Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lëtzebuerger Literatur am Ausland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enn vun der Neutralitéit

Zäithistoriker

Enn vun der Neutralitéit

Dëst Joer gëtt d'Gebuertsdag vun engem Evenement gefeiert, dat de Laf vun der Lëtzebuerger Geschicht transforméiert huet. Viru 70 Joer huet Lëtzebuerg den Nord-Atlantik Traité ënnerschriwwen an ass Member vun der NATO ginn.

auto_stories

5 min

De 4. Abrëll 1949 huet Lëtzebuerg zu Washington den Nord-Atlantik Pakt ënnerschriwwen an ass der Organisatioun bäigetrueden, déi deen Dag gegrënnt gouf: d'NATO. D'Integratioun vum Land an enger militärescher Allianz kann net ënnerschätzt ginn. Et war en historesche Big-Bang, en déiwen, kompletten, radikale Paradigmewiessel. D'Neutralitéit war dem Grand-Duché net nëmmen traditionell, mee konsubstanziell gewiescht. D'Entmilitariséierung vu sengem Territoire hat seng Entwécklung zum Nationalstaat iwwerhaapt erlaabt.

Friddlecht Opbléie vum Nationalstaat

An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert haten d'europäesch Muechten, un éischter Plaz Frankräich a Preisen, decidéiert d'Lëtzebuerger Fro endlech ze reegelen. Joerhonnertelaang hate si sech fir de Besëtz vun dëser strategescher Positioun bekämpft. Déi bescht Léisung war, datt guer kee se géif kréien, gouf deemools entscheet. Am Londoner Vertrag vun 1867 gouf d'Souveränitéit vum Grand-Duché garantéiert. Dowéinst gouf d'Festung awer geschleeft.

De Status vun entmilitariséierter Neutralitéit huet dem Land erlaabt sech politesch, ekonomesch a kulturell ze entfalen. Am Joer 1881 gouf esouguer de Miliz-System ofgeschaaft an eng militäresch Eenheet gegrënnt, déi just nach aus Fräiwëlleger bestanen huet. D'Lëtzebuerger hunn d'Avantagë vun enger pazifescher Existenz net just genoss, si hu lues a lues ugefaangen d'Neutralitéit wéi en essentielle Bestanddeel vun hirer Identitéit ze betruechten.

Kuckt emol d'Nationalgeschicht, wéi se vum Enn vum 19. Joerhonnert a bis nom Zweete Weltkrich geschriwwe gouf. Zwou Episode spillen do eng kruzial Roll. Déi eng spillt sech am Ufank, déi aner um Schluss vun enger Erzielung, déi wéi déi vun der Formatioun vum Nationalgeescht presentéiert gouf.

Verënnerlechung vun der Neutralitéit

Dat éischt Evenement ass de Klëppelkrich, während deem sech buedemstänneg Bauere géint dat gottlost Frankräich erhuewen hate fir hir Traditiounen an hire Glawen ze verdeedegen. Trotz hirer Nidderlag hate si et fäerdeg bruecht d'Existenz vun engem Lëtzebuerger Partikularismus ze beweisen, an deem schonn eng national Identitéit ze erkenne war.

Dat zweet Evenement ass de Streik, zu deem Enn August 1942 opgeruff gi war, zwee Joer nom Ufank vun der Besetzung duerch d'Nationalsozialisten. Deemools hunn d'Lëtzebuerger hiren unanimme Resistenzgeescht bewisen a fir dat wichtegst gekämpft, wat se haten: hir Heemecht an hir Kanner. Hir Vergaangenheet an hir Zukunft.

Wat bei der Betruechtung vun den zwou Erzielungen opfält, ass datt se e gemeinsamen Ausléiser hunn: d'Revolt géint den, duerch eng friem Muecht imposéierten, obligatoresche Militärdéngscht. Wat war do virrangeg, de Refus vun der Friemherrschaft oder d'Expressioun vun engem typesch lëtzebuergeschen Antimilitarismus?

Dat ass am Fong egal. Wat do wichteg ass, ass datt Generatioune vu Lëtzebuerger d'Iddi verënnerlecht hunn, datt si sech selwer, an de Rescht vun der Welt, keemools besser vun hirer Existenz als Vollek iwwerzeegt hunn, wéi wou si sech géint d'Militärflicht erhuewen hunn. Et ass komplizéiert ze soen, op den Antimilitarismus de Laf vun der Geschicht gepräägt huet oder eréischt am Laf vun der Geschicht erstanen ass. Et kann een awer feststellen, datt d'Arméi fir vill Lëtzebuerger eppes Widderleches war.

