis wier do net ëmmer d'Haaptargument, och wann eng Partie vun de Clienten dono géif kucken. "Mee et gëtt och eng grouss Partie vun der Bevëlkerung, déi um lokale Commerce interesséiert ass an einfach just op eng Méiglechkeet waart, fir de lokale Commerce kënnen ze ënnerstëtzen, eben och an deenen Zäiten, wou si Zäit hu fir anzekafen an awer ganz dacks doheem."