Radioen

On air

De Moien  |  Ainhoa Achutegui

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esch gréng Stad

Zäithistoriker

Esch gréng Stad

Viru bal 100 Joer huet dee bekannten däitschen Urbanist Josef Stübben e Staderweiderungsplang fir Esch-Uelzecht entwéckelt an den Challenge opgeholl aus dëser Industriestad eng gréng Stad ze maachen. Säi Plang huet net nëmmen d'Urbaniséierung vun Esch zanterhier geprägt, mee ass an Zäite vu Klimakris nees brandaktuell. Eng Chronik vum Zäithistoriker Denis Scuto.

auto_stories

6 min

Esch-Uelzecht virun honnert Joer: Mam Bau vun der gigantescher Adolf-Emil-Hütte (1909-1912) duerch d'Gelsenkirchener Bergwerks-AG war d'Stad vun dräi Schmelzen ëmkreest, am Süden d'Brasseurschmelz, Terre Rouge zanter 1919, am Osten d'Metzeschmelz, ARBED Esch zanter 1912, an am Westen d'Adolf-Emil-Hütte, Belval zanter 1919, souwéi duerch Minièren am Süden.

Esch huet 1924 riskéiert ënner dem Impakt vun der Industrie ze erstécken: déi dräi Schmelzen an hir Annexen hunn eng Fläch vun 260 ha besat, duebel souvill wéi de Rescht vun der Stad (125 ha).

Déi éischt Gemengewale mam allgemenge Walrecht fir Männer a Fraen am Oktober 1920 hunn zu enger bal kompletter Erneierung vun der lokaler Elite gefouert, zu Gonschte vun der sozialistescher Partei an der Rietspartei. De sozialisteschen Eisebunner Victor Wilhelm (1886-1967) war vun 1920 bis 1934 Deputéierten a Buergermeeschter vun Esch, vun 1924 an enger Koalitioun mat der Rietspartei. De Programm vun dëser neier Elite ass e soziale Programm. D'Stad gëtt nieft de Stolgesellschaften an der Société Nationale des Habitations Bon Marché en zentralen Acteur am Wunnengsbau, mee och an de medezineschen Infrastrukture mam neie Spidol an der Educatioun (nei Primärschoulen a Lycéeën).

Engersäits wëllen d'Gemengeresponsabel d'urbanistesch Entwécklung vun enger dynamescher Industriestad kontrolléieren, a sech an engems ëm d'Liewensqualitéit vun hirer Populatioun këmmeren.

Op där anerer Säit huet d'Stad, déi ganz ëmgi vun Industrie war, déi d'Loft verschmotzt huet, eng Stad déi och nach hiren "Escher Bösch" verluer huet, duerch de Bau vun der Adolf-Emil-Hütte, sech missen d'Moyene ginn, fir e bësse frësch Loft ze kréien. Oder wéi d'Beamte vum Service des bâtiments et 1924 virum Gemengerot ausgedréckt hunn: "Bei einer eventuellen Erweiterung des Stadtgebietes soll den Grünanlagen ein besonderes Interesse zugewandt werden, denn die Frei- und Grünflächen können als die 'Lungen' einer modernen Stadt bezeichnet werden."

Josef Stübben, seng Philosophie, säi Plang

Dofir hunn d'Gemengepäpp de bekannten däitschen Urbanist Josef Stübben (1845-1936), fréiere Stadtbaumeister vun Oochen a Köln, ugestallt e Staderweiderungsplang auszeschaffen, fir eng Fläch fënnef Mol sou grouss wéi déi deemoleg Stad. Dëse Stadtplaner war schonn zu Lëtzebuerg bekannt, well hien am Ufank vum 20. Joerhonnert d'Pläng fir d'Urbanisatioun vum Plateau Bourbon a vum Lampertsbierg an der Stad entwéckelt huet.

De Stübben plangt eng Ausdeenung vun der Stad no Norden ëm 290 ha fir eng Populatioun vu 36.000 Awunner, déi bei déi 27.000 Awunner vun 1924 dobäikënnt. Laangfristeg also eng Agglomeratioun vu méi wéi 60.000 Awunner. Am Abrëll 1925 offiziell guttgeheescht huet de Stübben-Plang d'Stadplanung zu Esch-Uelzecht bis an d'1950er Joren an nees vun den 1980er Joren un geleet.

Dem Stübben seng Pläng ware keng abstrakt Visiounen, mee konkret Projeten, déi konnten an d'Praxis ëmgesat ginn. Souwuel als Architekt an als Bauingenieur war de Stübben duerch seng villsäiteg Ausbildung en Expert an alle Beräicher vun der Stadplangung a vum Wunnengsbau.