D'Enn vun der Onschold

An trotzdem huet de Grand-Duché am November 1944 de Militärdéngscht erëm ageféiert an huet fënnef Joer dono zu de Grënner vun der NATO gehéiert. Dat war d'Conclusioun vun enger aussepolitescher Entwécklung, déi mat der Flucht vun der Regierung den 10. Mee 1944 ugefaangen hat.

Während dem Zweete Weltkrich hat sech d'Exilregierung, ouni Ambiguitéit, op der Säit vun den Alliéierten, géint Nazi-Däitschland engagéiert. 1944 huet se decidéiert, datt dat befreit Lëtzebuerg un de Kämpf sollt deelhuelen. Dat huet dem Land erlaabt 1945 zu de Gewënner ze zielen an zwee Besatzungssecteuren an Däitschland ze kréien.

D'Schafung vun der neier Arméi gouf am Kontext vun der Befreiung eenegermoosse gutt acceptéiert. Dat huet sech geännert, wéi déi éischt jonk Männer agezu goufen. Déi hunn nämlech zu de Joresklassen 1925 a 1926 gehéiert a waren 1943 vun den Däitsche zwangsrekrutéiert ginn. D'Iddi nach e weidert Joer an enger Uniform ze verbëtzen huet si net besonnesch begeeschtert an hir Famillen och net. A schonn hat d'Stëmmung sech definitiv géint d'Arméi gekéiert.

Verdeedegung vum Abendland

D'Land hätt zu senger Neutralitéit zeréckkomme kënnen. Et koum awer anescht. Fir d'éischt well de Grand-Duché, wéi seng Noperen, en eventuellen, militäresche Come-Back vun Däitschland gefaart huet. D'progressiv Deelung vun Europa tëschent West an Ost, Kapitalismus a Kommunismus, amerikanesch a sowjetesch Aflosszonen, kuerz: den Ufank vum Kale Krich, huet dem Land, wéi bal all Natioun um Kontinent, imposéiert kloer Stellung ze bezéien.

A Westeuropa huet, op Impuls vun den USA, e Prozess vun Zesummenaarbecht a vu progressiver Integratioun ugefaangen, zu deem Lëtzebuerg iwwerproportional contribuéiert huet. 1948 hunn d'Benelux-Staaten, Frankräich a Groussbritannien de Bréisseler Pakt ënnerschriwwen. Ee Joer dono hunn déi selwecht Länner, plus d'USA a Kanada, mee och Dänemark, Island, Italien a Portugal, zu Washington dann eben och d'Organisatioun vum Nord-Atlantik Pakt gegrënnt.

D'Integratioun an der westlecher Allianz gouf vun alle Parteien akzeptéiert - mat Ausnam vun de Kommunisten, déi dësem, géint d'Sowjetunioun geriichte Schratt natierlech net zoustëmme konnten. Déi Quasi-Unanimitéit huet all Polemik géint d'Arméi an d'Militärflicht gestoppt ... eng Zäit laang op jiddwer Fall.

Streit ëm d'Arméi

Kuerz dono gouf da schonn doriwwer gestridden, wéi déi aktiv Lëtzebuerger Participatioun un der Verdeedegung vum Abendland sollt ausgesinn. 1954 ass dann de GTR entstanen - de Groupement tactique régimentaire. De Plang vun der CSV-LSAP Koalitioun, deen zu senger Grënnung geféiert hat, huet virgesinn, datt Lëtzebuerg zu Krichszäiten 10.400 Zaldote géif opstellen.

Den Eugène Schaus, wichtege Leader vun der DP, huet ganz séier de GTR als militäresch absurd a finanziell desastréist Monstrum denoncéiert. D'Eenheet huet tatsächlech, wou se entstanen ass, bal zéng Prozent vum Staatsbudget verschlongen. 1959 gouf de Schaus Arméiminister. De GTR gouf duerch en Artillerie-Batailloun ersat, mat 450 Fräiwëlleger, déi an der aachter amerikanescher Infanterie-Divisioun integréiert goufen.

D'Professionaliséierung vun der NATO-Kontributioun huet schonn d'Ofschafung vun der Militärflicht prefiguréiert, déi schlussendlech am Juni 1967 vun der Chamber imposéiert gouf. Zanterhier huet Lëtzebuerg en Equiliber an der NATO fonnt. Zwar voll integréiert, mee ouni militäresch Ostentatioun. Virun e puer Joren huet den Ausseministère erëm déi gesond Distanz vun der Lëtzebuerger Gesellschaft zu bewaffenten Organisatioune bewisen, andeems se den Original vum NATO-Vertrag geschreddert huet.