Inspiréiert vun engleschen artistesche Konzepter aus dem 18. an 19. Joerhonnert, a besonnesch vun de Landschaftsgäert, souwéi vun den urbanisteschen Denker Camillo Sitte (1843-1903) a Karl Henrici (1842-1927), huet de Stübben dat Agreabelt an dat Nëtzlecht, dat Schéin an dat Praktescht verbonnen, andeems e pittoresk Stadpläng entworf huet, baséiert op Diversitéit a Villfalt, lëfteg a gréng Stied.

A sengem Plang proposéiert hien déi grouss Industrieflächen (Schmelzen, Minnen, Schlakentippen, Zementfabrik) mat Gréngflächen, Bamalleen, oppe Wunnengsbléck ze géigeblancéieren, fir eng gréng Stad ze schafen, déi vum Ideal vun englesche Gaardestied inspiréiert ass.

Nei gréng Longe sollen nieft dem Gaalgebierg-Park an de Jousephskierfecht geschafe ginn: 1. D'Iwwerbleibsele vum Clair-Chênes-Bësch solle laanscht d'Belvaler Schmelz vergréissert ginn, fir e klenge Park ze bilden. 2. Eng gréng Achs transforméiert de Raum ronderëm d'Dipbech an en ëffentleche Park, eng Promenade, déi d'Stad vun Osten no Westen duerchzitt: eng "Landschaftsgestaltung von ungewöhnlicher Schönheit" (Zitat Stübben). 3. Géigestéck vum Gaalgebierg gëtt am Norde vun der Stad e Park am Lankhëlzerbësch. Nieft dësen dräi neie Parke plangt Stübben nach aner gréng Inselen: 4. En Netz vu "Parkways" fir Foussgänger a Vëlosfuerer (6 km laang). 5. Vill Spillplazen, Sport- a Versammlungsplazen (Spielwiese, Sportwiese, Volkswiese) solle bannen oder nieft de Logementer sinn. 6. Kleng Parken a Gréngflächen sinn no a ronderëm déi nei öffentlech Plaze geplangt, nieft d'Schoulen, Schlass Berwart, dat neit Spidol. 7. Och den neie Lallenger Kierfecht gëtt als Park amenagéiert.

A sengem Plang setzt Stübben ëffentlech Gebaier - Kierchen, Schoulen, Stadhaus, eng grouss Hal, eng Badanstalt - op privilegiéierten Terrainen a grousse Plazen, an der visueller Achs vun de Stroossen, no bei Gréngflächen. Ëmmer mam Zil variéiert Perspektiven ze kreéieren.

Fir d'Penetratioun vu Liicht, frësch Loft a Sonn ze maximéieren, recommandéiert Stübben Wunnengsgruppen an oppenen oder hallefoppene Blöcke a mat niddreger Densitéit a mat Gäert a Spillplazen.

E brandaktuelle Plang

1924-1925 huet de Josef Stübben duerch säin Staderweiderungsplang Esch no senge Prinzipien nei erfonnt: Gréngflächen, frësch Loft a Liicht. Eng Ausstellung am Bridderhaus (1, rue Léon Metz) zu Esch erlaabt Iech dëse Plang elo bis de 15. September 2022 ze entdecken: Titel vun der Expo: "D'Erfindung vun Esch-Uelzecht: De Josef Stübben an d'Escher Architekten". Nieft dem Stübben-Plang, deen am Original fir d'éischte Kéier ausgestallt gëtt, an enger grousser Loftopnam vun Esch haut, sinn d'Originalzeechnunge vu villen Escher Architekten ze gesinn, déi mat hiren ëffentlech Gebaier, Wunn- a Geschäftshaiser d'Minettemetropol verschéinert hunn.

Am Kader vun der Klimakris an der dréngender Noutwennegkeet dekarboniséiert, gréng Stied ze schafen, ass d'Etude vum Erweiderungsplang, deen de Josef Stübben fir d'Stad Esch-Uelzecht 1924-1925 entworf huet, brandaktuell. 1924 hunn d'Escher Gemengeresponsabelen, mat hirem Choix vun engem un de Gartenstädten inspiréierten Urbanismus, decidéiert sech vum Afloss vun de Stolgesellschaften ze emanzipéieren, déi bis dohin d'Stad Esch dominéiert haten.

Déi nohalteg Entwécklung vun Esch a senger Ëmgéigend erfuerdert haut déi selwecht Emanzipatioun vun de politesche Responsabelen, fir aktuell an zukünfteg Stadplanungsentscheedungen am allgemengen Interessi vun den Escher Bierger a Biergerinnen an net am Interesse vu groussen Immobiliëpromoteuren ze treffen.


Eng Ausstellung vum Bridderhaus, vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) an dem Lëtzebuerger Architektur Musée (L AM). Kuratoren: Alain Linster (L AM), Denis Scuto (C2DH). Texter: Alain Linster, Denis Scuto, Manu Scuto. Artistesch Leedung: Christian Mosar. Montage Ausstellung: Eric Schumacher. Donneschdes bis Sonndes vun 11 bis 18 Auer op.